Skip to content Skip to footer

Allgemeng Geschäftsbedéngungen

Déi folgend allgemeng Geschäftsbedéngunen (nofolgend AGB) ginn ausdrécklech vum Client unerkannt a bleiwen och gëlteg, wann d’Bestellung oder de Kontrakt zoustätzlech Bedéngungen beinhalt:

Artikel 1: Allgemeng Bedéngungen

  1. Den Optrag gëllt als vum Client ugeholl, wann hie vun dësem net innerhalb enger Frist vun 10 Deeg ab Datum vum Optrag widderruff gëtt.

  2. Sämtlech Liwwerungen erfollegen zu deenen um Versanddag gëllege Präisser, sou fern kee Präis am Optrag vereenbaart ginn ass. Sämtlech Liwwerungen erfollegen op Käschten a Gefor vum Keefer. Sollt sech nom Vertragsofschloss déi am Optrag festgeluechte Circa-Moossen, Typpen oder Glaszorten asw. veränneren, ass de Präis laut deenen neie Konditiounen entspriechend der jeeweils gëlteger Präsentabel vun der Entreprise ze berécksiichtegen, déi als vereenbaart an ausdrécklech vum Client unerkannt gëllt. 

  3. Déi geliwwert Produiten (Fënsteren, Dieren, Parten, Rolllueden asw.) si Moossufäerdegungen a kënne vun dohier weder zeréckgeholl nach ëmgetosch ginn.  

  4. OST-Fenster ass berechtegt, virum Ufank vun den Aarbechten Acompten oder aner Sécherheete vum Client ze fuerderen. Dës gëllt och, wann de Cliente zu enger fälleger Bezuelung a Retard geréit. Aner Uspréch ginn heiduerch net beréiert.En Transfert de propriété en garantie virum integrale Bezuele vum Kafpräis ass dem Client ënnersot. Mesuren de Saisie an d’reservéiert Eegentum sinn OST-Fenster direkt unzeweisen, genau wéi d’Aleedung vun engem Zwangsversteeung-Verfueren oder d’Erëffnung vun engem Verfueren vun enger Faillite (faillite/gestion contrôlée). Des Weideren huet de Client de betreffende Creancieren op den Droit de Reserve vun OST-Fenster hinzeweisen. Anerefalls ass de Client heizou géigeniwwer vun OST-Fenster perséinlech haftbar. 

  5. De Client verséchert mat senger Ënnerschrëft, a senger Entscheedungs-Muecht iwwer d’Haus an d’Grondstéck ze sinn an a senger Geschäfts-Fäegkeet onbeschränkt an deemno wéi vum Proprietär vollberechtegt ze sinn. Sollt de Client een Optrag un OST-Fenster erdeelen, ouni dozou vollberechtegt ze sinn, sou ass hie géigeniwwer OST-Fenster schuedensersaatz-flichteg laut Artikel 8, Punkt 1.

Artikel 2: Bezuelungs-Konditiounen

  1. Et gëllen déi jeeweils schrëftlech accordéiert Bedéngungen. Déi kënne just per schrëftlechem Accord ëmgeännert ginn.

  2. Am Fall vun enger Verspéidung vum Bezuelen ginn dem Client Zënse wéinst Retard wéi folgend berechent: fir Geschäftsleit ass de Rechnungsmontant bezuelbar innerhalb vun 30 Deeg ab Rechnungsdatum. Nom Oflaf virdru benannter Frist ginn Zënsen op d’Rechnungsmontant berechent, laut Artikel 3 a 5 vum Gesetz vum 18. Abrëll 2004 betreffend Bezuelungsfristen a Retard-Zënsen. Fir Privatclienten ass de Rechnungsbetrag bezuelbar innerhalb vun 30 Deeg ab Rechnungsdatum. Nom Oflaf virdru benannter Frist sinn Zënse wéinst Retard, zum gesetzlechen Zënsfouss nom Oflaf vun 3 Méint nom Erhale vun der Wuer bzw. Ofschloss vun den Aarbechten laut Artikel 12 vum Gesetz vum 18. Abrëll 2004 betreffend Bezuelungsfristen a Retard-Zënsen, fälleg. Am Fall vun engem Retard bei accordéiertem méintlechen Ofbezuelen betreffend ass OST-Fenster berechtegt, no eegenem Choix de Kontrakt opzeléisen oder awer déi immediat Bezuelung vum nach oppe stoende Rescht-Montant ze fuerderen. Akzeptatiounen a Schecken gi net als Bezuelungsmëttel ugesinn a si soumat nom Aléisen gutt geschriwwen. 

  3. Reklamatioune mussen innerhalb vun 10 Deeg no der Receptioun vun der Sendung resp. no der Fäerdegstellung vun de Montage-Aarbechten erfollegen, ouni datt si de Client vu senger Bezuelungs-Flicht géigeniwwer OST-Fenster entbënnt.

  4. OST-Fenster ass dozou berechtegt, d’Virlag vun enger Garantie Solidaire vun enger unerkannte Bank vum Client ze verlaangen.

Artikel 3: Sonderkonditioune fir Bau- a Montageaarbechten

  1. D’Bau- a Montageaarbechte ginn eréischt vun OST-Fenster duerchgefouert, wann all noutwenneg Viraarbechten uerdnungsgemäss ausgefouert an ofgeschloss gi sinn. OST-Fenster ass net haftbar am Fall vun engem Retard vun de Viraarbechten. 

  2. Baibotz-, Stemm- an Ofdichtungsaarbechten souwéi Demontage vun den Auswiesslungs-Elementer sinn net am Präis vun der Offer enthalen, sou fern se net ausdrécklech an der Offer opgefouert sinn. 

  3. D’Mindestberechnungsfläch jee Rolllued ass 1 m².

  4. D’Mindestberechnung fir Bannen- a Bausse-Fënsterbänken, Rollluedekëschten a Rollluedekëschten-Biedem ass 1 lfm.  

  5. Den Abau vun de Maueren-Gurtkästecher ass net am Eenheetspräis enthalen a gëtt separat berechent. 

  6. Virun der Montage vun de Fënsteren mussen d’Fënsterbänke montéiert sinn. Sollt de Client d’Montage vun de Fënsteren virun der Montage vun de Fënsterbänke fuerderen, geet deen domat verbonnen onvermeidbare Risiko am Fall vun all Schued zu laaschte vum Client. 

Artikel 4: Accorden

Just schrëftlech Accorden si fir d’Parteien verbindlech a rechtswierksam. Dës kënne just per gemeinsame schrëftlechem Accord geännert ginn. Eng eesäiteg, ofwäichend schrëftlech Ännerung säitens OST-Fenster ass allerdéngs fir béid Parteien verbindlech a rechtswirksam, a sou fern de Client net bannen enger Woch nom Zougang vun dëser eesäiteger Ännerung schrëftlech widdersprécht. 

Artikel 5: Gesetzlech a kontraktlech Garantiebedéngungen

  1. Fir sämtlech vun OST-Fenster geliwwert Produiten gëllen déi gesetzlech obligatoresch Garantien. 

  2. Doriwwer eraus gëtt OST-Fenster op sämtlech selwer hiergestallte Produiten a Leeschtungen eng kontraktlech Garantie laut de schrëftlechen, um Dag vum Kontrakt-Ofschloss gëltegen Garantiebedéngungen. 

  3. Fir déi net vum Verkeefer selwer hiergestallte Produiten gëtt just déi kontraktlech Garantie iwwerholl, déi vum jeeweilegen Hiersteller accordéiert gëtt. 

  4. Virbehale bleiwen technesch Weiderentwécklungen, déi konstruktiv Ännerungen als Folleg hunn. Dës berechtegen den Client net zum Zerécktrieden vum Kontrakt. 

  5. Farwofwäichungen bei Sonder- an Zousatzelementer sinn méiglech a soumat kee Reklamatiounsgrond. 

  6. OST-Fenster ass net haftbar fir eventuell onviraussobar Schied, déi duerch Montage-, Reparatur-, Garantie- an Inspektiounsaarbechten un de Bau-Elementer entstinn. Heirënner zielen beispillsweis Schied un tapezéierten, verbotzen oder mat Plettescher verkleedten Rollluedekëschten, Schied u Fënsterbänken, Schied u verbotze Mauerelaibungen. 

Artikel 6: Fuerkäschten-Ersatz

Sollte beim Antreffen vun der Montagekolonn vun OST-Fenster d’Abauaarbechten vun den Elementer net duerchgefouert kënne ginn, duerch Ëmstänn, déi OST-Fenster net unzelaaschte sinn, ass de Client dozou verflicht, déi entstanen Fuerkäschten laut dem Käschtentarif vun OST-Fenster zeréck z’erstatten. Dat selwecht gëllt bei vergieflecher, awer accordéierter Urees vum Techniker, Konnendéngscht oder Usträicher. 

Artikel 7: Liwwerkonditiounen/ Liwwertermin

  1. D’Liwwerung säitens OST-FEnster gëllen grondsätzlech “ab Wierk”.

  2. Bei duerch OST-Fenster duerchgefouerte Montagen erfollegt d’Leeschtung “fräi Baustell”. 

  3. D’Netanhalen vun engem schrëftleche Liwwertermin säitens OST-Fenster berechtegt de Client, nom Setze vun enger zousätzlecher Frist vu mindestens 30 Deeg, ouni jeegleche Käschtenersatz vum Kontrakt zeréckzetrieden. Am Fall vu méi héijer Gewalt, Retarden vu Materialliwwerungen duerch d’Hierstellerwierk souwéi säitens vum Fournisseur ass OST-Fenster komplett vu senger termingerechter Liwwerungsobligatioun entbonnen an de Client muss eng ugemoossen Nofrist accordéieren. 

  4. Och de Client ass un den accordéierte Liwwertermin bzw. Montagetermin gebonnen. Verweigert de Client d’Leeschtungsausféierung innerhalb vun der accordéierter Zäit, well hien d’Optragsausféierung zu engem spéideren Zäitpunkt wënscht, sou steet et OST-Fenster fräi, eng Nofrist z’accordéieren, woubäi OST-Fenster dozou berechtegt ass, een dem zäitlechen Deplacement ugepasste Präis (fir Loun- a Materialdéierung) ze berechnen, ausser am Fall vun enger temporärer, schrëftlech accordéierter Präisgarantie. Schuedenersatz-Uspréch säitens OST-Fenster bleiwen heivun onberéiert. 

Artikel 8: Schuedenersatz

  1. Wann de Client déi vun OST-Fenster auszeféirend Leeschtung verweigert oder wann hien op d’Ausféierung vun den Aarbechten trotz dem Setzen vun enger Nofrist vun 2 Wochen net reagéiert, sou ass OST-Fenster dozou berechtegt, sengersäits déi Leeschtung ze verweigeren, vum Kontrakt zeréck zetrieden an/oder Schuedenersatz wéinst Neterfëllung ze verlaangen. An dësem Fall ass OST-Fenster grondsätzlech dozou berechtegt, ouni konkreten Noweis der Existenz an der Héicht vu sengem Schued ee pauschalen Schuedenersatz-Usproch an Héicht vu 40 % vum Kontraktspräis ouni TVA gëllent ze maachen. 

  2. De selwechte Schuedenersatz-Usproch gëllt, wann de Client OST-Fenster bei der Ausféierung vun den Aarbechten behënnert, z.B. bei tëschenzäitlecher Ausféierung duerch eng Drëtt-Entreprise oder am Fall vun der Neterfëllung vun den Bezuelungs-Konditiounen. 

Artikel 9: Iwwerdroung vun de Risiken

Ab Datum vun der Liwwerung dréit de Client d’Gefor vu Beschiedegung an Ënnergang vun der Wuer. Heizou ass ze bemierken, datt de Client net dozou berechtegt ass, seng eventuell Fuerderungen mat OST-Fenster opzerechnen, bzw. ze verrechnen. 

Artikel 10: Erfëllungsplaz a Geriichtsstand

  1. Erfëllungsplaz ass Lëtzebuerg.

  2. Sämtlech Kontrakter, Uspréch an aner Ufuerderungen ënnerleien dem lëtzebuergesche Recht souwéi dem Geriichtsstand vun der Staat Lëtzebuerg. 

  3. De selwechte Geriichtsstand ass kompetent, wann de Keefer säi Wunnsëtz am Ausland huet, nom Kontrakt-Ofschloss säi Wunnsëtz oder kommerziell Openthaltsplaz an d’Ausland verluecht huet oder wann de Wunnsëtz oder gewéinlech Openthaltzplaz zum Zäitpunkt vun Plainten-Erhiewung onbekannt ass. 

  4. Sollten eenzel Bestëmmungen uewen genannten allgemenge Geschäftsbedéngungen onwierksam sinn, sou bléift déi selwecht am Iwwrege wierksam. 
This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now