#
Fenster | Türen | Glasfassaden

PERFEKTEN DESIGN. FIR ALL PROJET.

  • Eefamilljen- a Méifamilljenhaiser
  • Grouss Objekter
  • Neibau a Renovatioun
  • Sanéierung an Denkmalschutz
  • Niddregenergie, Passiv an doriwwer eraus
  • Modern an architektonesch
  • Klassesch-elegant

FËNSTERE VUN OST – DESIGN A FUNKTIOUN A PERFEKTER HARMONIE.

Fënstere präge ganz besonnesch d'Architektur vun engem Haus - vu bausse wéi vu bannen - a mussen déi verschidden Ufuerderunge vun haut erfëllen. Dobäi ass nieft dem passenden Design an dem héije Qualitéits-Usproch virun allem och de funktionellen Aspekt vu grousser Bedéitung: Excellent Dämmeegeschaften, héichwäerteg Schécherheetstechnik an - jee no Besoin - Wärme-, Sonnen- a Schallschutz sinn onverzichtbar Produkteegeschaften.

HÉICHWÄERTEG LÉISUNGEN. FIR ALL USPROCH.

Moos aplaz Mass: Fënstere si fir eis keng Masseprodukter, mee Produiten op Mooss – individuell geplangt, individuell gefäerdegt, no de Wënsch a Virstellunge vun eise Clienten. Scho bei der Selektioun vun de Materialien a Komponenten uechte mir op bescht méiglechst Qualitéit.

D'Fënstergamme vun OST bidd verschidde Produktlinnen, déi jeeweils fir sëch zuelräich Varianten erméiglechen. De Spektrum geet vun der klassescher Holzfënster bis zur moderner Holz-Aluminium Kombinatioun, natierlech op Moos gefäerdegt an a villen Sonderformen ze kréien.

Ob Renovatioun oder Neibau: energetisch Ufuerderunge ginn haut de Kader vir. Eis ënnerschiddlech Fënstermodeller decken dowéinst all energetesch Usprech of – ob fir Niddregenergiehaus, Passivhaus oder souguer doriwwer eraus. Mir sinn awer net nëmme bei Neibaute beschtens opgestallt. Och wann et gëllt Schwaachstelle vu Renovatiounsprojeten oder denkmalgeschützte Gebaier opzespieren an auszeschalte, schafe mir passgenau Eenzelléisungen .

 

 

 

INDIVIDUELLEN DESIGN. MAT HOLZ AN HOLZ-ALUMINIUM.

D'NATUR. VUN DER ARCHITEKTUR.

Fënster aus Holz, a beschter Traditioun an héichwäerteger Qualitéit: ee stilvoll an ästhetesche Choix – no Ärem Wonsch. Duerch déi breed Palette asetzbar Profiler an Holz-Zorten, souwéi déi bal onendlech Villfalt u Faarwen, Lasuren a Lacken – och mat ënnerschiddlech gestalte Bannen a Baussesäit - sinn dem Design quais keng Grenze gesat.

GUTT KOMBINÉIERT. D'HOLZ-ALUMINIUM FËNSTER.

D'Kombinatioun aus flegeliichtem Aluminium baussen a waarmem Holz banne begeeschtert. Nobel a funktionell zugläich: ausgewielten Holzarten ewéi Lärche, Meranti oder Eeche suergen fir ee stilvoll a virun allem agreabel Wunnklima. D'Aluminiumschuele baussen suerge net nëmme fir héchst Witterungsbestännegkeet, mee erlaben och d'Verwennung vu besonnesch nobelem Holz bannen. D'Aluminiumschuele sinn an all gewënschter RAL-Faarf disponibel .

MÉI ZU EISEN HOLZ-ALUMINIUM FËNSTER MODELLER

DAT RICHTEGT GLAS. MECHT DEN ËNNERSCHEET.

Bei der Auswiel vun de Fënstere spillt d'Verglasung eng wichteg Roll. Och hei deckt eise grousse Choix u Glas déi verschiddenst Uspréch an Ufuerderungen of.

Eis Standard-Variant: Isoléierglas mat waarmer Kant, optional mat Edelgasfëllung fir d'Erreeche vun optimalen Ug-Wäerter – Ausféierung an 2-fach oder 3-fach Verglasung méiglech. Dëst kann ee kombinéiere jee no Besoin mat Sécherheetsglas, Schallschutzglas oder Sonneschutzglas. Zousätzlech dozou bidde mir exklusiv PRIVA-LITE Glas un: per Knappdrock gëtt aus duerchsichteg onduerchsichteg – fir datt Dir schnell an einfach viru virwëtzege Bléck geschützt sidd.

MÉI IWWERT PRIVA-LITE

 

 

ENG FRO. VUN DER SÉCHERHEET.

Abrochhemmung ass haut eng vun den essentiellste Funktiounsufuerderungen un d'Fënsteren an Dier. Well wat si méi laang engem Abroch standhalen, wat Wunneng an Haus méi sécher sinn, an sëch soumat d'Bewunner méi wuel fillen. Déi massiv Bauweis vun eise Fënsteren an Dieren ass dobäi scho vu Virdeel. Mat konstruktiven Detailer wéi och mat héichwäertege Sécherheetequipementer – wéi Beschléi, Schlässer a Sécherheetsglas – decke mir ënnerschiddlech Besoinen of.

MÉI ZU EISER ABROCHHEMMUNG

PRODUKTSPEKTRUM

Eis Produite stinn net zulescht fir ganzheetleche Stil an iwwergräifend Ästhetik. Konsequenterweis huet sech eise Produktspektrum am Laf vun de Joeren ëm folgend Beräicher erweidert:

  • Pfoste-Rigel-Fassaden
  • Hebe-Schiebe-Dieren
  • Héichmodern Eck-Verglasungen
  • Sonneschutz
    • Raffstoren, Rolllueden an Textilscreens souwéi Klapp- & Schiebelueden
  • Insekteschutzsystemer

MÉI ZU EISE PRODUITEN


Duerch déi grouss Auswiel u Méiglechkeete vun Design a Funktioun schafe mir passgenau Léisungen. Ob fir Neibau, Renovatioun oder Dankmalschutz, ob fir Eefamilljenhaiser, Méifamilljenhaiser oder grouss Objekter – mir realiséieren all Projet no Ären individuelle Virstellungen. Fir eng ausféierlech Berodung, kontaktéiert eis einfach iwwert eise Kontaktformular oder rufft eis un um (+352) 71 90 91-1. Mir freeën eis op Är Ufro!

<