Fenster | Türen | Glasfassaden

Siicht- & Sonneschutz

Eise Siicht- a Sonneschutz-Programm ëmfaasst Klapp- oder Schiebelueden, Raffstoren, Rolllueden an Textilscreens. Bei all de Produite kann déi sougenannten Wand- a Sonneniwwerwaachung fir d'automatesch Reguléierung integréiert ginn.

Och hei kucke mir besonnesch op d'Funktioun an d'Qualitéit a schaffen mat kompetente Fachpartner zesummen - ROMA, SOMFY und WAREMA.

01 | ROLLLUEDEN

fir schutz, komfort a wuelbefannen.

Rolllueden kënne ´méi wéi dat üblecht Erop a Rof: Et sinn intelligent, op Wonsch souguer vollautomatiséiert Systemer déi viru Summerhëtzt, Kaméidi, onerwënschten Abléck, Abroch a Wärmeverloscht schützen. Si gestalte Fassaden a bidden effikasse Schutz viru Wierderspréng.

RAFFSTOREN | 02

dagesliicht kontinuéierlech lenken.

Dir wëllt un Äre grousse Fënsterfläschen d'Intensitéit an d'Richtung vum Dagesliicht steieren? Mat Raffstoren schibe mir lästege Blécker ruckzuck eng Lamelle vir. Si kënne Liicht optimal eranlenken souwéi Abléck an d'eege véier Wänn verhënneren.

03 | TEXTILSCREENS

d'spill mat siicht a schied.

Textilscreens suerge fir eng optimal Klimatisatioun vun Äre Raim, ouni dobäi d'Welt dobaussen bléckdicht auszeschléissen. Eng grouss Auswiel u Faarwen bidd vill Gestaltungsméiglechkeeten. All d'Textilscreens ginn aus héichwäertege Materialie gefäerdegt, déi duerch d'Montage och bei staarkem Wand ouni Problem duerhalen.

Referenzen