Fenster | Türen | Glasfassaden

Insekteschutz. de natierleche Schutz virun Insekten.

Wien kennt et net: knapps befanne mir eis an der waarmer Joreszäit, stinn och d'Insekten erëm virun der Dier. Si sinn zwar meeschtens harmlos, trotzdem sollt een d'gesondheetlech a hygienesch Geforen net aus den Ae verléieren.

Moustiquen rauben eis net nëmmen de Schlof, si léise mat hire Stéch och allergesch Reaktiounen aus. Iwwerhaapt sinn d'Wierkungen an d'Gefor vun Insektestéch grad an der haiteger, vun villen Allergien geprägten Zäit net ze ënnerschätzen. Mécken leeën Eeër op d'Nahrungsmëttel, Blatläis befalen d'Zëmmerplanzen an d'Matten ruinéieren d'Textilien.

Et ginn also ee ganze Koup gutt Grënn, sech zumindest an den eegene véier Wänn virun Insekten ze schützen.

OST bidd passgenau Léisunge fir d'Insekte fern ze halen. Mat engem Insekteschutzgitter mat engem feine Filet, dee frësch Loft an Dagesliicht eran léisst, den übleche Plogeeschter allerdéngs d'Andréngen zouverléisseg verspäert.

Quasi all Fënster- an Diereformat loossen sech - natierlech op Mooss - fäerdegen. Ënnerschiddlech Faarwen fir d'Rumm an Ausféierungen vum Filet stinn zur Auswiel, soudass de Méckeschutz eng optesch harmonesch Eenheet mat Äre Fënsteren bild.

Ausféierlech Infoen iwwert déi ënnerschiddlech Insekteschutztypen fannt Dir hei. Eis Experten stinn Iech selbstverständlech och zu jidder Zäit fir eng Berodung zur Verfügung.

<