Fenster | Türen | Glasfassaden

service. eis zousätzlech valeur.

Gutt Produiten elleng ginn eis net duer. Op ee gudde Service leeë mir Wäert: ugefaangen domat bei der individueller Berodung bis hin zum Abau vun all de Fënsteren an Dieren duerch eis qualifizéiert Equipen. Mat der Montage sinn d'Aufgabe fir eis awer nach laang net erfëllt. Eisen exklusive Service Entretien, dee mir eise Clienten op Wonsch gären ubidden, féiert regelméisseg a fachmännesch Kontroll- a Fleegeaarbechten aus. A fir all Interventioun zwëschenduerch hunn mir eisen hauseegene Konnendéngscht.

Hutt Dir Interessi un eise Produiten, Service Entretien a wëllt Dir all d'aktuell News iwwer OST? 

  1. den ost fenster newsletter. elo abonnéieren.

  2. Als besonnesche Service bidde ir Iech eisen exklusiven, gratis Newsletter un, deen Iech regelméisseg kompakt an informativ iwwer OST Fenster an eis Produiten Fënsteren, Dieren a Glasfassaden informéiert.

service entretien.
exklusiv fir OST clienten.

Fir dass Dir d'natierlech Schéinheet vun äre Fënsteren an Dieren onbeschwéiert genéisse kënnt, bidde mir Iech eise Service Entretien un. An regelméissege Ofstänn féiert eise Konnendéngscht eng fachmännesch Beschléi-, Dichtung- an Uewerflächekontroll duerch. An dëser Kontroll ass folgendes mat abegraff: eng fachgerecht Funktiounspréiwung, d' Uelegen an deemno wéi d'Reguléieren vun den Beschléi, d' Iwwerpréiwe vun den Dichtungen an d'Versigelungen souwéi eng allgemeng Uewerflächekontroll mat eventueller liichter Fleeg bzw. Retusch.

Nummer

Service

Pauschale

Gesamt netto

Gesamt brutto

1 Hausdier separat

38,41 €

18,00 €

56,41 €

66,00 €

1-5 Fënsteren

38,41 €

18,00 €

56,41 €

66,00 €

6-10 Fënsteren

54,65 €

18,00 €

72,65 €

85,00 €

11-15 Fënsteren

66,62 €

18,00 €

84,62 €

99,00 €

16-25 Fënsteren

76,87 €

18,00 €

94,87 €

111,00 €

26-35 Fënsteren

93,11 €

18,00 €

111,11 €

130,00 € 


  • Méi wéi 35 Fënsteren op Ufro
  • Eischte Rendezvous aus dem Kontrakt muss spéitstens 1 Joer nom gratis Service Entretien erfollegen
  • Soll ausser Fënsteren och eng Hausdier kontrolléiert ginn, zielt déi ewéi zwou zousätzlech Fënsteren
  • Präisser gëllen ab 2015
  1. Service Entretien

  2. Jo, ech wëll, dass OSt Fenster an Zukunft meng Fënsteren all Joer kontrolléiert!
  3. Är perséinlech Donneeën

  4. Dateschutz

    Mir versécheren Iech, dass mir Är Adressdaten nëmme fir den Zweck vun eiser Informatiounsiwwermëttlung notzen. Mir ginn Är Donnéeën net un Drëtt weider.