Fenster | Türen | Glasfassaden

MODERNE FAMILLJEBETRIB

Handwierk. 
Made in Luxembourg.

Wa mir op eppes stolz sinn, ass dat eis lëtzebuergesch Origine: säit iwwer 50 Joer produzéiere mir als lëtzebuergesche Familljebetrib Produiten an traditioneller handwierklecher Qualitéit, no individuelle Virgaben vun eise Clienten an ënner Erfëllung héchste Serviceuspréch. Dowéinst sinn mir virun iwwer 20 Joer mam Label "MADE IN LUXEMBOURG" ausgezeechent ginn an dierfen dësen nach haut benotzen.

MEILESTENG

OST.
wéi alles ugefaangen huet.

Ugefaangen huet alles virun iwwer 50 Joer an enger klenger Schräinerei zu Gréiwemaacher mam Marce Weber, dem Grënner vun OST Fenster. Am Joer 1985 huet de Romain Hilger - haitegen Direkter vun OST - am Betrib als Gérant ugefaangen, deemools mat 12 Mataarbechter. Ongeféier 3 Joer méi spéit huet hien zesummen mat senger Fra d'Schräinerei vum Här Weber iwwerholl an OST Fenster S.à r.l. gegrënnt.

MÉI GEWUER GINN

ATELIER

richteg spezialisten.
an de leschte schlëff.

Et ass net nëmmen den Geroch vun Holz, deen an eisem Atelier un d'Schräinerei vu fréier erënnert. Et sinn och d'Leit hei, déi mat groussem handwierklechem Geschéck dës natierlech Matière Première aus hirer onbeaarbechter Form enger neier funktioneller Bestëmmung zouféiert. Fléissbänner ginn et keng - duerfir awer vill kleng eenzel Atelieren déi engem Spezialist zougeuerdent sinn. All Produtiounsstrufen, op Zouschneiden, Huwwelen, Fräsen, Schléifen oder d'Lackéieren ginn extrem minutiéis a mat vill Gedold ausgeféiert - spréchwiertlech bis zum leschte Schlëff.

TRADITIOUN AN INNOVATIOUN

dat gutt bäibehalen.
dat neit integréieren.

D'handwierklech Bekenntnis bedeit awer op kee Fall, dass mir op modern Hirstellungstechnik absolut verzichten. Well eréischt déi modernsten Technologie gëtt eis héchstméiglechst Flexibilitéit bei der Realisatioun vun individuellen Iddien a Wënsch vu Bauhär oder Architekt a suergt fir eng konstant héich Qualitéit. Et ass d'Zesummespill vun handwierklechem Kënnen an innovativer Technik, wat eis Produiten zu besonnesche mécht - siichtbar a spierbar fir vill, vill Joeren.

PLANGEN

virausgesinn. 
a méi wäit goen.

Et wier eis ze mann, just nëmmen gutt Produiten ze liwweren. Dowéinst setze mir deen entscheedenden Schratt fréi un: mat der individueller Berodung - vun der Plang-Phase un. Eist Ziel: d'Virstellungen an d'Ufuerderungen vum Architekt a Bauhär esou ze erfëllen, dass Iddi an Ëmsetzung zu enger perfekter harmonescher Eenheet gëtt. Natierlech mussen dobäi divers Kritären erfëllt ginn. Sou passen mir scho bei der Auswiel vum Material a Komponenten op beschtméiglechst Qualitéit op, setzen energetesch Virgaben ëm a berücksichtegen Schallschutz an Abrochsécherheet.

Kuerz: mir denken zesummen méi wäit - bis zu der passgenauer Montage bei Iech doheem.