Moos aplatz Mass: Fënstere sinn fir eis keng Masseprodukter, mee Produiten op Mooss - individuell geplangt, individuell gefäerdegt. Mat effizienter Isolatioun an héichwäerteger Sécherheetstechnik. Ausgewielten Holzarten ewéi Meranti, Lärche oder Eechen suerge fir eng agreabel Wunnatmosphär. An d'Kombinatioun mam Aluminium baussen, suergt fir héchst Witterungsbestännegkeet.
Wéi wuel kaum een anert baulecht Element verbënnt d'Hausdier de Mënsch mat der Architektur. Hei op Standardléisungen ze setzen, géing béidem net gerecht ginn. Aus dësem Grond ginn et eis Hausdieren nëmmen als individuell Eenzelufäerdegungen.
Liicht ass Liewen. A Liewen ass Natur. Verständlech dohier de Wonsch, béides zum Deen vum eegene Wunnraum ze maachen - mat enger generéis verglaaster Fassad: si verbënnt op funktionell Weis d'Natur an d'Architektur. Si schaaft Fräiraum a wandelt - haut ëmsou méi wichteg - an der Heizungsperiod Sonneliicht a Wäermt.
Wien haut u Lëtzebuerg denkt, huet dobäi sécherlech net als éischt d'Bild vun traditionellem Handwierk virun Aen. An dach gëtt et hei ee Familljebetrib deen sech handwierklechem Qualitéitsdenken konsequent verschriwwen huet: OST. Säit fënnef Joerzéngten entstinn zu Gréiwemaacher Produiten, déi héchst ästhetesch a funktionell Ufuerderungen erfëllen. Fir d'éischt waren dat ausschliisslech Fënsteren. Mëttlerweil awer ëmfaast eis Produktgamme och Hausdieren a Glasfassaden. Si all gi mat groussem minutiéisem handwierklechem Kënnen a grad sou grousser Léift zum Detail hirgestallt.