#
Fenster | Türen | Glasfassaden

OST Fenster Meilesteng

OST.
wéi alles ugefaangen huet.

Ugefaangen huet alles virun iwwer 50 Joer an enger klenger Schräinerei zu Gréiwemaacher mam Marcel Weber, dem Grënner vun OST Fenster. Am Joer 1985 huet de Romain Hilger - haitegen Direkter vun OST - am Betrib als Gérant ugefaangen, deemools mat 12 Mataarbechter. Ongeféier 3 Joer méi spéit huet hien zesumme mat senger Fra d'Schräinerei vum Här Weber iwwerholl an OST Fenster S.àr.l. gegrënnt. Nom Kaf vun engem Grondstéck an der deemoleger neier Industriezone Potaaschbierg, ass mam Bau vun enger neier Produktiounshal mat Bürosgebai vun insgesamt 3000 m² ugefaange ginn Ufank 1991 ass an dat fäerdegt Gebai mat deemols 16 Mataarbechter geplënenrt ginn. Ab Mëtt 1997 gouf eng eege Vertribsofdeelung opgebaut déi zënterhier permanent ausgebaut gëtt fir esou d'Konnenberodung ze verbesseren. 1999 feiert OST säin éischten Internetoptrëtt, deemols ënnert der Domaine www.ost-fenster.lu. An de Joeren 2002 an 2003 gouf a modernesten Anlagen a Maschinnen investéiert: d'Produktioun ass op ONLINE-Stéierung bruecht ginn. Als éischtem Handwierksbetrib an zweete lëtzebuergeschem Betrib iwwerhaapt ass OST 2003 den offiziellen Zertifikat fir e-Commerce iwwerreecht ginn. Zwee Joer méi spéit: d'Erëffnung vun eisem neie Showroom a Form vun engem grousse Wantergaart un eisem Haaptsëtz zu Gréiwemaacher. Am Juli 2010 gëtt OST als éischten auslännesche Betrib an d'FLG opgeholl. D'FLG ass eng Fënsterbau-Leeschtungs-Gesellschaft, déi 19 vun deenen nennenswäerten däitschen Fënsterbauer vereent. Am selwechten Joer gëtt d'Nopeschhal zur Expansioun kaf. 2011 - no ëmfangräichen Ëmbau- an Ariichtungsmoossnamen - dann d'Plënner vun eiser Serviceofdeelung souwéi d'Comptabilitéit- a Rechnungsofdeelung an dat neit Gebai, eis Manufaktur II. Am Hierscht 2011 start eise Photovoltaik-Projet: op den Dierch vun eisen Hale ass eng Nennleeschtung vun 250 kW peak installéiert ginn. 2012 investéiert OST nierft enger neier Software a neiem Aarbechtsgeschir an eng héich automatiséiert Produktiounslinn: Working Process Logos Team - eng Maschinn mat héchster Präzisioun a Flexibilitéit. Ee Joer méi spéit start de Bau vun eiser Verbindungshal - zwëschent der "Manufaktur I" an der "Manufaktur II". Dës Verbindung erlaabt et ee bessere Produktiounsfloss ze garantéieren, bis hin zum Verpacken a Verluede vun der fäerdeger Wuer.  Fir 2017 sinn schonn déi nächst grouss Investitiounen a Saachen Uewerflächevereedelung vun eise Produiten geplangt. 

Eng kontinuéierlech Entwécklung mat den entspriechenden Investitiounen ass ee Muss fir d'Bestoe vun der Firma an d'Ofsécheren vun den Aarbechtsplazen z'assuréieren. Heizou zielt och d'Transmissioun un déi nächst Generatioun an der Familljendynastie, déi scho voll am Gaang ass.

<