Um Chantier Westbay zu Stroossen – Neibau vu 4 Residenzen – ginn ënnert anerem eng Partie grouss Hebe-Schiebe-Elementer aus Holz-Aluminium montéiert. A fir déi all direkt bei déi richteg Ëffnungen ze kréien, ass eise Camion mam Kran am Asaz. Mir hunn dat Ganzt gefilmt a si begeeschtert dovun! An Dir?
Während der Summervakanz ass eis nei super modern an innovativ Lackéierstrooss an eisem Atelier montéiert ginn: een héich technologeschen an vollautomateschen Lackéiersystem fir Fënsteren an Dieren. Déi zwee Sprëtz-Roboter an d’elektronescht System zur Formerfaassung erméiglecht et, all Dieren- a Fënstertyp mat eegene Lackéiervirschrëften an héchster Qualitéit ze lackéieren.
“Fir den éischten Androck gëtt et keng zweet Chance”, seet een. Dat gëllt och beim Haus, an hei ganz besonnesch bei der Aganksdier. Charakter a Stil weisst, Wee seng Visiteure mat enger héichwäerteger Hausdier aus Holz oder Holz-Aluminium empfänkt. Well Dieren aus dëser natierlecher Matière Première loosse sech ganz individuell gestalten. Mat onverwiesselbarer Maserung sinn…