Fenster | Türen | Glasfassaden

Hausdieren

dieren vun ost.
no äre wënsch.

Den Usproch, d'Architektur zu engem Spigel vun der Perséinlechkeet ze maachen, fënnt sech fir eis net zulescht an der Gestaltung vun der Hausdier erëm. Bei OST ginn et keng Standardléisungen oder Produktlinnen, mee ausschliisslech handwierklech Eenzelufäerdegungen. Eist Ziel ass et ganz perséinlech, individuell Äntwerten op architektonsch Konzepter oder Virstellungen a Wënsch vum Bauhär ze fannen - op klassesch oder modern.
Wéi och bei eise Fënsteren ass Holz fir eis den éischten Choix, dee mir op Wonsch mat Aluminium kombinéieren. Mir gebrauchen ausschliisslech Holzarten, déi den héijen Ufuerderungen un eng Hausdier entspriechen - fir eis Uspréch un Form a Funktioun op Dauer perfekt ze vereenegen.

Galerie Iwwersiicht

biller.
a beispiller.

An eiser Galerie fannt Dir eng Iwwersiicht mat Beispillprojeten.