Fenster | Türen | Glasfassaden

OST Fënster Actualu Allround

Mir bei OST sichen ëmmer no neie Léisunge fir eis Clienten an entwéckelen eis soumat permanent weider: dowéinst ass eise neien Holz-Aluminium Fënstermodell ACTUALU ALLROUND elo nach méi innovativ. Dank de kantegen Aluminium-Schuele baussen, gesäit en optesch net nëmmen extrem modern aus, mee ass dobäi och nach méi effizient. Duerch déi flaach Aluminium-Schuelen um Fligel sinn elo nach méi deck Glasscheiwe méiglech – max. 42 mm / 0,6 Ug. An dank de neie kantegen Aluminium-Schuelen léisst sech den ACTUALU ALLROUND och ideal mat eisen zwee Fënstermodeller ACTUALU STYLE a PREMIUM ECONOMY kombinéieren. Och bei der banneleiender Jalousie – déi zwëschent de Scheiwen integréiert ass – huet sech sou munches verännert: d'Undreiwen leeft bei der ACTUALU ALLROUND Fënster nëmmen nach iwwer Motor. Kee manuellt Erop- an Eroffuere méi, mee einfach a bequem per Funkhandsender mat Scrollrad fir d'präzis Astellen vun de Lamellen. An dank Hannerlëftung vun der Jalousie gëtt d'Beschloe vun der Scheiwebannesäit extrem verréngert.

Fir méi Infoen oder eng ausféierlech Berodung, stinn Iech eis Verkeefer gären zur Verfügung.

<