#
Fenster | Türen | Glasfassaden

10 Grënn. firwat Holzfënsteren einfach déi beschte Wiel ass.

Wann Dir een Haus baut, ee Gebai renovéiert oder ee Projet plangt, musst Dir Iech als éischt fir déi richteg Baustoffer an Elementer entscheeden. OST liwwert Iech gutt Grënn, wisou Holz bei Fënsteren an Dieren déi beschte Wiel ass.

Modern Holzfënsteren gesinn net nëmmen besser aus a ginn Ärem Haus ee speziellen Flair, mee sinn besonnesch ökologesch, technesch virbildlech souwéi op Dauer käschtegënschteg. An nach vill méi.

  • Holz ass méi stabil a liwwert eng perfekt Stabilitéit vun de Fënsteren. Bei aneren Materialien vun der Rumm muss d'Glas déi statesch Funktioun iwwerhuelen - wat mat der Zäit zu engem Iwwerbelaaschte féiert an d'Profiler zesumme sacken.
  • Holzfënsteren sinn ëmweltfrëndlech: Holz ass eng natierlech Matière Première déi stänneg nowiisst a biologesch komplett ofgebaut ka ginn. Während hirem Wuesstem verbrauche Beem klimaschiedlechen Co2. Plastik a Metall sinn dogéint Matièren, déi vun Ufank un Co2 produzéieren. An Dank geréngem Energieopwand an der Hirstellung a laanger Liewensdauer schounen Holzfënsteren zousätzlech Klima an Ëmwelt. Am Géigesaz zu all deenen anere Matière bei deenen den Energieopwand extrem héich ass bei der Hirstellung. Ween also nohalteg an ökologesch baue wëll, kënnt net laanscht d'Holzfënster. 
  • Holzfënsteren si laangwiereg: mat der richteger Fleeg hält eng Holzfënster allen Uspréch stand - iwwer Generatiounen. Hier Liewensdauer ass 3 mol méi héich wéi déi vu Plastiksfënsteren! An d'Entsuergung vu Plastik-Produiten ass jo bekanntlech méi wéi problematesch.
  • Holzfënsteren bidden am Brandfall méi Sécheheet: si kënnen dem Féier net nëmme méi laang stand halen, mee entwécklen och wesentlech manner Damp a setzen keen Dioxin fräi. Bei brennendem Plastik dogéint, entstinn Salzsaier, héich gëftegen Dioxin an aner geféierlech Gasen. Während Thermoplast scho bei 110 bis 130 Grad zerfléisst, kënnen Holzfënsteren Temperaturen vun iwwer 200 Grad ouni weideres stand halen. D'Rumm bei Holzfënsteren bleiwen also méi laang stabil.
  • Holzfënsteren schengen vläit, op den éischte Bléck, net déi gënschteg Variant ze sinn - si sinn et op Dauer allerdéngs schonn! A Saachen Dämmung an Isolatioun mécht Holzfënsteren sou schnell keen eppes fir: schonn 1 cm Holz isoléiert esou vill wéi 10 cm Zillen. Dowéinst sinn Holzfënsteren fir Passiv- an Niddregenergiehaiser perfekt gëeegent. Déi gutt Isolatiounswerter maachen sech zum Schluss bei de Niewekäschten bzw. Heizkäschte bezuelt. Mat Holzfënstere spuert Dir soumat Suen!
  • Holz suergt fir angenehmt Raumklima a reguléiert d'Loftfiichtegkeet andeems et d'Fiichtegkeet ophëlt a bei ze drëschener Loft erëm ofgëtt. Dat schount d'Otemweeër a senkt d'Gefor vu Schläimhautreizungen. Zousätzlech vermeit dës Eegeschaft vum Holz och de Schëmmel un de Wänn. Grad do wou d'Bausubstanz loftdicht isoléiert ass, schaaft eng héicht Loftfiichtegkeet ideal Liewensbedingungen fir Schëmmelpilz. Déi ausgläichend Wierkung vun Holz gëtt doduerch zum richtege Pluspunkt géigeniwwer vun anere Matièren.
  • Holz ass flexibel: duerch déi breet Palette vun asetzbare Profiler an Holzarten, souwéi déi quasi onendlech Villfalt u Faarwen, Lasuren a Lack, léisst sech bal all Wonsch erfëllen. A nëmmen Holzfënsteren hunn de Virdeel, dass ee si faarfech verännere kann. Nei Ariichtung? Neie Goût? Kee Problem - en neien Ustrach geet duer an Är Holzfënsteren gesinn och no Joren ouni grousse Käschtenopwand erëm wéi nei aus. Ausserdeem kënnt Dir bannen eng aaner Faarf wielen wéi baussen.
  • Holzfënsteren sinn zäitlos an iwwerall asetzbar: si passen zu alle Bauarten an Architekturkonzepter - egal op moderne Neibau, klassescht Härenhaus oder denkmalgeschützte Gebai. Grad beim Denkmalschutz mussen déi benotzte Baustoffer den historesche Matièren entspriechen. PVC- oder Aluminumfënsteren kënnen d'Kritären vun enger historescher Holzfënster net erfëllen.
  • Holzfënsteren sinn esou fleegeliicht wéi nach ni: modern Holzfënsteren hunn sech extrem weiderentwéckelt an erfuerderen net méi Opwan ewéi aner Fënsteren. Si sinn zu fleegeliichten, wertbestännege Miwwelstécker ginn, déi vill Joren funktionell a schéi bleiwen. An duerch d'Kombinatioun mat Aluminiumschuele baussen ass de Wartungs- a Fleegeopwand nach méi gereng.
  • Holzfënsteren sinn einfach méi schéin: Holz huet Charakter a Stil - egal op a klassescher Eleganz oder moderne Faarftéin. Holz vermëttelt Wäermt a Komfort an dréit zum Wuelbefannen bäi. Dat leit un dr wonnerbarer Optik an u physikaleschen Eegeschaften, déi mir deels just onbewosst wouer huelen. Wictege Kritär hei ss d'Wäermeleedung: Objeten mat enger kaler Uewerfläch ginn als onangenehm empfonnt am Géigesaz zu deenen, wou d'Temperatur vun der Uewerfläch déi vn engem Mensch entsprécht. Fënsteren aus Holz erfëllen dës Uspréch däitlech besser wéi aaner Matièren.

Hu mir Iech iwwerzeegt? Dann froot nach haut Ären Devis fir Holz oder Holz-Aluminium Fënsteren un méi gewuer ginn

<