Gutt Produiten elleng ginn eis net duer. Op ee gudde Service leeë mir Wäert: ugefaangen domat bei der individueller Berodung bis hin zum Abau vun all de Fënsteren an Dieren duerch eis qualifizéiert Equipen. Mat der Montage sinn d'Aufgabe fir eis awer nach laang net erfëllt. Eisen exklusive Service Entretien, dee mir eise Clienten op Wonsch gären ubidden, féiert regelméisseg a fachmännesch Kontroll- a Fleegeaarbechten aus. A fir all Interventioun zwëschenduerch hunn mir eisen hauseegene Konnendéngscht.
Hutt Dir Interessi un eise Produiten, Service Entretien a wëllt Dir all d'aktuell News iwwer OST?
Fir dass Dir d'natierlech Schéinheet vun äre Fënsteren an Dieren onbeschwéiert genéisse kënnt, bidde mir Iech eise Service Entretien un. An regelméissege Ofstänn féiert eise Konnendéngscht eng fachmännesch Beschléi-, Dichtung- an Uewerflächekontroll duerch. An dëser Kontroll ass folgendes mat abegraff: eng fachgerecht Funktiounspréiwung, d' Uelegen an deemno wéi d'Reguléieren vun den Beschléi, d' Iwwerpréiwe vun den Dichtungen an d'Versigelungen souwéi eng allgemeng Uewerflächekontroll mat eventueller liichter Fleeg bzw. Retusch.
Nummer | Service | Pauschale | Gesamt netto | Gesamt brutto |
1 Hausdier separat | 38,41 € | 18,00 € | 56,41 € | 66,00 € |
1-5 Fënsteren | 38,41 € | 18,00 € | 56,41 € | 66,00 € |
6-10 Fënsteren | 54,65 € | 18,00 € | 72,65 € | 85,00 € |
11-15 Fënsteren | 66,62 € | 18,00 € | 84,62 € | 99,00 € |
16-25 Fënsteren | 76,87 € | 18,00 € | 94,87 € | 111,00 € |
26-35 Fënsteren | 93,11 € | 18,00 € | 111,11 € | 130,00 € |