An enger Zäit, an där all d’Firmen héchste Qualitéit, Engagement an Nohaltegkeet verspriechen, ass et fir de Client emsou méi schwéier, dee richtege Partner fir säi Projet ze fannen.
Als Familljebetrib – deen traditionell handwierklech Aarbeschten no individuellen Virgabe vum Client an ënner Anhaalung héchste Service-Uspréch bidd – wësse mir, datt ee Qualitéit net nëmme behaapte kann, mee och weise muss.
Genau dat maache mir ënner aanerem mat eise Certificaten, Diplomer an Auszeechnungen:
Als lëtzebuergesche Betrib si mir besonnesch houffreg drop, eise Service an eis Produiten ënnert dem Label „Made in Luxembourg“ dierfen unzebidden – an dat schonn iwwer 25 Joer! Domat weise mir, datt eis Aarbeschten hieren Uersprong zu Lëtzebuerg hunn – Qualitéitsaarbecht, déi mir gäeren och an eis Nopeschlänner exportéieren.
Basis vun dëser Aarbecht a Qualitéit sinn eis Mataarbechter, déi mir zu jidderzäit mat Weiderbildungsmoossnamen promuvéieren. Sou hunn eis Mataarbechter de Weiderbildungsprogramm „Energiesparendes Bauen und Sanieren“ vun der Chambre des Métier an Zesummenaarbecht mat der Energie-Agence Luxembourg absolvéiert. Mam Resultat: den Titel „Zertifizierter Passivhaushandwerker“ an de Label „Energie fir d’Zukunft“.Vun dësem Fachwësse profitéiere net nëmme mir, mee och eis Clienten.
Nierft der Qualitéit an dem Engagement spillt bei OST och d’Nohaltegkeet eng grouss Roll. D’Superdréckskëscht ass ee vun deene wichtegste Bestanddeeler vun der moderner Offallwirtschaft zu Lëtzebuerg a këmmert sech em d’Aufgab vun der Offallvermeidung, -Reduzéierung, -Verwäertung an -Entsuerung. Emsou méi stolz si mir dorop, datt mir zu de Betriber gehéieren, déi de Qualitéits-Label „SuperDrecksKëscht® fir Betriber“
hunn a fir eis laangjäereg ökologesch Offallwirtschaft mat Diplomer ausgezeechent gi sinn.
Dir wëllt méi iwwert eise Betrib gewuer ginn? Hei erziele mir Iech vun eiser Geschicht, Aarbecht an eisen Ziler.