Fenster | Türen | Glasfassaden

Dateschutzhiweis

Härzlech wëllkomm – mir freeën eis iwwert Äre Besuch op eiser Websäit.

OST Fenster S.à r.l. (am Folgenden „OST“ genannt) hëllt de Schutz vun Äre perséinlechen Donneeën immens serieux. D'Protektioun an d'gesetzkonform Sammlen, Veraarbechten a Benotzen vun Äre perséinlechen Doneeën ass fir eis immens wichteg. Perséinlech Donneeën ginn op dëser Internetsäit nëmmen am néidegen Ëmfang erhuewen. Eis Mataarbechter sinn zu Diskretioun, Geheimhaalen, souwéi zum Anhaalen vun den dateschutzrechleche Bestëmmungen verpflicht ginn.

Zweck vun der Dateveraarbechtung an dem Benotzen vu perséinlechen Donneeën

Beim Benotzen vun eiser Internetsäit gidd Dir eventuell ëm d'Uweisung vu perséinlechen Informatiounen gebieden. D'Beäntweren vun dëse Froen ass fräiwëlleg. Är perséinlech Donneeën ginn entspriechend den Dateschutzbestëmmungen gespäichert a verschafft. Déi am Cader vum Benotzen eiser Websäit erhuewe perséinlech Donneeën ginn fir den Zweck vun der Beaarbechtung vun Ärer Ufroo benotzt. Veraarbechtung a Benotzen vun Ären Donneeën zum Zweck vu Berodung, Werbung a Maartfuerschung erfollegt just mat Ärer ausdrécklecher Zoustëmmung. Ären Accord kënnt Dir zu jidder Zäit mat Wierkung op d'Zukunft widderruffen. 

Veraarbechtung vun Ären Donneeën aus de Formulären op dëser Websäit

Perséinlech Donneeën gi nemmen dann erhuewen, wann Dir eis dës vun Iech aus - zum Bespill am Cader vun enger Registréierung (z.B. Kontakt-Formulär, Newsletter etc.) oder bei enger Ufroo iwwer de Kontaktformulär - zur Verfügung stellt.

All d'perséinlech Donneeën déi Dir op eiser Websäit aginn hutt, ginn entspriechend de jeweilegen gëllende Bestëmmungen zum Schutz perséinlecher Donneeën, nëmmen zum Zweck vun Iech beoptragte Servicer an d'Beaarbechten vun Ären Ufroen erhuewen, veraarbecht an benotzt. 

A kengem Fall ginn Är perséinlech Donneeën verkaaf oder aus aanere Grënn un Drëtter weiderginn. D'Weiderginn vu perséinlechen Donnéeën ouni Ären Accord erfollegt nëmmen dann un auskonftsberechtegt staatlech Plazen, wann Dussmann op Grond vu gesetzleche Bestëmmungen verpflicht ass oder per Geriichtsbeschloss verpflicht gëtt.

Automatesch gesammelt Informatiounen, déi keng perséinlech Donneeën sinn

Wann Dir op dëser Websäit sidd, gi vun Zäit zu Zäit automatesch (also net iwwer eng Registréierung) allgemeng Informatioune gesammelt, déi net perséinlech sinn (z.B. benotzten Internet-Browser, Unzuel vu Visiteuren, duerchschnëttlech Openthaltszäit, opgeruffe Säiten). Mir benotzen dës Informatiounen, fir d'Attraktivitéit vun eiser Websäit ze ermëttlen an den Inhalt a d'Funktionalitéit ze verbesseren.

Kontakt-Formulär

Mir offréieren Iech op eiser Säit d'Méiglechkeet, mat eis per E-Mail an/oder iwwer ee Kontakt-Formulär a Verbindung ze trieden. Passéiert dat, ginn déi vum Benotzer gemaachten Uweisung zum Zweck vun der Beaarbechtung vu senger Kontaktopnam gespäichert. Donneeën gi net un Drëtter weiderginn. Een Ofglaich vun de sou gesammelten Donneeën mat Donneeën, déi méiglecherweis duerch aaner Déngschter a Komponenten vun eiser Säit gesammelt gi sinn, erfollegen och net.

Newsletter-Versand

Gären informéiere mir Iech iwwer aktuell Themen per E-Mail. Zu dësem Zweck kënnt Dir Iech fir eisen Newsletter umellen. Dobäi erfaasse mir fir d'Umellungsbestätegung Är IP-Adress, souwéi Är E-Mail Adress fir de Versand. Är Donneeën gi selbstverständlech net un Drëtter weiderginn. Dir kënnt den Newsletter zu jidder Zäit ofbestellen.

Verëffentlechung vun Stellenannoncen / Bewerbung fir Online-Job-Offeren

Är Bewerbungsdonneeën ginn am Fall vun enger Online-Bewerbung zum Zweck vun der Ofwécklung vum Bewerbungsprozess elektronesch vun eis gesammelt a veraarbecht. Erfollegt nom Ofschloss vum Bewerbungsprozess Är Ustellung an eisem Betrib, sou kënnen Är iwwermëttelt Donneeën zum Zweck vum üblechen Organisatiouns- an Administratiounsprozess ënner Beuechtung vun den rechtleche Virschrëften vun eis an Ärer Personalakt gespäichert ginn.

Am Fall vun engem negativen Avis betreffend Ärer Bewerbung ginn déi vun Iech iwwermëttelt Donneeën automatesch 2 Méint nom bekannt ginn vun der negativer Äntwert geläscht. Dëst gëllt net, wann opgrond vu gesetzlecher Fuerderung ee méi laangt Späicheren neideg ass oder wann Dir engem méi laangem Späicheren an eiser Datebank (fir méiglech aaner Job-Offren) ausdrécklech zougestëmmt hudd. 

Benotze vu Google Maps

Dës Websäit benotzt Google Maps zum Duerstellen vu Karten an zum Erstellen vun Zouganspläng. Google Maps gëtt vu Google Inc., 1600 Amphitheatre Parkway, Mountain View, CA 94043, USA (am Folgenden kuerz Google), bedriwwen.

Duerch d'Benotzen vun dëser Websäit erklärt Dir Iech mam Erfaassen, Beaarbechten souwei Benotzen vun automatesch gesammelten Donneeën souwéi déi di Dir aginn hudd, duerch Google, engem vu senge Vertrieder, oder Drëtter fir anverstaanen.

Sécherheet vun de perséinlechen Donneeën 

OST huet all technesch an organisatoresch Viraussetzungen geschaaft, fir Är perséinlech Donneeën virun onerlaabtem Zougrëff an dem net zweckbestëmmte Benotzen ze schützen.

Widderruff a Läschen

D'Läschen vun Äre gespäicherte perséinlechen Donneeën erfollegt, wann Dir Ären Accord zur Späicherung widderrufft, wann d'Kenntnis zur Erfëllung vum Zweck vum Späicheren net méi neideg ass, oder wann d'Späicheren aus gesetzleche Grënn onzoulässeg ass. 

Auskonftsrecht

Schrëftlech Ufroen iwwer gespäichert perséinlech Donneeën kënnt Dir iwwer eise Kontakt-Formulär ënner http://ost-fenster.lu/new/ost/kontakt/ areechen. Alternativ kënnt Dir Auskonft per E-Mail kréien.

E-Mail-Adresse: info(at)ost(.)lu