Skip to content Skip to sidebar Skip to footer

Holzfënsteren

Holzfënsteren

HARMONIE

Holzfënster mat Alu-Reeschinn

Sou gesäit eng modern Holzfënster aus: kloer Linnen, perfekt Veraarbechtung, modern Technik an eng héichwäerteg Uewerfläch. Aus Eechen, Meranti, Red Grandis oder Lärche an enger vun ville Standardfaarwen, verschidde Wäiss-, Gro-, Blo-, Gréng-, oder Routtéin oder an all Faarf, déi Dir Iech wënscht.

ISOWOOD

Holzfënster mat 92er-Technologie

Déi héich wärmeisoléierend Holzfënster mat 92er Profil an dräifach Wärmeschutzverglasung erfëllt technesch wéi optesch déi héchst Uspréch. Mat extrem niddregem U-Wäert entsprécht si modernster Technik an ass fir Passivhäiser gëeegent. Déi natierlech Schéinheet vum Holz mat sengen diverse Formen a Faarwen, entsprécht den Uspréch vu modernem Wunnen.

ISOWOOD THERM

92er THERM-Profiller mat Blendrummisolatioun

Eise bewäerten ISOWOOD Fënstermodell mat der 92er THERM Technologie. Modern an innovativ Wärmetechnologie integréiert an der Fënsterrumm bidd Iech d’Méiglechkeet zu individueller Gestaltung vun de wärmetechneschen Eegeschaften. Mat extrem niddregem U-Wäert, entsprécht si modernster Technik an ass fir Passivhaiser gëeegent.

ISOWOOD THERM+

92er THERM-Profiller mat Blendrumm- a Fligelrummisolatioun

Eise bewäerten ISOWOOD Fënstermodell mat 92er THERM+ Technologie. Héich innovativ Wiermetechnologie integréiert am Fligel souwéi an der Fënsterrumm fir méi Méiglechkeeten zu individueller Gestaltung vun de wärmetechneschen Eegeschaften. Perfekt gëeegent fir Passivhaiser dank modernster Technik duerch extrem niddregem U-Wäert.

Nostalgie Classic

Holzfënster mat denkmalgerechte Profiler

Mat der NOSTALGIE CLASSIC Fënster gestalt Dir Äert denkmalgeschütztent Haus a stilgerechter Aart a Weis. Mat de schmuelen an diversen Profiller erfëllt Dir all d’Uspréch vun der Denkmalfleeg.

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now