Fenster | Türen | Glasfassaden

Dateschutzhiweis

1. Datenschutz op ee Bléck

Allgemeng Hiweis

Déi folgend Hiweiser ginn een einfachen Iwwerbléck doriwwer, wat mat Äre perséinlechen Donnéeë geschitt, wann Dir eis Websäit besicht. Perséinlech Donnéeë sinn all d'Donnéeën, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn. Ausféierlech Informatiounen zum Thema Dateschutz fannt Dir ënnert dësem Text an eiser Dateschutzerklärung.

Datenerfaassung op eiser Websäit

Ween ass responsabel fir Datenerfaassung op dëser Websäit ?

Dateveraarbechtung op dëser Websäit erfollegt duerch de Websäite-Bedreiwer. Deem seng Kontaktdate fannt Dir am Impressum vun dëser Websäit.

Wéi erfaasse mir Är Donnéeën?

Är Donnéeë ginn engersäits doduerch erhuewen, datt Dir eis dës matdeelt. Heibäi kann et sech z. B. ëm Donnéeën handelen, déi Dir an engem Kontaktformular a gitt.

Aner Donnéeë ginn automatesch beim Besuch vun der Websäit duerch eisen IT-System erfaasst. Dat si virun allem technesch Daten (z. B. Internetbrowser, Betribssystem, oder d'Auerzäit vum Säitenopruff). D'Erfasse vun dësen Donnéeën erfollegt automatesch, soubal Dir op eiser Websäit sidd.

Woufir benotze mir Är Donnéeën?

Een Deel vun den Donnéeë ginn erhuewen, fir eng feelerfräi Dispositioun vun der Websäit ze garantéieren. Aner Date kënne fir d'Analyse vun Ärem Notzerverhaale benotzt ginn.

Wéi eng Rechter hutt Dir betreffend Ären Donnéeën?

Dir hutt jidderzäit d'Recht gratis Renseignementer iwwer Hierkonft, Empfänger an Zweck vun Äre gespäicherten Donnéeën ze verlaangen. Heizou souwéi zu weidere Froen zum Thema Dateschutz kënnt Dir Iech jidderzäit ënnert der Adress déi am Impressum uginn ass, un eis wennen. Des weidere steet Iech d'Recht zou sech bei der zoustänneger Autoritéit ze beschwéieren.

Analyse-Tools an Tools vun Drëtt-Ubidder

Beim Besuch vun eiser Websäit kann Äert Surf-Verhalen statistesch ausgewäert ginn. Dëst geschitt virun allem mat Cookies a mat sougenannten Analyse-Programmer. D'Analyse vun Ärem Surf-Verhalen erfollegt an der Regel anonym; d'Surf-Verhale kann net bei Iech zeréck verfollegt ginn. Dir kënnt dëser Analyse widderspriechen oder si duerch net benotze vu bestëmmten Tools verhënneren. Détailléiert Informatiounen dozou fannt Dir an der folgender Dateschutzerklärung.

Dir kënnt dëser Analyse widderspriechen. Iwwer d'Méiglechkeet ze widderspriechen informéiere mir Iech an dëser Dateschutzerklärung.

2. Allgemeng Hiweiser & Pflichtinformatiounen

Dateschutz

Bedreiwer vun dëser Säit huelen de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën extrem serieux. Mir behandelen Är perséinlech Donnéeë vertraulech an entspriechend de gesetzlechen Dateschutzvirschrëften souwéi dëser Dateschutzerklärung.

Wann Dir dës Websäit benotzt, gi verschidde perséinlech Donnéeën erhuewen. Perséinlech Donnéeë sinn Date, mat deenen Dir perséinlech identifizéiert kënnt ginn. Déi virleiend Dateschutzerklärung informéiert, wéi eng Donnéeën mir erhiewen a firwat mir se benotzen. Si erklärt och, wéi an zu wéi engem Zweck dat geschitt.

Mir weisen dorop hin, datt déi Daten-Iwwerdroung am Internet (z. B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) Sécherheetslücken opweise kann. Ee Schutz ouni Lücke vun den Donnéeë virum Zougrëff duerch Drëtt ass net méiglech.

Hiweis zu der verantwortlecher Plaz

Déi responsabel Plaz fir Dateveraarbechtung op dëser Websäit ass:

OST Fenster S.à r.l.
Z.I. Potaschbierg, 14, op der Ahlkërrech,
6776 Grevenmacher, Luxemburg

Telefon: (+352) 71 90 91 1
E-Mail: datenschutz@ost.lu

Déi responsabel Plaz ass déi natierlech oder juristesch Persoun, déi alleng oder zesumme mat aneren iwwer d'Zwecker a Mëttel vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën (z. B. Numm, E-Mail-Adressen o.ä.) entscheed.

Widderruff vun Ärer Awëllegung zu der Dateveraarbechtung

Vill Dateveraarbechtungs-Virgäng si just mat Ärer ausdrécklecher Awëllegung méiglech. Dir kënnt eng schonns accordéirt Awëllegung zu jidderzäit widderruffen. Dozou geet eng einfach Matdeelung per E-Mail un eis duer. D'Rechtméissegkeet vun der Dateveraarbechtung déi bis zum Widderruff erfollegt ass, bleift vum Widderruff onberéiert.

Beschwéier-Recht bei den zoustännegen Autoritéiten

Am Fall vun dateschutzrechtleche Verstéiss steet dem Betraffenen d'Recht zou sech bei der zoustänneger Autoritéit ze beschwéieren:

National Kommissioun fir den Dateschutz

1, avenue du Rock’n’Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette

Tel.: (+352) 26 10 60-1

https://cnpd.public.lu/de.html

Recht op Dateniwwerdroung

Dir hutt d'Recht, Donnéeën, déi mir op Grondlag vun Ärem Accord oder an Erfëllung vun engem Kontrakt automatesch veraarbechten, un Iech oder un een Drëtten an engem gängege maschinneliesbare Format aushännegen ze loossen. Sollt Dir déi direkt Iwwerdroung vun den Donnéeën un een anere Responsable verlaangen, erfollegt dëst just, esou wäit et technesch machbar ass.

SSL- resp. TLS-Verschlësselung

Dës Säit benotzt aus Sécherheetsgrënn an fir de Schutz vun der Iwwerdroung vu vertraulechen Inhalter, wéi z. B. Bestellungen oder Ufroen, déi Dir un eis als Säite-Bedreiwer schéckt, eng SSL- resp. TLS-Verschlësselung. Eng verschlësselt Connectioun erkennt Dir dorun, datt d'Adresszeil vum Browser vun “http://” op “https://” wiesselt an um Schlass-Symbol an Ärer Browserzeil.

Wann d'SSL- resp. TLS-Verschlësselung aktivéiert ass, kënnen d'Donnéeën, déi Dir un eis iwwermëttelt, net vun Drëtte mat gelies ginn.

Renseignement, Spärung, Läschen

Dir hutt am Kader vun de gëltege gesetzleche Bestëmmungen zu jidderzäit d'Recht op gratis Renseignement iwwer Är gespäichert perséinlech Donnéeën, hir Origine an Destinataire an den Zweck vun der Dateveraarbechtung an deemno wéi ee Recht op d'richteg stellen, Spären oder Läsche vun deenen Donnéeën. Heizou souwéi zu weidere Froen zum Thema perséinlechen Donnéeën kënnt Dir Iech zu jidderzäit iwwert d'Adress déi am Impressum uginn ass un eis wennen.

Widdersproch géing Publicitéit-Mails

Dem Benotze vun am Kader vun der Impresssumsflicht verëffentlechte Kontaktdate zum Verschécken vu net ausdrécklech ugefuerderter Publicitéit an Informatiounsmaterial gëtt heimat widdersprach. D'Bedreiwer vun der Säit behale sech ausdrécklech vir, rechtlech Schrëtt am Fall vum onverlaangten Zouschécke vu Werbeinformatiounen, wéi duerch Spam-Mails.

3. Datenerfaassung op eiser Websäit

Cookies

D'Internetsäite benotzen deelweis sou genannte Cookies. Cookies riichten op Ärem Computer kee Schued un an enthale keng Viren. Cookies dengen dozou, eis Offeren méi notzerfrëndlech, effektiv a sécher ze maachen. Cookies si kleng Textdateien, déi op Ärem Computer ofgeluecht ginn an déi Äre Browser späichert.

Déi meeschte vun eise benotzte Cookies si sougenannte "Session-Cookies". Si gi no Ärem Besuch automatesch geläscht. Aner Cookies bleiwen op Ärem Endgerät gespäichert bis Dir se läscht. Déi Cookies erméiglechen eis et, Äre Browser bei Ärer nächster Visite erëm z'erkennen.

Dir kënnt Äre Browser esou astellen, datt Dir iwwer d'Sätze vun de Cookies informéiert gitt a Cookies just am Eenzelfall erlaabt ginn, d'Unhuele vu Cookies fir bestëmmte Fäll oder generell ausschléissen souwéi d'automatesch Läschen vun de Cookies beim Zoumaache vum Browser aktivéieren. Beim Desaktivéiere vu Cookies kann d'Funktionalitéit vun dëser Websäit ageschränkt ginn.

Cookies, déi zur Duerchféierung vun elektroneschem Kommunikatiouns-Virgank oder zum Bereetstelle vu bestëmmte vun Iech erwënschte Funktiounen (z. B. Wuerekuerffunktioun) erfuerderlech sinn, ginn op Grondlag vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO gespäichert. De Websäite-Bedreiwer huet ee berechtegten Interessi um Späichere vu Cookies fir eng technesch feelerfräi an optiméiert Bereetstellung vu sengen Déngschter. Souwäit aner Cookies ( z. B. Cookies zur Analyse vun Ärem Surf-Verhalen) gespäichert ginn, ginn dës an dëser Dateschutzerklärung separat behandelt.

Server-Log-Dateien

De Provider vun de Säiten erhierft a späichert automatesch Informatiounen a sou genannte Server-Log-Dateien, déi Äre Browser automatesch un eis iwwermëttelt. Dës sinn:

  • Browsertyp a Browserversioun
  • benotzte Betribssystem
  • Referrer URL
  • Hostnumm vum zougräifende Computer
  • Auerzäit vun der Server-Ufro
  • IP-Adress

Eng Zesummeféierung vun dësen Date mat aneren Datequelle gi net virgeholl.

Grondlag fir déi Dateveraarbechtung ass den Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO, deen déi Veraarbechtung vun Daten fir d'Erfëlle vun engem Kontrakt oder Moossnahme virum Kontrakt autoriséiert.

Kontaktformular

Wann Dir eis per Kontaktformular Ufroen zoukomme loosst, ginn Är Donnéeën aus dem Ufro-Formular inklusiv de Kontaktdate déi dir aginn hutt fir den Zweck vun der Beaarbechtung vun der Ufro a fir de Fall vun uschléissende Froe bei eis gespäichert. Dës Date gi mir net ouni Ären Accord weider.

D'Veraarbechtung vun den Donnéeën déi am Kontaktformular agi sinn, erfollege soumat ausschliisslech op Grondlag vun Ärem Accord (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO). Dir kënnt dësen Accord zu jidderzäit widderruffen.

Donnéeën déi Dir am Kontaktformular aginn hutt, verbleiwe bei eis, bis Dir eis opfuerdert se ze läschen, Ären Accord fir d'Späicheren widderrufft oder den Zweck fir Datespäicherung entfält (z. B. no der ofgeschlosse Beaarbechtung vun Ärer Ufro). Zwéngend gesetzlech Bestëmmungen - insbesonneg Opbewahrungsfristen - bleiwen onberéiert.

4. Analyse Tools a Publicitéit-Mails

Google Analytics

Dës Websäit notzt d'Funktioun vum Webanalysendéngscht Google Analytics. Ubidder ass d'Google Inc., 1600 Amphitheatre Parkway, Mountain View, CA 94043, USA.

Google Analytics benotzt sou genannte "Cookies". Dat sinn Textdateien, déi op Ärem Computer gespäichert ginn an déi eng Analyse vum Benotze vun der Websäit duerch Iech erméiglechen. Déi duerch de Cookie entstanen Informatiounen iwwert Äert Benotze vun eiser Websäit ginn an der Regel op ee Server vu Google an den USA iwwerdroen an do gespäichert.

D'Späicherung vu Google Analytics-Cookies erfollegt op Grondlag vum Art. 6 abs. 1 lit. f DSGVO. De Websäite-Bedreiwer huet ee berechtegten Interessi un der Analyse vum Notzerverhaale fir esou seng Web-Offer wéi och seng Publicitéit z'optiméieren.

IP Anonymiséierung

Mir hunn op dëser Websäit d'Funktioun IP-Anonymiséierung aktivéiert. Doduerch gëtt Är IP-Adress vu Google innerhalb vu Memberstate vun der Europäescher Unioun oder an anere Kontraktstate vum Ofkommes iwwer den Europäesche Wirtschaftsraum virun der Iwwermëttelung an d'USA gekierzt. Am Optrag vum Bedreiwer vun dëser Websäit wäert Google dës Informatiounen benotze, fir Ärt Notzung vun der Websäit auszewäerte, fir Reports iwwer déi Websäitenaktivitéiten zesummen ze stellen an fir weider mat der Websäitennotzung an der Internet-Notzung verbonnen Déngschtleeschtungen géigeniwwer dem Websäite-Bedreiwer z'erbréngen. Déi am Kader vu Google Analytics vun Ärem Browser iwwermëttelt IP-Adress gëtt net mat aneren Date vu Google zesummegefouert.

Browser Plugin

Dir kënnt d'Späichere vun de Cookies duerch eng enspriechend Astellung vun Ärer Browser-Software verhënneren; mir weisen Iech allerdéngs dorop hin, datt Dir an dësem Fall eventuell net sämtlech Funktiounen vun dëser Websäit komplett benotze kënnt. Dir kënnt doriwwer eraus d'Erfaasse vun den Daten, déi duerch de Cookie entstanen an op Äert Benotze vun der Websäit bezu sinn (inkl. Ärer IP-Adress) u Google souwéi d'Veraarbechtung vun dësen Daten duerch Google verhënneren, andeems Dir den ënnert folgendem Link verfügbare Browser-Plugin eroflued an installéiert: https://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de.

Widdersproch géint Datenerfaassung

Dir kënnt d'Erfaasse vun Ären Donnéeën duerch Google Analytics verhënneren, andeems Dir op folgende Link klickt. Et gëtt een Opt-Out-Cookie gesat, deen d'Erfaasse vun Ären Donnéeë bei zukünftege Visite vun der Websäit verhënnert: Google Analytics desaktivéieren.

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat Benotzerdate bei Google Analytics fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Google: https://support.google.com/analytics/answer/6004245?hl=de.

Optragsdateveraarbechtung

Mir hu mat Google ee Kontrakt zur Optragsdateveraarbechtung ofgeschloss a setzen déi streng Virgabe vun der lëtzebuergescher Dateschutz-Autoritéit beim Benotze vu Google Analytics komplett ëm.

5. Newsletter

Newsletterdaten

Wann Dir de Newsletter, deen op der Websäit offréiert gëtt, bezéie wëllt, brauche mir vun Iech eng E-Mail-Adress souwéi Informatiounen, déi eis d'Iwwerpréiwung erméiglechen, datt Dir de Besëtzer vun der E-Mail-Adress déi Dir aginn hutt sidd a mam Empfaange vum Newsletter d'Accord sidd. Weider Donnéeë gi net respektiv just op fräiwëlleger Basis erhuewen. Dës Donnéeë benotze mir ausschliisslech fir d'Verschécke vun den ugefuerderten Informatiounen a ginn dës net un Drëtt weider.

D'Veraarbechtung vun den Donnéeën déi Dir am Newsletterformular aginn hutt erfollegt ausschliisslech op Grondlag vun Ärem Accord (Art. 6 Abs. 1 lit. a DSGVO). Den erdeelten Accord fir d'Späicheren vun den Donnéeën, der E-Mail-Adress souwéi d'Benotze vun dëser fir d'Verschécke vum Newsletter kënnt Dir zu jidderzäit widderruffen, iwwert den "Ofmellungs"-Link am Newsletter. D'Rechtméissegkeet vun de schonns erfollegten Dateveraarbechtungsvirgäng bleift vum Widderruff onberéiert.

Déi vun Iech fir den Zweck vum Newsletter-Bezéie bei eis hannerluechten Donnéeë gi vun eis bis zu Ärem Ausdroen aus dem Newsletter gespäichert an no der Ofmellung vum Newsletter geläscht. Donnéeën, déi fir aner Zwecker bei eis gespäichert gi sinn (z. B. E-Mail-Adresse fir de Membersberäich) bleiwen heivunner onberéiert.

6. Plugins an Tools

YouTube

Eis Websäit benotzt Plugins déi vu Google bedriwwe Säit YouTube. Bedreiwer vun der Säit ass YouTube, LLC, 901 Cherry Ave., San Bruno, CA 94066, USA.

Wann Dir eng vun eise Säite besicht déi mat YouTube-Plugins ausgestatt ass, gëtt eng Connectioun

Wann Dir eng vun eise Säite besicht déi mat YouTube-Plugin ausgestatt ass, gëtt eng Connectioun zu de Server vu YouTube hirgestallt. Dobäi gëtt dem YouTube-Server matgedeelt, wéi eng vun eise Säiten Dir besicht hutt.

D'Benotze vu YouTube erfollegt am Interessi vun enger uspriechender Duerstellung vun eisen Online-Offeren. Dëst stellt ee berechtegten Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO duer.

Weider Informatiounen zum Ëmgang mat Benotzerdate fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu YouTube ënnert: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy.

Google Web Fonts

Dës Säit benotzt fir eng eenheeltech Duerstellung vu Schrëftaarte sou genannte Web Fonts, déi vu Google bereet gestallt ginn. Bei Opruffe vun enger Säit lued Äre Browser déi néideg Web Fonts an Äre Browser-Cache, fir d'Texter a Schrëftaarte korrekt unzeweisen.

Zu dësem Zweck muss dee vun Iech benotzte Browser Connectioun zu de Server vu Google ophuelen. Hei duerch kritt Google Kenntnis doriwwer, datt iwwer Är IP-Adress eis Websäit opgeruff ginn ass. D'Benotze vu Google Web Fonts erfollegt am Interessi vun enger eenheetlecher an uspriechender Duerstellung vun eisen Online-Offeren. Dës stellt ee berechtegten Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO duer.

Wann Äre Browser Web Fonts net ënnerstëtzt, gëtt eng Standardschrëft vun Ärem Computer benotzt.

Weider Informatiounen zu Google Web Fonts fannt Dir ënnert https://developers.google.com/fonts/faq souwéi an der Dateschutzerklärung vu Google: https://www.google.com/policies/privacy/.

Google Maps

Dës Säit benotzt iwwer eng API de Kartendéngscht Google Maps. Ubidder ass d'Google Inc., 1600 Amphiteatre Parkway, Mountain View, CA 94043, USA.

Fir d'Benotze vun der Funktioun vu Google Maps ass et noutwenneg, Är IP-Adress ze späicheren. Den Ubidder vun dëser Säit huet keen Afloss op dës Dateniwwerdroung.

D'Benotze vu Google Maps erfollegt am Interessi vun enger uspriechender Duerstellung vun eisen Online-Offeren an un enger liichter Opfondbarkeet vun de Plazen déi op eiser Websäit ugi sinn. Dëst stellt ee berechtegten Interessi am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 lit. f DSGVO duer.

Méi Informatiounen zum Ëmgang mat Benotzerdate fannt Dir an der Dateschutzerklärung vu Google: https://www.google.de/intl/de/policies/privacy/.

<