Fenster | Türen | Glasfassaden

Neies vun OST Fenster

21.06.2017 Projet. zu Stroossen.

Bei dësem Projet handelt et sech ëm de Chantier MOONLIGHT - ee grousst Bürosgebai - zu Stroossen. Maître d'ouvrage ass d'Firma Felix Giorgetti S.à r.l., Architekt vum Projet ass Jim Clemes. Gefroot sinn 612 Holz-Aluminium Fix-Elementer, Modell Actualu Style - Holzart Lärche, 495 m² Pfoste-Riegel-Fassad, a Raffstoren als Sonneschutz. D'Ausféierungsaarbechte fänken am Juli/August 2017 un.

19.06.2017 Neie Projet. um Findel.

Beim Projet handelt et sech ëm de Chantier CASA FERRERO - grousst Bürosgebai - um Findel. Maître d'ouvrage ass d'Firma Felix Giorgetti S.à r.l. an BESIXRED S.A. Architekt vum Projet ass PERRY WEBER ET ASSOCIES S.A. Gefroot sinn 777 Holz-Aluminium Fënsteren, Modell Actualu Style Integral, mat Raffstoren als Sonneschutz an 45 Dieren. D'Ausféierungsaarbechte fänken am September 2017 an daueren bis Juli 2018.

13.04.2017 schéin. Ouschteren

Déi ganz OST Equipe wënscht Iech an Ärer Famill schéin Ouschteren.

07.04.2017 Neies. bei OST.

D'Spezial-Glas PRIVA-LITE vun der Firma Glassolutions Saint-Gobin: 1ee Verbondglas mat Flëssegkristallfilm wat sech mat engem elektresche Schaltvirgang - ewéi ee Liichtschalter - vun enger duerchsiichteger an eng hell matt onduerchsiichteger Scheif verännere léisst.

Méi gewuer ginn

31.03.2017 Wéinst Fortbildung. nomëttes zou.

Den 31. Mäerz hu mir wéinst interner Fortbildung vu mëttes 13.00 bis 18.00 Auer ausnahmsweis zou. Ab Samschdeg, den 1. Abrëll si mir erëm wéi gewinnt fir Iech do.

27.03.2017 den OST camion. an aktioun

Um Chantier Westbay zu Stroossen - Neibau vu 4 Residenzen - ginn ënnert anerem eng Partie grouss Hebe-Schiebe-Elementer aus Holz-Aluminium montéiert. A fir déi all direkt bei déi richteg Ëffnungen ze kréien, ass eise Camion mam Kran am Asaz. Mir hunn dat Ganzt gefilmt a si begeeschtert dovun! An Dir?

Film ab

26.03.2017 porte ouverte. bei ost

Sidd Dir amgaange mat bauen? Oder renovéiert gären Äert Haus a braucht nei Fënsteren an Dieren? Da kommt bei OST! Zanter iwwer 50 Joer produzéiere mir qualitativ héichwäerteg Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium - op Mooss an no Äere Wënsch a Virstellungen. Eis Diere stinn fir Iech op - och Sonndeg, de 26. Mäerz fir eis Porte ouverte vun 10h bis 17h zu Gréiwemaacher. Kommt laanscht an entdeckt eis Produiten a wéi si hirgestallt ginn! Mat engem perséinleche Rondgang duerch eis Produktiounshalen. Mir freeën eis op Iech!

12.03.2017 Grand-Prix OST

Den 12. März ass et nees esou wäit: schonn déi 30ten Editioun vun eiser Course Cycliste - de Grand-Prix OST - zu Bech. Och an dësem Joer gi mir den Optakt vun der Saison 2017. Sidd live mat dobäi! Départ ass um 14.00 Auer. All d'Infoen iwwer d'Course, de Parcours, d'Lëscht vun de Coureuren a villes méi, fannt Dir ënnert www.acccontern.lu oder op eiser Facebooksäit www.facebook.com/OSTFenster.

01.03.2017 Neien. Internetoptrëtt.

Zanter elo knapp 5 Méint ass eis nei Internetsäit online: méi nei, méi modern, méi kompakt - a nach villes méi! Nieft neiem Design ass eis Internetsäit elo och mobil-frëndlech. Egal op mam Tablet, Smartphone oder Computer - besicht eis an iwwerzeegt Iech selwer!

21.12.2016 Artikel. am Paperjam.

Ee ganz interesaanten Artikel iwwer d'Nofolger vun OST am Magazin Paperjam. Liest selwer!

méi gewuer ginn

19.12.2016 Ost wënscht. schéi Chrëschtdeeg.

Déi ganz OST Equipe wënscht Iech an Ärer Famill schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an dat neit Joer 2017! Mir wëllen Iech och drop hiweisen, datt mir folgend Deeg zou hunn:

Samschdeg, de 24.12. bis Méindeg, de 26.12.2016

Samschdeg den 30.12 a Sonndeg, den 01.01.2017.

Ab Méindeg, den 2. Januar 2017 si mir, wéi gewinnt, fir Iech do. Mir soen Iech Merci fir Ärt Versteesdemech.

14.12.2016 Den OST. Camion.

Den OST Camion mat Kran - elo zanter kanpp 4 Méint am Asaz: ee 4-Achser MAN, dee mat bis zu 8.000 kg beluede ka ginn - inklusiv Déiflueder-Unhänger souguer bis zu 16.980 kg. Den Hiab-Kran Typ HIPOR 638 huet eng Reechwäit vun 32 Meter, vertikal souguer bis zu 37 Meter a ka bis zu 10.400 kg hiewen.

01.06.2016 Äddi Helmut. mir soen Merci!

Geschter war de läschten Dag vum Helmut Hoffmann - ee vun eise Konnendéngschtmataarbechter - deen elo seng wuel verdénge Pensioun untrëtt. Bei engem Glas Schampes a mat engem flotte Kado vun der ganzer OST Equipe, hu mir him Äddi gesoot. Bal 20 Joer war hien ee fläissegen a loyale Mataarbechter vun OST. Dovir soen mir him Merci a wënschen him alles Guddes fir d'Zukunft.

 

 

 

03.02.2016 Label "Energie fir d'Zukunft"

Direkt 37 nei "Zertifizéiert Passivhaushandwierker" gouffe mam Label "Energie fir d'Zukunft" am Kader vum 18. a 19. Weiderbildungszyklus ausgezeechent - dovun mam Alexander Ewen och ee Mataarbechter vun OST. Hien huet de 5. Juni 2015 zu Lëtzebuerg de Weiderbildungsprogramm zum Thema "Energiespuerend Bauen a Sanéieren" vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbeecht mat der Energieagence Luxembourg absolvéiert. Nom erfollegräichen Ofschlossexamen ass hien als "Zertifizéierten Passivhaushandwierker" vum Passivhaus Institut souwéi mam Label "Energie dir d'Zukunft" vun der Chambre des Métiers ausgezeechent ginn.

Weider Informatiounen zum Thema Weiderbildung fannt Dir ënnert www.cdm.lu  souwéi ënner www.passivhaus-handwerk.de. 

 

03.02.2016 Eppes aneschters wier net a Fro komm

De Romain Hilger a seng Kanner erzielen, wisou si allen dréi am Betrib sinn a virwat ee Mëttelständsbetrib ewéi OST Fenster méi interessant ass ewéi ee Weltkonzern.

Méi gewuer ginn

22.03.2015 OST Fenster. Är Betribsbesichtegung.

Zanter fënnef Joerzéngte produzéiere mir als lëtzebuergesche Familljebetrib, an eiser eegener Produktioun zu Gréiwemaacher, qualitativ héichwäerteg Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium. Wësst Dir wéi Fënsteren hiergestallt ginn? Fannt et eraus an erlieft et selwer mat engem perséinleche Rondgang duerch eis Produktioun an uschléissendem Apéro. Maacht Dir gären eng Visite mat Ärer Famill oder Veräin? Rufft eis un (+352) 71 90 91-1 oder schreift eis op info(at)ost(.)lu an deelt eis Äre gewënschte Rendez-vous mat.

20.03.2015 Erliefnis: OST a beweegte Biller.

Wat mécht eng Fënster zu enger OST Fënster? Wat ënnerscheet eise Betrib zu aneren? Wéi erliewen ons Clienten eis? Et si Froen, wéi déi, op déi eisen Imagefilm Äntwerte gëtt. Loosst Iech an d'Welt vun OST entféieren – an entdeckt eis an eis Philosophie a beweegte Biller. Film ab: 

Méi gewuer ginn

18.03.2015 Fortschrëtt: ost 2.0

Elo heescht et och bei OST "Join us on Facebook"...

Méi gewuer ginn

 

 

01.02.2015 Den OST Newsletter. Elo abonnéieren.

Als besonnesche Service bidde mir Iech eisen exklusive, gratis Newsletter, den Iech regelméisseg kompakt an informativ iwwer OST an eis Produiten Fënsteren, Dieren a Glasfassaden informéiert.

Méi gewuer ginn