Fenster | Türen | Glasfassaden

nach méi innovativ. mat der neister Technologie.

Eis nei extrem modern Lackéierstrooss: een héich technologescht, vollautomatescht Lackéiersystem fir Fënsteren an ieren. D'elektronescht System zur Formerfaassung an zwee innovativ Sprëtz-Roboter erméigleche et all Typ vun Dier a Fënster mat eegener Lackéiervirschrëft ze lackéieren.

De System besteet aus enger héichopléisender Liesmaschinn. Während Dier oder d'Fënster d'Kabinn duerchleeft, generéiert d'Liesmaschinn een digitaalt Bild vun dem Stéck wat grad op der Spanrumm hänkt. D'Bild gëtt vum Computer erfaasst, deen ee speziellen Lackéierprogramm fir d'Stéck eraarbecht an un de Roboter weiderleet, deen dann d'Wierkstéck eegestänneg lackéiert.

Dank senge sechs Achsen kann e Roboter all Zort vu Beweegung ausféieren. Souguer Beweegungen, déi an extrem komplizéierten Lackéiervirgäng gebrauch ginn, si méiglech.

D'Stécker déi ze lackéiere sinn, kënnen verschidde Formen a Gréissten hunn, je no Wonsch a Besoin vum Client. D'Faarwversuergung gëtt konnespezifesch projektéiert. De Robotersystem ka no Wiel mat enger manueller oder automatescher Faarwviesseleenheet ausgestatt ginn.

Iwwerzeegt Iech selwer an erlieft eis nei Lackéierstrooss mat Roboter live an Aktioun: de 16 a 17. September sinn eis Diere fir Iech op – vn 10.00 bis 17.00 Auer. Mir freeën ei op Äre Besuch! All Infoen dozou fannt Dir hei.

Quell: www.range-heine.de

<