Skip to content Skip to footer
Moderne Familljebetrib

Handwierk
Made in Luxembourg

Wa mir op eppes stolz sinn, ass dat eis lëtzebuergesch Origine: säit iwwer 50 Joer produzéiere mir als lëtzebuergesche Familljebetrib Produiten an traditioneller handwierklecher Qualitéit, no individuelle Virgaben vun eise Clienten an ënner Erfëllung héchste Serviceuspréch. Dowéinst sinn mir virun iwwer 20 Joer mam Label “MADE IN LUXEMBOURG” ausgezeechent ginn an dierfen dësen nach haut benotzen.

OST-Fenster Meilesteng

Wéi alles ugefaangen huet

Ugefaangen huet alles virun iwwer 50 Joer an enger klenger Schräinerei zu Gréiwemaacher mam Marce Weber, dem Grënner vun OST Fenster. Am Joer 1985 huet de Romain Hilger - haitegen Direkter vun OST - am Betrib als Gérant ugefaangen, deemools mat 12 Mataarbechter. Ongeféier 3 Joer méi spéit huet hien zesummen mat senger Fra d'Schräinerei vum Här Weber iwwerholl an OST Fenster S.à r.l. gegrënnt.

Eng kontinuéierlech Entwécklung mat den entspriechenden Investitiounen ass ee Muss fir d'Bestoe vun der Firma an d'Ofsécheren vun den Aarbechtsplazen z'assuréieren. Heizou zielt och d'Transmissioun un déi nächst Generatioun an der Familljendynastie, déi 2019 erfollegt ass.

Ugefaangen huet alles virun iwwer 50 Joer an enger klenger Schräinerei zu Gréiwemaacher mam Marcel Weber, dem Grënner vun OST-Fenster. Am Joer 1985 huet de Romain Hilger – viregten Direkter vun OST – am Betrib als Gerant ugefaangen, deemools mat 12 Mataarbechter.

Ongeféier 3 Joer méi spéit huet hien zesumme mat senger Fra d’Schräinerei vum Här Weber iwwerholl an OST-Fenster S.àr.l. gegrënnt. Nom Kaf vun engem Grondstéck an der deemoleger neier Industriezone Potaaschbierg, ass mam Bau vun enger neier Produktiounshal mat Bürosgebai vun insgesamt 3000 m² ugefaange ginn.

Ufank 1991 ass an dat fäerdegt Gebai mat deemools 16 Mataarbechter geplënnert ginn.

Ab Mëtt 1997 gouf en eegene Vertrib opgebaut deen zënterhier permanent ausgebaut gëtt fir esou d’Clientsberodung ze verbesseren.

1999 feiert OST säin éischten Internetoptrëtt, deemools ënnert der Domaine www.ost-fenster.lu.

An de Joren 2002 an 2003 gouf a modernsten Anlagen a Maschinnen investéiert: d’Produktioun ass op ONLINE-Stéierung bruecht ginn.

Als éischtem Handwierksbetrib an zweete lëtzebuergeschem Betrib iwwerhaapt ass OST 2003 den offiziellen Zertifikat fir e-Commerce iwwerreecht ginn.

Zwee Joer méi spéit: d’Erëffnung vun eisem neie Showroom a Form vun engem grousse Wantergaart un eisem Haaptsëtz zu Gréiwemaacher.

Am Juli 2010 gëtt OST als éischten auslännesche Betrib an d’FLG opgeholl. D’FLG ass eng Fënsterbau-Leeschtungs-Gesellschaft, déi 19 vun deenen nennenswäerten däitschen Fënsterbauer vereent. Am selwechten Joer gëtt d’Nopeschhal zur Expansioun kaf.

2011 – no ëmfangräichen Ëmbau- an Ariichtungsmoossnamen – dann d’Plënnere vun eiser Service-Abteilung souwéi d’Comptabilitéit- a Rechnungsabteilung an dat neit Gebai, eis Manufaktur II. Am Hierscht 2011 start eise Photovoltaik-Projet: op den Diech vun eisen Halen ass eng Nennleeschtung vun 250 kW peak installéiert ginn.

2012 investéiert OST nieft enger neier Software a neiem Aarbechtsgeschier an eng héich automatiséiert Produktiounslinn: Working Process Logos Team – eng Maschinn mat héchster Prezisioun a Flexibilitéit.

Ee Joer méi spéit start de Bau vun eiser Verbindungshal – tëschent der “Manufaktur I” an der “Manufaktur II”. Dës Verbindung erlaabt et ee bessere Produktiounsfloss ze garantéieren, bis hin zum Verpaken a Verluede vun der fäerdeger Wuer.

2017 hu mir an eng nei super modern Lackéierstrooss investéiert. Een héich technologeschen an vollautomatesche Lackéiersystem fir Fënsteren an Dieren. Déi zwee Sprëtz-Roboter an den elektronesche System zur Formerfaassung erméiglecht et all Dieren- a Fënstertyp mat eegene Lackéiervirschrëften an héchster Qualitéit ze lackéieren.

2019 ass d’Transmissioun vun OST-Fenster un déi nächst Generatioun erfollegt: d’Lynn an de Sven Hilger hunn d’Entreprise vun hierem Papp iwwerholl a soumat déi nei Direktioun vun OST-Fenster. 
Aus OST-Fenster S.à r.l. ass OST-Fenster S.A. ginn. 

Weider Investissiounen an eise Maschinnepark si en cours. 

Traditioun an Innovatioun

Dat gutt bäibehaalen
an dat neit integréieren

D'handwierklech Bekenntnis bedeit awer op kee Fall, dass mir op modern Hierstellungstechnik absolut verzichten. Well eréischt déi modernsten Technologie gëtt eis héchstméiglechst Flexibilitéit bei der Realisatioun vun individuellen Iddien a Wënsch vu Bauhär oder Architekt a suergt fir eng konstant héich Qualitéit. Et ass d'Zesummespill vun handwierklechem Kënnen an innovativer Technik, wat eis Produiten zu besonnesche mécht - siichtbar a spierbar fir vill, vill Joren.

Atelier

Richteg Spezialisten
an de leschte Schlëff

Et ass net nëmme den Geroch vun Holz, deen an eisem Atelier un d’Schräinerei vu fréier erënnert. Et sinn och d’Leit hei, déi mat groussem handwierklechem Geschéck dës natierlech Matière Première aus hirer onbeaarbechter Form enger neier funktioneller Bestëmmung zouféiert. Fléissbänner ginn et keng – duerfir awer vill kleng eenzel Atelieren déi engem Spezialist zougeuerdent sinn. All Produktiounsschratt, op Zouschneiden, Huwwelen, Fräsen, Schläifen oder d’Lackéieren ginn extrem minutiéis a mat vill Gedold ausgeféiert – spréchwiertlech bis zum leschte Schlëff.

Plangen

Virausgesinn
a méi wäit goen

Et wier eis ze mann, just nëmmen gutt Produiten ze liwweren. Dowéinst setze mir deen entscheedenden Schratt fréi un: mat der individueller Berodung – vun der Plang-Phase un. Eist Ziel: d’Virstellungen an d’Ufuerderungen vum Architekt a Bauhär esou ze erfëllen, dass Iddi an Ëmsetzung zu enger perfekter harmonescher Eenheet gëtt. Natierlech mussen dobäi divers Krittären erfëllt ginn. Sou passen mir scho bei der Auswiel vum Material a Komponenten op beschtméiglechst Qualitéit op, setzen energetesch Virgaben ëm a berécksiichtegen Schallschutz an Abrochsécherheet.

Kuerz: mir denken zesumme weider – bis zu der passender Montage bei Iech doheem.

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now