Skip to content Skip to footer

Dateschutzhiweis

1. Dateschutz op ee Bléck

Allgemeng Hiweis

Déi folgend Hiweiser ginn een einfachen Iwwerbléck doriwwer, wat mat Äre perséinlechen Donnéeë geschitt, wann Dir eis Websäit besicht. Perséinlech Donnéeë sinn all d’Donnéeën, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn. Ausféierlech Informatiounen zum Thema Dateschutz fannt Dir ënnert dësem Text an eiser Dateschutzerklärung.

Datenerfaassung op eiser Websäit

Ween ass responsabel fir Datenerfaassung op dëser Websäit ?

Dateveraarbechtung op dëser Websäit erfollegt duerch de Websäite-Bedreiwer. Deem seng Kontaktdate fannt Dir am Impressum vun dëser Websäit.

Wéi erfaasse mir Är Donnéeën?

Är Donnéeë ginn engersäits doduerch erhuewen, datt Dir eis dës matdeelt. Heibäi kann et sech z. B. ëm Donnéeën handelen, déi Dir an engem Kontaktformular a gitt. Aner Donnéeë ginn automatesch beim Besuch vun der Websäit duerch eisen IT-System erfaasst. Dat si virun allem technesch Daten (z. B. Internetbrowser, Betribssystem, oder d’Auerzäit vum Säitenopruff). D’Erfasse vun dësen Donnéeën erfollegt automatesch, soubal Dir op eiser Websäit sidd.

Woufir benotze mir Är Donnéeën?

Een Deel vun den Donnéeë ginn erhuewen, fir eng feelerfräi Dispositioun vun der Websäit ze garantéieren. Aner Date kënne fir d’Analyse vun Ärem Notzerverhaale benotzt ginn.

Wéi eng Rechter hutt Dir betreffend Ären Donnéeën?

Dir hutt jidderzäit d’Recht gratis Renseignementer iwwer Hierkonft, Empfänger an Zweck vun Äre gespäicherten Donnéeën ze verlaangen. Heizou souwéi zu weidere Froen zum Thema Dateschutz kënnt Dir Iech jidderzäit ënnert der Adress déi am Impressum uginn ass, un eis wennen. Des weidere steet Iech d’Recht zou sech bei der zoustänneger Autoritéit ze beschwéieren.

Analyse-Tools an Tools vun Drëtt-Ubidder

Beim Besuch vun eiser Websäit kann Äert Surf-Verhalen statistesch ausgewäert ginn. Dëst geschitt virun allem mat sougenannten Analyse-Programmer. Détailléiert Informatiounen dozou fannt Dir an der folgender Dateschutzerklärung.

2. Hosting

Externen Hosting

Dës Websäit gëtt externen gehost (Hoster). Déi perséinlech Donnéeën, déi op dëser Websäit erfaasst ginn, ginn um Server vum/vun den Hoster gespäichert. Heibäi kann et sech v.a. em IP-Adressen, Kontaktufroen, Meta- a Kommunikatiounsdaten, Kontraktsdaten, Kontaktdaten, Nimm, Websäiten-Zougrëff an aner Donnéeën, déi iwwert eng Websäit generéiert ginn, handelen. 

Den Asaz vum externen Hosting erfollegt zum Zweck vun der Kontrakt-Erfëllung géigeniwwer eise potenziellen a bestoende Clienten (Art. 6 Abs. 1 lit. b DSGVO) an am Interessi vun enger sécherer, schneller an effizienter Bereetstellung vun eiser Online-Offer duerch ee professionellen Prestataire. (Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO). Wann een entspriechenden Accord gefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechtung ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSBVO a § 25Abs. 1 TTDSG, souwäit den Accord d’Ofspäicheren vu Cookies oder den Zougrëff op Informatiounen um Endgerät vum Benotzer (z.B. Device-Fingerprinting) am Sënn vum TTDSG ëmfaasst. Den Accord ka jidderzäit widderruff ginn. 

Eis/en Hoster veraarbecht/en Är Donnéeën just esouwäit, wéi dat zur Erfëllung vu senger Leeschtungs-Fliicht erfuerderlech ass an eisen Instruktiounen a Bezuch op dës Donnéeën befollegt. Mir setze folgend(en) Hoster an:
RAIDBOXES GmbH Friedrich-Ebert-Straße 7 DE – 48153 Münster.

Obtrags-Veraarbechtung

Mir hunn ee Kontrakt iwwer Optragsveraarbechtung (AVV) zum Notze vum uewe genannten Déngscht ofgeschloss. Heibäi handelt et sech em een dateschutzrechtlech virgeschriwwene Kontrakt, dee garantéiert, datt dësen déi perséinlech Donnéeën vun eise Websäite-Visiteuren just no eise Instruktiounen an ënnert dem Anhale vun den DSGVO veraarbecht.

3. Allgemeng Hiweiser & Pflichtinformatiounen

Dateschutz

Bedreiwer vun dëser Säit huelen de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën extrem serieux. Mir behandelen Är perséinlech Donnéeë vertraulech an entspriechend de gesetzlechen Dateschutzvirschrëften souwéi dëser Dateschutzerklärung. Wann Dir dës Websäit benotzt, gi verschidde perséinlech Donnéeën erhuewen. Perséinlech Donnéeë sinn Date, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn. 

Déi virleiend Dateschutzerklärung informéiert, wéi eng Donnéeën mir erhiewen a firwat mir se benotzen. Si erklärt och, wéi an zu wéi engem Zweck dat geschitt. Mir weisen dorop hin, datt déi Daten-Iwwerdroung am Internet (z. B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) Sécherheetslücken opweise kann. Ee Schutz ouni Lücke vun den Donnéeë virum Zougrëff duerch Drëtt ass net méiglech.

Hiweis zu der verantwortlecher Plaz

Déi responsabel Plaz fir Dateveraarbechtung op dëser Websäit ass:

OST-Fenster S.A. Z.I. Potaschbierg
14, op der Ahlkërrech, 6776 Grevenmacher, Luxemburg
Telefon: (+352) 71 90 91-1
E-Mail: datenschutz@ost.lu.  

Déi responsabel Plaz ass déi natierlech oder juristesch Persoun, déi alleng oder zesumme mat aneren iwwer d’Zwecker a Mëttel vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën (z. B. Numm, E-Mail-Adressen o.ä.) entscheed.

Späicherdauer

Souwäit innerhalb dëser Dateschutz-Erklärung keng speziell Späicherdauer genannt gouf, verbleiwen Är perséinlech Donnéeën bei eis, bis den Zweck fir déi Dateveraarbechtung entfält. Wann Dir eng berechtegt Demande fir d’Läschen geltend maacht oder eng Awëllegung zur Dateveraarbechtung widderrufft, ginn Är Donnéeën geläscht, sou fern mir keng aner rechtlech zoulässeg Grënn fir d’Späicheren vun Ären perséinlechen Donnéeën hunn (z.B. steier- oder handelsrechtlech Opbewarungsfristen); am leschte genannte Fall erfollegt d’Läsche nom Verfall vun dëse Grënn.

Allgemeng Hiweis zu de Rechtslagen vun der Dateveraarbechtung op dëser Websäit

Wann Dir der Dateveraarbechtung zougestëmmt hutt, veraarbechte mir Är perséinlech Donnéeën op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO resp. Art. 9 Abs. 2 lit. a DSGVO, wa besonnesch Datekategorien nom Art. 9 Abs. 1 DSGVO veraarbecht ginn. Am Fall vun enger ausdrécklecher Awëllegung vum Iwwerdroen perséinlecher Donnéeën un Drëttstaaten, erfollegt déi Dateveraarbechtung ausserdeem op Grondlag vum Art. 49 Abs. 1 lit. a DSGVO. 

Wann Dir an d’Späichere vu Cookies oder an den Zougrëff op Informatiounen an Ärem Endgerät (z.B. via Device-Fingerprinting) agewëllegt hutt, erfollegt déi Dateveraarbechtung zousätzlech op Grondlag vum § 25 Abs. 1 TTDSG. Déi Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. Sinn Är Donnéeën zur Erfëllung vum Kontrakt oder zum Duerchféieren virkontraktleche Moossnamen  erfuerderlech, veraarbechte mir Är Donnéeën op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. b DSGVO. 

Dës Weideren veraarbechte mir Är Donnéeën, wann dës zur Erfëllung vun enger rechtlecher Verflichtung erfuerderlech sinn op Grondlag vun Art. 6 Abs. 1 lit. c DSGVO. Dateveraarbechtung kann en plus op Grondlag vun eisem berechtegten Interessi nom Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO erfollegen. Iwwer déi jeeweils am Eenzelfall pertinent Rechtsgrondlag ginn an de folgenden Ofsäz vun dëser Dateschutzerklärung informéiert.

Hiweis zum Datentransfert an d’USA an aner Drëttstaaten

Mir benotzen ënner anerem Tools vun Entreprise mat Sëtz an den USA oder aner dateschutzrechtlech net sécheren Drëttstaaten. Wann dës Tools aktiv sinn, kënnen Är perséinlech Donnéeën un dës Drëttstaaten iwwerdroe an do veraarbecht ginn. 

Mir weisen dorop hin, datt an dëse Länner kee mat der EU verglaichbaren Dateschutz-Niveau garantéiert ka ginn. Beispillsweis sinn US-Entreprisen dozou verflicht, perséinlech Donnéeën u Sécherheetsadministratiounen erauszeginn, ouni datt Dir als Betraffen heigéint geriichtlech virgoe kënnt. 

Et kann dowéinst net ausgeschloss ginn, datt US-Administratiounen (z.B. Geheimdéngscht) Är Donnéeën déi sech op US-Servere befannen zur Iwwerwaachungs-Zwecker veraarbechten, auswäerten oder dauerhaft späicheren. Mir hunn op dës Veraarbechtungs-Aktivitéite keen Afloss.

Widdersproch vun Ärer Awëllegung zur Dateveraarbechtung

Vill Dateveraarbechtungsvirgäng sinn nëmme mat Ärer ausdrécklecher Awëllegung méiglech. Dir kënnt schonn erdeelten Awëllegungen jidderzäit widderruffen. D’Rechtméissegkeet déi bis zum Widderruff erfollegten Dateveraarbechtung bleift vum Widderruff onberéiert.

Widdersprochsrecht géint Datenerhiewung a besonnesche Fäll souwéi géint Direkt-Publicitéit (Art. 21 DSGVO)

Wann Dateveraarbechtung op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 Lit. E oder F DSGVO erfollegt, hutt Dir jidderzäit Recht, aus Grënn, déi sech aus Ärer besonnescher Situatioun erginn, géint d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën Widdersproch anzeleeën; dat gëllt och fir een op dës Bestëmmungen gestëtzte Profiling. 

Déi jeeweileg Rechtsgrondlag, op der eng Veraarbechtung berout, enthuelt Dir dëser Dateschutz-Erklärung. Wann Dir Widdersproch aleet, veraarbechte mir Är betraffe perséinlech Donnéeën net méi, ausser, mir kënnen zwéngend noutwenneg Grënn fir d’Veraarbechtung noweisen, déi Är Interessien, Rechter oder Fräiheeten iwwerweien oder d’Veraarbechtung déngt der Applikatioun vum Gesetz, Ausüben oder Verdeedegung vu Rechtsuspréch.  (Widdersproch nom Art. 21 Abs. 1 DSGVO).

Ginn Är perséinlech Donnéeën veraarbecht, fir Direkt-Publicitéit ze bedreiwen, hutt Dir d’Recht, jidderzäit Widdersproch géint d’Veraarbechtung Iech betreffender perséinlechen Donnéeën zum Zweck vun esou Publicitéit anzeleeën; Dëst gëllt och fir d’Profiling, souwäit et mat esou enger Direkt-Publicitéit a Verbindung steet. Wann Dir widderspriecht, ginn Är perséinlech Donnéeën dono net méi fir den Zweck vun Direkt-Publicitéit verwennt (Widdersproch no Art. 21 Abs. 2 DSGVO).

Reklamatiouns-Recht bei der zoustänneger Administratioun

Am Fall vu Verstéiss géint DSGVO stinn de Betraffenen ee Reklamatiouns-Recht bei enger Administratioun, besonnesch am Memberstaat vun hirem normalen Openthalt, hirer Aarbechtsplaz oder der Plaz vum presuméierte Verstouss zou. D’Recklamatiouns-Recht besteet onbeschued anerwäerts verwaltungsrechtlecher oder geriichtlecher Rechtsbehëllef.

Recht op Dateniwwerdroung

Dir hutt d’Recht, Donnéeën, déi mir op Grondlag vun Ärem Accord oder an Erfëllung vun engem Kontrakt automatesch veraarbechten, un Iech oder un een Drëtten an engem gängege maschinneliesbare Format aushännegen ze loossen. Sollt Dir déi direkt Iwwerdroung vun den Donnéeën un een anere Responsable verlaangen, erfollegt dëst just, esou wäit et technesch machbar ass.

Renseignement, Korrektioun a d’Läschen

Dir hutt am Kader vun de gëltege gesetzleche Bestëmmungen zu jidderzäit d’Recht op gratis Renseignement iwwer Är gespäichert perséinlech Donnéeën, hir Origine an Destinatair an den Zweck vun der Dateveraarbechtung an deemno wéi ee Recht op d’Richtegstellen oder Läsche vun deenen Donnéeën. Heizou souwéi zu weidere Froen zum Thema perséinlechen Donnéeën kënnt Dir Iech zu jidderzäit un eis wennen.

Recht op Aschränkung vu der Veraarbechtung

Dir hutt d’Recht, d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen. Heizou kënnt Dir Iech jidderzäit un eis wennen. D’Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung besteet a folgende Fäll:

  • Wann Dir d’Korrektheet vun Äre bei eis gespäicherte perséinlechen Donnéeën bestreit, brauche mir an der Reegel Zäit, fir dës z’iwwerpréiwen. Fir d’Dauer vun der Préiwung hu Dir d’Recht, d’Aschränkung vun der Beaarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen.
  • Wann d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën onrechtméisseg geschitt/geschitt ass, kënnt Dir aplaz d’Läschen, d’Aschränkung vun der Date-Veraarbechtung verlaangen.
  • Wa mir Är perséinlech Donnéeën net méi brauchen, Dir se awer zur Ausübung, Verdeedegung oder Applikatioun vum Gesetz fir Rechtsuspréch braucht, hutt Dir d’Recht, aplaz d’Läschung d’Aschränkung vun der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen.
  • Wann Dir ee Widdersproch no Art. 21 Abs. 1 DSGVO ageluecht hutt, muss een Ofweien tëschent Ären an eisen Interesse virgeholl ginn. Esou laang nach net feststeet, wiem seng Interessen iwwerweien, hutt Dir d’Recht, d’Aschränke vun der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze verlaangen.

Wann Dir d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën ageschränkt hutt, dierfen dës Donnéeën – vun hirem Späicheren ofgesinn – nëmmen mat Ärer Awëllegung oder zur Applikatioun vum Gesetz, Ausübung oder Verdeedegung vu Rechtsuspréch oder zum Schutz vun de Rechter vun enger anerer natierlecher oder juristescher Persoun oder aus Grënn vun engem wichtegen ëffentlechen Interessi vun der Europäescher Unioun oder vun engem Memberstaat veraarbecht ginn.

SSL- resp. TLS-Verschlësselung

Dës Säit benotzt aus Sécherheetsgrënn an fir de Schutz vun der Iwwerdroung vu vertraulechen Inhalter, wéi z. B. Bestellungen oder Ufroen, déi Dir un eis als Säite-Bedreiwer schéckt, eng SSL- resp. TLS-Verschlësselung. Eng verschlësselt Connectioun erkennt Dir dorun, datt d’Adresszeil vum Browser vun “http://” op “https://” wiesselt an um Schlass-Symbol an Ärer Browserzeil. Wann d’SSL- resp. TLS-Verschlësselung aktivéiert ass, kënnen d’Donnéeën, déi Dir un eis iwwermëttelt, net vun Drëtte mat gelies ginn.

4. Datenerfaassung op eiser Websäit

Cookies

Eis Internetsäit benotzt sougenannte “Cookies”. Cookies sinn kleng Datepäck a riichten op Ärem Endgerät kee Schued un. Si ginn entweder temporär fir d’Dauer vun enger Sëtzung (Session-Cookies) oder dauerhaft (permanent Cookies) op Ärem Endgerät gespäichert. Session-Cookies ginn zum Schluss vun Ärem Besuch automatesch geläscht. Permanent Cookies bleiwen op Ärem Endgerät gespäichert, bis Dir se selwer läscht oder en automatescht Läschen duerch Äre Webbrowser erfollegt. 

Cookies kënne vun eis (First-Party-Cookies) oder vun Drëttentreprisen staamen (Third-Party-Cookies). Third-Party-Cookies erméiglechen d’Abannen vu bestëmmten Déngschtleeschtungen vun Drëttentreprisen innerhalb vu Websäiten (z.B. Cookies fir d’Ofwécklung vu Bezuel-Déngschtleeschtungen). Cookies hu verschidde Funktiounen. Zuelräich Cookies sinn technesch noutwenneg, vu datt bestëmmte Websäitefunktiounen ouni dës net géinge funktionéieren (z.B. Wuerekuerffunktioun oder d’Annonce vu Videoen). Aner Cookieën déngen dozou, d’Benotzerverhalen auszewäerten oder Publicitéit unzeweisen. 

Cookies, déi zur Duerchféierung vun elektroneschem Kommunikatiouns-Virgank, zum Bereetstelle vu bestëmmten, vun Iech erwënschte Funktiounen (z. B. Wuerekuerffunktioun) oder fir d’Optiméierung vun der Websäit (z.B. Cookies fir d’Moosse vu Webpublikum)  erfuerderlech sinn (noutwenneg Cookies), ginn op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO gespäichert, wann keng aaner Rechtsgrondlagen uginn sinn. 

De Websäite-Bedreiwer huet ee berechtegten Interessi um Späichere vu noutwennege Cookies zum technesch feelerfräiem an optiméiertem Bereetstellen vu sengen Déngschter, Souwäit eng Awëllegung zum Späicheren vu Cookies a verglaichbaren Erëmerkennungstechnologien ofgefroot gouff, erfollegt d’Veraarbechten ausschliisslech op Grondlag vun dëser Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO an § 25 Ab. 1 TTDSG); d’Awëllegung kann zu jidderzäit widderruff ginn. 

Dir kënnt Äre Browser esou astellen, datt Dir iwwer d’Sätze vu Cookies informéiert gitt a Cookies just am Eenzelfall erlaaben, d’Unhuele vu Cookies fir bestëmmte Fäll oder generell ausschléissen souwéi automatescht Läsche vu Cookies beim Zoumaache vum Browser aktivéieren. Beim Desaktivéiere vu Cookies kann d’Funktionalitéit vun dëser Websäit ageschränkt ginn. Wéieng Cookies an Déngschter op dëser Websäit agesaat ginn, kënnt Dir dëser Dateschutzerklärung enthuelen.

Awëllegung mat Borlabs Cookie

Eis Websäit benotzt d’Consent-Technologie vu Borlabs Cookie, fir Är Awëllegung fir d’Späicheren bestëmmter Cookies an Ärem Browser anzehuelen an dës dateschutzkonform ze dokumentéieren. Fournisseur vun dëser Technologie ass Borlabs GmbH, Rübenkamp 32, 22305 Hamburg (am Folgenden Borlabs). 

Wann Dir op eis Websäit kommt, gett ee Borlabs-Cookie an Ärem Browser gespäichert, an deems déi vun Iech erdeelten Awëllegung oder de Widderruff vun dëser Awëllegung gespäichert ginn. Dës Donnéeë gi net un de Fournisseur Borlabs Cookie weiderginn. Déi erfaassten Donnéeën gi gespäichert, bis Dir eis zum Läschen opfuerdert resp. Borlabs-Cookie selwer läscht oder den Zweck fir d’Datespäicherung entfält. Zwéngend gesetzlech Conservéierungsfristen bleiwen onberéiert. Detailer zu der Dateveraarbechtung vu Borlabs-Cookie fannt Dir ënnert https://de.borlabs.io/kb/welche-daten-speichert-borlabs-cookie/. 

Den Asaz vun der Borlabs-Cookie-Consent-Technologie erfollegt, fir déi gesetzlech virgeschriwwen Awëllegung fir den Asaz vu Cookies anzehuelen. Rechtsgrondlag heifir ass Art. 6 Abs. 1 lit. c DSGVO.

Server-Log-Dateien

De Provider vun de Säiten erhierft a späichert automatesch Informatiounen a sou genannte Server-Log-Dateien, déi Äre Browser automatesch un eis iwwermëttelt. Dës sinn:

  • Browsertyp a Browserversioun
  • benotzte Betribssystem
  • Referrer URL
  • Hostnumm vum zougräifende Computer
  • Auerzäit vun der Server-Ufro
  • IP-Adress

Eng Zesummeféierung vun dësen Date mat aneren Datequelle gi net virgeholl. D’Erfaasse vun dësen Donnéeën erfollegt op Grondlag vun Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO. De Websäite-Bedreiwer huet ee berechtegen Interessi un der technesch feelerfräier Duerstellung an der Optiméierung vu senger Websäit – heizou mussen d’Server-Log-Files erfaasst ginn.

Kontaktformular

Wann Dir eis per Kontaktformular Ufroen zoukomme loosst, ginn Är Donnéeën aus dem Ufro-Formular inklusiv de Kontaktdate déi dir aginn hutt fir den Zweck vun der Beaarbechtung vun der Ufro a fir de Fall vun uschléissende Froe bei eis gespäichert. Dës Date gi mir net ouni Ären Accord weider. D’Veraarbechte vun dësen Donnéeën erfollegt op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. b DSGVO, souwäit Är Ufroo mat der Erfëllung vun engem Kontrakt zesummenhängt oder fir Duerchféierung virkontraktleche Moossnamen erfuerderlech ass. 

An allen aanere Fäll berout d’Veraarbechtung op eisem berechtegten Interessi an der effektiver Verarbechtung vun der un eis geriichten Ufroo (Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO) oder op Ärer Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO) souwäit dës ugefroot gouff; d’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. 

Donnéeën déi Dir am Kontaktformular aginn hutt, verbleiwe bei eis, bis Dir eis opfuerdert se ze läschen, Ären Accord fir d’Späicheren widderrufft oder den Zweck fir Datespäicherung entfält (z. B. no der ofgeschlosse Beaarbechtung vun Ärer Ufro). Zwéngend gesetzlech Bestëmmungen – insbesonneg Opbewahrungsfristen – bleiwen onberéiert.

Ufroo per E-Mail, Telefon oder Telefax

Wann Dir eis per E-Mail, Telefon oder Telefax kontaktéiert, gëtt Är Ufro inklusive all deen doraus ervirgoend perséinlechen Donnéeën ( Numm, Ufroe) zum Zweck vun der Beaarbechtung vun Ärem Uleien bei eis gespäichert a veraarbecht. Dës Donnéeën gi mir net ouni Är Awëllegung weider. 

D’Veraarbechtung vun dësen Donnéeën erfollegt op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. b DSGVO, souwäit Är Ufro mat der Erfëllung vun engem Kontrakt zesummenhänkt oder zur Duerchféierung virkontraktleche Moossnamen erfuerderlech ass. An all anere Fäll berout d’Veraarbechtung op eisem berechtegten Interessi un der effektiver Beaarbechtung déi un eis geriichten Ufroen (Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO) oder op Är Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO) souwäit déi ofgefroot gouf. 

Déi vun Iech un eis per Kontaktufro gesenten Donnéeën verbleiwen bei eis, bis Dir eis zum Läschen opfuerdert, Är Awëllegung vum Späicheren widderruff oder den Zweck fir déi Datespäicherung entfält (z.B. no ofgeschlosse Beaarbechtung vun Ärem Uleien). Zwéngend gesetzlech Bestëmmungen – besonnesch gesetzlech Konservéierungs-Fristen – bleiwen onberéiert.

4. Analyse-Tools a Publicitéit

Matomo

Dës Websäit benotzt den Open Source Webanalysedéngscht Matomo. 

Mat Hëllef vu Matomo sinn mir an der Lag Donnéeën iwwert Benotze vun eiser Websäit duerch d’Websäit-Visiteuren z’erfaassen an z’analyséieren. Heiduerch kënne mir ë.a. erausfannen, wéini wéi eng Säitenopriff gemaach gi sinn an aus wéi enger Regioun se kommen. Ausserdeem erfaasse mir verschidde Logdateien (z.B. IP-Adresse, Referrer, benotzte Browser a Betribssystemer) a kënne moossen, ob eis Websäiten-Visiteuren bestëmmten Aktiounen duerchféieren (z.B. Klicks, Keef, a.Ä.). 

Benotze vun dësem Analysen-Tool erfollegt op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO. De Websäitebedreiwer huet ee berechtegten Interessi un der Analys vum Benotzerverhaalen, fir souwuel seng Web-Offer wéi och seng Publicitéit z’optiméieren. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ofgefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechten ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO an § 25 ABs. 1 TTDSG, souwäit d’Awëllegung d’Späicheren vu Cookies oder den Zougrëff op Informatiounen am Endgerät vum Benotzer (z.B.  Device-Fingerprinting) am Sënn vum TTDSG ëmfaasst. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. 

IP Anonymiséierung

Bei der Analyse mat Matomo setze mir IP-Anonymiséierung an. Heibäi gëtt Är IP-Adress virun der Analyse gekierzt, soudatt si Iech net méi eendeiteg zouzeuerdnen ass. 

Cookielos Analyse

Mir hu Matomo esou konfiguréiert, datt Matomo keng Cookies an Ärem Browser späichert. 

Hosting

Mir hosten Matomo ausschliisslech op eisem eegene Server, soudatt all Analysendaten bei eis verbleiwen a net weidergi ginn. 

Google Ads

De Websäite-Bedreiwer benotzt Google Ads. Google Ads ass een Online-Publicitéitsprogramm vu Google Ireland Limited („Google“), Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland. Google Ads erméiglecht et eis Publicitéits-Annoncen in der Google-Sichmaschinn oder ob Drëttwebsäiten auszespillen, wann de Benotzer bestëmmte Sichbegrëffer bei Google agëtt  (Keyword-Targeting). 

Dës weideren kënnen zilgeriicht Publicitéits-Annoncen unhand vun de bei Google virleienden Benotzerdaten (z.B. Standuertdaten an Interessi) ausgespillt ginn (Zilgruppen-Targeting). Mir als Websäite-Bedreiwer kënnen dës Daten quantitativ auswäerten, andeems mir beispillsweis analyséieren, wéi eng Sichbegrëffer zum Ausspillen vun eiser Publicitéits-Annonce gefouert huet a wéi vill Annoncen zu den entspriechende Klicks gefouert hunn. Benotze vu Google Ads erfollegt op Grondlag vum  Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO an § 25 Abs. 1 TTDSG. D’Awëllegung ka jidderzäti widderruff ginn. 

Dateniwwerdroung an d’USA gëtt op d’Standardkontrakt-Klausel vun der EU-Kommissioun gestëtzt. Detailer fannt Dir hei: https://policies.google.com/privacy/frameworks und https://privacy.google.com/businesses/controllerterms/mccs/.

Meta Pixel

Dës Websäit benotzt fir d’Konversiouns-Miessung vu Visiteuraktiouns-Pixel vu Facebook/Meta.  Fournisseur vun dësem Déngscht ass Meta Platforms Ireland Limited, 4 Grand Canal Square, Dublin 2, Irland.

Datenanalyse an Zweck

Déi erfaassten Date ginn no Ausso vu Facebook allerdéngs och an d’USA an un aner Drëttlänner iwwerdroen. Sou kann d’Verhale vum Säitevisiteur noverfollegt ginn, nodeems dësen duerch Klicken op eng Facebook-Publicitéitsannonce op d’Websäit vum Fournissseur weidergeleet gouf. Doduerch kann d’Wierksamkeet vun der Facebook-Publicitéit fir statistesch a Maartfuerschungszwecker ausgewäert ginn an zukünfteg Publicitéits-Moossnamen optiméiert ginn. 

Déi erhuewen Date si fir eis als Bedreiwer vun dëser Websäit anonym, mir kënne keng Réckschlëss op d’Identitéit vum Benotzer zeien. Déi Date ginn awer vu Facebook gespäichert a veraarbecht, soudatt eng Connectioun zum jeeweilege Benotzer-Profil méiglech ass a Facebook déi Date fir eege Publicitéits-Zwecker, entspriechend de Facebook-Datebenotzungsrichtlinnen benotze kann. Doduerch ka Facebook d’Schalte vu Publicitéitsannoncen op Säite vu Facebook souwéi ausserhalb vu Facebook erméiglechen. Dëst Benotze vun Date kann vun eis als Säite-Bedreiwer net beaflosst ginn. D’Benotze vun dësem Déngscht erfollegt op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO an § 25 Abs. 1 TTDSG. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn.

Responsabilitéit

Souwäit mat Hëllef vun dem hei beschriwwenen Tool perséinlech bezéiend Donnéeën op eiser Websäit erfaasst an u Facebook weidergeleet ginn, si mir an d’Meta Platforms Ireladn Limited, 4 Grand Square, Grand Canal Harbour, Dublin 2, Ireland gemeinsam fir Dateveraarbechtung responsabel (Art. 26 DSGVO). Déi gemeinsam Responsabilitéit beschränkt sech dobai ausschliisslech op d’Erfaassen vun den Donnéeën  an dem Weiderginn u Facebook. Dei no der Weiderleedung erfollegten Veraarbechtung duerch Facebook ass net Deel vun der gemeinsamer Responsabilitéit. Déi eis gemeinsam opluechten Verflichtung goufen an enger Vereenbarung iwwer gemeinsam Veraarbechtung festgehaalen. De Wortlaut vun der Vereenbarung fannt Dir ënnert: https://www.facebook.com/legal/controller_addendum

Laut dëser Vereenbarung si mir fir d’Erdeelen vun den Dateschutzinformatiounen beim Asaz vum Facebook-Tool a fir déi dateschutzrechtlech sécher Implementéierung vum Tool op eiser Websäit responsabel. Fir d’Datesécherheet vun de Facebook-Produiten ass Facebook responsabel. Betraffe-Rechter (z.B. Auskonftsersichung) hisiichtlech vun de bei Facebook veraarbechten Date kënnt Dir direkt bei Facebook geltend maachen. Wann Dir déi Betraffe-Rechter bei eis geltend maacht, si mir verflicht, dës u Facebook weiderzeleeden. Déi Dateniwwerdroung an d’USA gëtt op Standardkontraktsklauselen vun der EU-Kommissioun gestëtzt. 

Details fannt Dir hei: https://www.facebook.com/legal/EU_data_transfer_addendum an https://de-de.facebook.com/help/566994660333381. An den Dateschutzhiweiser vu Facebook fannt Dir weider Hiweiser iwwert de Schutz vun Ärer Privatsphär: https://de-de.facebook.com/about/privacy/

Dir kënnt ausserdem d’Remarketing-Funktioun „Custom Audiences“ am Beräich Astellungen fir Publicitéits-Annoncen ënnert https://www.facebook.com/ads/preferences/?entry_product=ad_settings_screen desaktivéieren. Dozou musst Dir bei Facebook ugemellt sinn. 

Wann Dir kee Facebook-Konto besëtzt, kënnt Dir benotzungsbaséiert Publicitéit vu Facebook op der Websäit vun der European Interactive Digital Advertising Alliance desaktivéieren: http://www.youronlinechoices.com/de/praferenzmanagement/.

6. Newsletter

Newsletterdaten

Wann Dir de Newsletter, deen op der Websäit offréiert gëtt, bezéie wëllt, brauche mir vun Iech eng E-Mail-Adress souwéi Informatiounen, déi eis d’Iwwerpréiwung erméiglechen, datt Dir de Besëtzer vun der E-Mail-Adress déi Dir aginn hutt sidd a mam Empfaange vum Newsletter d’Accord sidd. 

Weider Donnéeë gi net, respektiv just op fräiwëlleger Basis erhuewen. Fir d’Ofwéckelung vum Newsletter benotze mir Newsletterdéngschtleechter, déi nofolgend beschriwwe ginn. 

Klick-Tipp

Dës Websäit benotzt Klick-Tipp fir d’Verschécke vu Newsletter. Fournisseur ass KLICK-TIPP LIMITED, 15 Cambridge Court, 210 Shepherd’s Bush Road, London W6 7NJ, Vereente Kinnekräich. 

Klick-Tipp ass een Déngscht, mat deem ë.a. d’Verschécke vu Newsletter organiséiert an analyséiert ka ginn. Déi vun Iech zum Zweck vum Newsletter-Erhalen agedroen Donnéeën ginn um Server vu Klick-Tipp gespäichert.

Datenanalyse duerch Klick-Tipp

Wa mir Newsletter mat Hëllef vu Klick-Tipp verschécken, kënne mir feststellen, ob eng Newsletter- Noriicht op gemaach a wéi eng Links deemno wéi ugeklickt goufen. Klick-Tipp erméiglecht et eis och, d’Newsletter-Emfänger unhand vu verschidde Kategorien z’ënnerdeelen (sog. Tagging). Dobäi loossen sech d’Newsletter-Empfänger z.B. nom Geschlecht, perséinlech Virléift (z.B. Vegetarier oder Net-Vegetarier) oder Clientsbezéiung (z.B. Client oder potenzielle Client) ënnerdeelen. 

Op dës Aart a Weis loossen sech d’Newsletter besser un déi jeeweileg Zilgrupp upassen.  Méi Informatiounen erhaalt Dir ënnert: https://www.klick-tipp.com und https://www.klick-tipp.com/handbuch

Wann Dir keng Analys duerch Klick-Tipp wëllt, musst Dir dozou de Newsletter ofbestellen. Heivir stelle mir an all Newsletter-Noriicht een entspriechende Link zur Verfügung.

Rechtsgrondlag

Dateveraarbechtung erfollegt op Grondlag vun Ärer Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO). Dir kënnt dës Awëllegung jidderzäit widderruffen. D’Rechtméissegkeet vun der schonns erfollegen Dateveraarbechtungs-Virgäng bleift vum Widderruff onberéiert.

Späicherdauer

Déi vun Iech zum Zweck vum Newsletter-Erhalen bei eis hannerluechten Donnéeën gi vun eis bis zu Ärem Ausdroen aus dem Newsletter bei eis resp. dem Newsletter-Déngschtleeschter gespäichert an nom Ofbestellen vum Newsletter aus der Newsletter-Verdeelerlëscht geläscht. Daten, déi zu aneren Zwecker bei eis gespäichert ginn, bleiwen heivun onberéiert. 

No Ärem Ausdroen aus der Newsletter-Verdeelerlëscht gëtt Är E-Mail-Adress bei eis resp. dem Newsletter-Déngschtleeschter deemno wéi an enger Blacklist gespäichert, fir zukünfteg Mailings ze verhënneren. Déi Daten aus der Blacklist ginn nëmmen fir dësen Zweck benotzt a net mat aneren Daten zesummegeféiert. Dës déngt souwuel Ärem Interessi wéi och eisem Interessi an dem Anhale vun de gesetzleche Virgaben beim Verschécke vu Newsletter (berechtegten Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO). 

D’Späicheren an der Blacklist ass zäitlech net befrist. Dir kënnt dem Späicheren widderspriechen, souwäit Ären Interessi eise berechtegten Interessi iwwerweit. Méi Informatiounen enthuelt Dir den Dateschutzbestëmmungen vu Klick-Tipp ënnert: https://www.klick-tipp.com/datenschutzerklaerung.

Optragsveraarbechtung

Mir hunn ee Kontrakt iwwert d’Optragsveraarbechtung (OVV) zum Benotzen vum uewe genannten Déngscht ofgeschloss. Dobai handelt et sech em een dateschutzrechtlech virgeschriwwene Kontrakt, dee granatéiert, datt dësen déi perséinlech Donnéeën vun eise Websäiten-Visiteuren just no eise Weisungen an ënner Anhaalen vum DSGVO veraarbecht. 

7. Plugins an Tools

YouTube mat erweidertem Dateschutz

Dës Websäit bënnt Videoen vu YouTube an. Fournisseur vun der Säit ass Google Ireland Limited („Google“), Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland. 

Mir benotze YouTube am erweiderten Dateschutzmodus. Dëse Modus bewierkt laut YouTube, datt YouTube keng Informatiounen iwwert d’Visiteuren op dëser Websäite späichert, ier dës sech de Video ukucken. D’Weiderginn vun Daten u YouTube-Partner gëtt duerch den erweiderten Dateschutzmodus dogéint net zwéngend ausgeschloss. Sou stellt YouTube – onofhängeg dovun, ob Dir Iech ee Video ukuckt – eng Verbindung zum Google Double-Click-Netzwierk hier. Soubal Dir ee YouTube-Video op dëser Websäit start, gëtt eng Verbindung zu de Server vu YouTube hiergestallt. Dobäi gëtt dem YouTube-Server matgedeelt, wéi eng vun eise Säiten Dir besicht hutt. 

Wann Dir an Ärem YouTube-Account ageloggt sidd, erméiglecht Dir YouTube, Äert Surf-Verhalen direkt Ärem perséinleche Profil zouzeuerdnen. Dës kënnt Dir verhënneren, andeems Dir Iech aus Ärem YouTube-Account ausloggt. Dës Weideren ka YouTube nom Start vun engem Video verschidde Cookies op Ärem Endgerät späicheren oder vergläichbar Ëremerkennungs-Technologien (z.B. Device-Fingerprinting) asetzen. Op dës Aart a Weis ka YouTube Informatiounen iwwer Visiteuren vun dëser Websäit erhalen. Dës Informatiounen ginn ë.a. benotzt, fir Videostatistiken z’erfaassen, d’Benotzerfrëndlechkeet ze verbesseren an Bedruchsversich virzebeugen. 

Deemno wéi kann nom Start vun engem YouTube-Video weider Dateveraarbechtungsvirgäng ausgeléist ginn, op déi mir keen Afloss hunn. Benotze vu YouTube erfollegt am Interessi vun enger entspriechender Duerstellung vun eiser Online-Offer. Dës stellt ee berechtegten Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO duer. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ofgefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechtung ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO an § 25 Abs. 1 TTDSG, souwäit d’Awëllegung d’Späichere vu Cookies oder den Zougrëff op Informationen um Endgerät vum Benotzer (z.B. Davice-Fingerprinting) am Sënn vum TTDSG emfaasst. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. 

Weider Informatiounen iwwer Dateschutz bei YouTube fannt Dir an hirer Dateschutzerklärung ënnert: https://policies.google.com/privacy?hl=de.

Vimeo ouni Tracking (Do-Not-Track)

Dës Websäit benotzt Plugins vum Videoportal Vimeo. Fournisseur ass Vimeo Inc., 555 West 18th Street, New York, New York 10011, USA. 

Wann Dir eng vun eisen mat Vimeo-Videoen ausgestatte Säit besicht, gëtt eng Verbindung zu de Serveren vu Vimeo hiergestallt. Dobäi gëtt dem Vimeo-Server matgedeelt, wéi eng vun eise Säiten Dir besicht hutt. Zudeem kritt Vimeo Är IP-Adress. Mir hu Vimeo awer sou agestallt, datt Vimeo Är Benotzeraktivitéiten net no verfollege a keng Cookies setze wäert. 

Benotze vu Vimeo erfollegt am Interessi enger uspriechender Duerstellung vun eiser Online-Offer. Dës stellt ee berechtegt Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO duer. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ofgefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechten ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO; d’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. Dateniwwerdroung an d’USA gëtt op d’Standardkontrakt-Klausel vun der EU-Kommissioun souwéi no Ausso vu Vimeo op “berechtegt Geschäftsinteressi” gestëtzt. 

Detailer fannt Dir hei: https://vimeo.com/privacy. Weider Informatiounen zum Ëmgang mat de Benotzerdaten fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Vimeo ënnert: https://vimeo.com/privacy.

Google Fonts (lokales Hosting)

Dës Websäit benotzt fir eng eenheetlech Duerstellung vu Schrëftarten sou genannte Google Fonts, déi vu Google bereetgestallt ginn. Déi Google Fonts si lokal installéiert. Eng Konnektioun zu de Google Serveren fënnt dobai net statt. 

Weider Informatiounen zu Google Fonts fannt Dir ënnert https://developers.google.com/fonts/faq souwéi an der Dateschutzerklärung vu Google: https://www.google.com/policies/privacy/.

Font Awesome

Dës Websäit benotzt fir eng eenheetlech Duerstellung vu Schrëftaarten a Symboler Font Awesome. Fournisseur ass Fonticons, Inc., 6 Porter Road Apartment 3R, Cambridge, Massachusetts, USA. 

Beim Opruffen vun enger Säit luet Äre Browser déi benéidegt Fonts an Äre Browsercache, fir Texter, Schrëftaarten a Symboler korrekt unzeweisen. Zu dësem Zweck muss dee vun Iech benotzte Browser Verbindung zu de Servere vun Font Awesome op huelen. Heiduerch kritt Font Awesome Kenntnis doriwwer, datt iwwer Är IP-Adress dës Websäit opgeruff gouf. 

Benotze vu Font Awesome erfollegt op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO. Mir hunn ee berechtegten Interessi un der eenheetlecher Duerstellung vum Schrëftbild op eiser Websäit. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ofgefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechtung ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO a § 25 Abs. 1 TTDSG, souwäit d’Awëllegung d’Späichere vu Cookies oder den Zougrëff op Informationen um Endgerät vum Benotzer (z.B. Device-Fingerprinting) am Sënn vum TTDSG ëmfaasst. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. Wann Äre Browser Font Awesome net ënnerstëtzt, gëtt eng Standardschrëft vun Ärem Computer benotzt. 

Weider Informatiounen zu Font Awesome fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Font Awesome ënnert: https://fontawesome.com/privacy.

Google Maps

Dës Websäit benotzt de Kartendéngscht Google Maps. Fournisseur ass Google Ireland Limited („Google“), Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland. 

Fir d’Benotze vun der Funktioun vu Google Maps ass et noutwenneg, Är IP-Adress ze späicheren. Dës Informatiounen ginn an der Reegel un ee Server vu Google an den USA iwwerdroen an do gespäichert. De Fournisseur vun dëser Säit huet keen Afloss op dës Dateniwwerdroung. Wa Google Maps aktivéiert ass, ka Google zum Zweck fir eng eenheetlech Duerstellung vun de Schrëftaarten Google Web Fonts benotzen. Beim Opruffe vu Google Maps luet Äre Browser déi benéideg Web Fonts an Äre Browsercache, fir Texter a Schrëftararten korrekt unzeweisen. 

D’Benotze vu Google Maps erfollegt am Interessi vun enger uspriechender Duerstellung vun eisen Online-Offeren an un enger liichter Opfondbarkeet vun de Plazen déi op eiser Websäit ugi sinn. Dëst stellt ee berechtegten Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO duer. Souwäit eng entspriechend Awëllegung ofgefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechtung ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO a § 25 Abs. 1 TTDSG, souwäit d’Awëllegung d’Späicheren vu Cookies oder den Zougrëff op Informatiounen um Endgerät vum Benotzer (z.B. Device-Fingerprinting) am Sënn vum TTDSG ëmfaasst. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn.

Dateniwwerdroung an d’USA gëtt op d’Standardkontrakt-Klausel vun EU-Kommissioun gestëtzt. Detailer fannt Dir hei: https://privacy.google.com/businesses/gdprcontrollerterms/ an https://privacy.google.com/businesses/gdprcontrollerterms/sccs/

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat Benotzerdate fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Google: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy/.

Google reCAPTCHA

Mir benotze „Google reCAPTCHA“ (am Folgenden „reCAPTCHA“) op dëser Websäit. Fournisseur ass Google Ireland Limited („Google“), Gordon House, Barrow Street, Dublin 4, Irland. 

Mat reCAPTCHA soll iwwerpréift ginn, ob d’Aginn vun den Donnéeën op dëser Websäit (z.B. an engem Kontaktformulaire) duerch ee Mënsch oder duerch een automatiséierte Programm erfollegt. Heizou analyséiert reCAPTCHA d’Verhale vum Websäite-Visiteur unhand vu verschiddene Mierkmoler. Dës Analyse fänkt automatesch un, soubal de Websäite-Visiteur d’Websäit betrëtt. 

Fir d’Analyse wäert reCAPTCHA verschidden Informatiounen aus (z.B. IP-Adress, Verweildauer vum Visiteur op der Websäit oder vum Benotzer getätegt Mausbewegungen). Déi bei der Analyse erfaassten Date ginn u Google weidergeleet. D’reCAPTCHA-Analyse leeft vollstänneg am Hannergrond. Websäite-Visiteure ginn net dorop higewisen, datt eng Analyse stattfënnt. D’Späicherung an Analyse vun den Daten erfollegt op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO. De Websäite-Bedreiwer huet ee berechtegten Interessi dorun, seng Web-Offeren viru Mëssbrauch vun automatiséierten Ausspäung a viru SPAM ze schützen. 

Souwäit eng entspriechend Awëllegung ofgefrot gouf, erfollegt d’Veraarbechtung ausschliisslech op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO a § 25 Abs. 1 TTDSG, souwäit d’Awëllegung d’Späichere vu Cookies oder den Zougrëff op Informatiounen um Endgerät vum Benotzer (z.B. Device-Fingerprinting) am Sënn vum TTDSG ëmfaasst. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. 

Weider Informatiounen zu Google reCAPTCHA enthuelt Dir de Google-Dateschutzbestëmmungen an de Google Benotzungsbedéngungen ënnert folgende Links: https://policies.google.com/privacy?hl=de an https://policies.google.com/terms?hl=de.

8. Eegen Déngschter

Ëmgang mat Bewerberdaten

Mir bidden Iech d’Méiglechkeet, sech bei eis ze bewerben (z.B. per E-Mail, per Post oder via Online-Bewerbungsformulaire). Am Folgenden informéiere mir Iech iwwer Ëmfang, Zweck a Benotzung vun Ären am Kader vum Bewerbungsprozess erhuewe perséinlech Donnéeë. 

Mir versécheren, datt d’Erhiewung, Veraarbechtung a Benotze vun Ären Donnéeën an Iwwerastëmmung mam geltenden Dateschutzrecht an allen weidere gesetzleche Bestëmmungen erfollegt an Är Donnéeën streng vertraulech behandelt ginn.

Ëmfang an Zweck vun der Datenerhiewung

Wann Dir eis eng Bewerbung zoukomme loosst, veraarbechte mir Är domat verbonne perséinlech Donnéeën (z.B. Kontakt- a Kommunikatiounsdaten, Bewerbungsënnerlagen, Notizzen am Kader vum Bewerbungsgespréich etc.), souwäit dës zur Entscheedung iwwer d’Begrënnung vun engem Beschäftegungs-Verhältnis erfuerderlech ass. 

Rechtsgrondlag heivir ass § 26 BDSG nom lëtzebuergesche Recht (Initiatioun vun engem Beschäftegungs-Verhältnis), Art. 6 Abs. 1 lit. b DSGVO (allgemeng Kontrakts-Initiatioun) an – souwäit Dir eng Awëllegung erdeelt hutt – Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO. D’Awëllegung ka jidderzäit widderruff ginn. 

Är perséinlech Donnéeën ginn innerhalb eiser Entreprise ausschliisslech u Persoune weiderginn, déi un der Beaarbechtung vun Ärer Bewerbung bedeelegt sinn. Souwäit d’Bewerbung erfollegräich ass, ginn déi vun Iech agereechten Donnéeën op Grondlag vum § 26 BDSG-nei an Art. 6 Abs. 1 lit. b DSGVO zum Zweck der Duerchféierung vum Beschäftegungs-Verhältnis an eisen Dateveraarbechtungssystemer gespäichert.

Opbewarungsdauer vun den Daten

Souwäit mir Iech keng Offer fir eng Aarbechtsplaz maache kënnen, Dir eng Offer ofleent oder Är Bewerbung zeréckzitt, behale mir eis d’Recht vir, déi vun Iech iwwermëttelten Daten op Grondlag vun eise berechtegten Interessen (Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO) bis zu 6 Méint ab dem Beendegen vum Beruffungsverfaren (Ofleenung oder Zeréckzéien vun der Bewerbung) bei eis ze konservéieren. 

Uschléissend ginn d’Date geläscht an déi physesch Bewerbungsënnerlagen vernicht. D’Konservéierung déngt besonnesch Noweiszwecker am Fall vun engem Rechtssträit. Souwäit ersiichtlech ass, datt Daten no Oflaf vun der 6 Méint-Frist erfuerderlech gi wäerten (z.B. opgrond vun engem dréienden oder unhängegen Rechtssträit), fënnt ee Läschen eréicht statt, wann den Zweck fir déi weidergoend Konservéierung entfält. 

Eng länger Konservéierung kann ausserdeem stattfannen, wann Dir eng entspriechend Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO) ginn hutt oder wann gesetzlech Konservéierungs-Flichten vum Läschen entgéintsteet.

Opnam an de Bewerber-Pool

Souwäit mir Iech keng Offer fir eng Plaz maachen, besteet deemno wéi d’Méiglechkeet, Iech an eise Bewerber-Pool opzehuelen. Am Fall vun der Opnam ginn all Dokumenter an Donnéeën aus der Bewerbung an de Bewerber-Pool iwwerholl, fir Iech am Fall vu passende Plazen ze kontaktéieren. 

D’Opnam an de Bewerber-Pool geschitt ausschliisslech op der Grondlag vun Ärer ausdrécklecher Awëllegung (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO). D’Ofginn vun der Awëllegung ass fräiwëlleg a steet a kengem Bezuch zum lafenden Bewerbungs-Prozess.

De Betraffene kann seng Awëllegung jidderzäit widderruffen. An dësem Fall ginn Donnéeën aus dem Bewerber-Pool onwidderrufflech geläscht, souwäit keng gesetzlech Konservéierungs-Grënn virleien. Donnéeën aus dem Bewerber-Pool gi spéitstens zwee Joer nom Erdeelen vun der Awëllegung onwidderrufflech geläscht.

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now