Ee ganz interessanten Artikel am Journal doriwwer wéi OST d'Situation vum Lockdown materliewt huet. Liest selwer!
Mir freeën eis immens dodrop Iech ab e Méindeg, den 11. Mee nees dierfen an eiser Expo z'empfänken - natierlech ënner Berécksiichtegung vun den Sécherheetsmesuren.
An dat zu eise gewinnten Ëffnungszäiten:
vu Méindeg bis Freideg vun 8.00 - 12.00 an 13.00 - 18.00 Auer
a Samschdeg vun 8.00 - 16.00 Auer
Mir freeën eis op Iech!
Laut offizieller Pressekonferenz vun eiser Regierung vum 15.04.2020, dierfe mir ab e Méindeg, dem 20.04.2020 eis Aarbechten op de Chantieren erem ophuelen. Eise Showroom bleift allerdéngs bis op Weideres nach zou.
Och wa mir Iech net an eiser Expo empfänke kënne si mir awer weiderhin fir Iech do: per Telefon um 71 90 91-1 oder per E-Mail ënner info@ost.lu.
Villmools Merci fir Ärt Versteesdemech.
D'Zefriddenheet vun eise Clienten ass fir eis mat dat Wichtegst. Ëmsou méi houffreg si mir, wa mir esou ee léift Kompliment vun eise Cliente kréien, wéi dat vum Här Patrick Schu a sengem E-mail un eis:
"Sehr geehrte Frau Hilger,
soeben hat einer Ihrer Mitarbeiter bei mir zuhause eine (Schönheits-) Reparatur vorgenommen, an einer - wegen Einbruch beschädigten - Neben-Eingangstür.
Ebenso gewissenhaft - wie der andere, damals aufmessende und eine Lösung-vorgeschlagene Mitarbeiter - und mit Liebe zum Handwerk, hat Ihr heutiger Mitarbeiter seine Arbeit verrichtet.
Zudem auch pünktlich und sauber!
Es ist - wie bisher stets von Ihrer Firma gewohnt - herrlich mit Ihnen zusammenzuarbeiten. Ihr Betrieb leuchtet sternenhell am luxemburgischen Fensterbau-Himmel. Ich kenne (fast alle) Ihre Konkurrenten hierzulande und weiß dies sehr zu schätzen, einzuschätzen!
Ihre Firma ist preiswert und sehr gut!
Ich möchte Ihnen dazu ganz höflich und hochachtungsvoll gratulieren!
Wir müssen in Zukunft (noch) öfter zusammenarbeiten. Dies sage ich nicht nur wegen diesen, heutigen Arbeiten, an meinem Haus.
Mit freundlichen Grüßen,
Patrick Schu"
Mir soen dem Här Schu heimat nach eng Kéier ee grousse Merci fir déi ganz léif a positiv Wieder. A mir ginn och weiderhin eist Bescht fir all eis Clienten esou zefridden zestellen.
Eng belsch-lëtzebuergesch Partnerschaft zwëschent deenen zwee Fënsterbau-Betriber Châssis Hanin an OST-Fenster S.A. an hieren éischte gemeinsame Projet.
Plang Dir grad een Neibau oder wëllt Ärt Haus renovéieren a braucht nei Fënsteren an Dieren? Wësst allerdéngs nach net aus wéiengem Material?
Mir liwweren Iech déi richteg Grënn sech fir Holz oder Holz-Aluminium Fënsteren ze entscheeden!
E Freideg, den 22.02.19 waren d'Kollegen aus eiser Objekt-Abteilung zu enger Betribsbesichtegung bei der Firma Pohl zu Köln.
D'Firma Pohl ass een 160 Joer ale Familljebetrib an zielt zu de Leader am Beräich héichtwäertege Metallfassaden. Mat hiren insgesamt 7 Standuerten an ca. 600 Mataarbechter agéiere si weltwäit. Zu hirem Produktportfolio zielen u.a. d'Plangen, d'Produktioun souwéi d'Uewerflächebehandlung/-Beschichtung, gekante Fënsterbänken, Fassadenpanellen, Stolkonsolen a villes méi.
Méi Informatiounen iwwert d'Firma Pohl fannt Dir héi.
Och an dësem Joer si mir nees mat dobai wann et heescht TOP PORTES OUVERTES zu Lëtzebuerg. Eis Diere stinn Iech op Sonndes, de 16. September 2018 vun 10h00 bis 17h00.
Bei engem Patt an engem klenge Mauffel weise mir Iech gären eis Produiten esou wéi eis héich modern an innovativ Produktion.
Kommt eis besichen an erlieft selwer wéi een hautdesdags Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium hirstellt.
Mir freeën eis op Iech!
Alle Infos zu Top Portes Ouvertes 201 finden Sie hier
Eng grouss Flexibilitéit an een ëmweltfrëndlecht Produktiounsverfueren sinn d'Kennzeeche vun der neier Lackéieranlag vun OST. Déi d'läscht Joer vun der Firma Range und Heine installéiert ginn ass. De kompletten Artikel dozou gëtt et hei. Liest selwer!
Während der Summervakanz ass eis nei super modern an innovativ Lackéierstrooss an eisem Atelier montéiert ginn: een héich technologeschen an vollautomateschen Lackéiersystem fir Fënsteren an Dieren. Déi zwee Sprëtz-Roboter an d'elektronescht System zur Formerfaassung erméiglecht et, all Dieren- a Fënstertyp mat eegene Lackéiervirschrëften an héchster Qualitéit ze lackéieren.
Sidd déi éischt déi eis nei Roboter an Aktioun gesinn an erlieft selwer wéi schnell een hautdesdaags Fënsteren an Dieren lackéiert. De 16. a 17. September um Weekend vun der Top Portes Ouvertes Lëtzebuerg. Eis Dieren stinn Iech op vun 10.00 bis 17.00 Auer. Mir freeën eis op Äre Besuch!
"Fir den éischten Androck gëtt et keng zweet Chance", seet een. Dat gëllt och beim Haus, an hei ganz besonnesch bei der Aganksdier. Charakter a Stil weisst, Wee seng Visiteure mat enger héichwäerteger Hausdier aus Holz oder Holz-Aluminium empfänkt. Well Dieren aus dëser natierlecher Matière Première loosse sech ganz individuell gestalten. Mat onverwiesselbarer Maserung sinn si ëmmer een Unikat. A net nëmmen dat: Holzhausdiere verbannen héchst ästhetesch Uspréch mat komfortabele Funktiounen, exzellent Isolatioun an héije Sécherheetsstandards.
De Summer ass do a mat him leider och d'Insekten: ob pickend, schlofraubend oder einfach just lästeg. Mee et ginn Méiglechkeeten, Gebaier virun hinnen ze schützen. Mir vun OST weisen Iech gären, wéi wierksam, komfortabel ze bedéngen an optesch onopdränglech dëses Schutz haut ka sinn - mat passgenaue Léisunen fir Dieren an Fënsteren a modernen technesche Schutzmoosnahmen.
Bei dësem Projet handelt et sech ëm de Chantier MOONLIGHT - ee grousst Bürosgebai - zu Stroossen. Maître d'ouvrage ass d'Firma Felix Giorgetti S.à r.l., Architekt vum Projet ass Jim Clemes. Gefroot sinn 612 Holz-Aluminium Fix-Elementer, Modell Actualu Style - Holzart Lärche, 495 m² Pfoste-Riegel-Fassad, a Raffstoren als Sonneschutz. D'Ausféierungsaarbechte fänken am Juli/August 2017 un.
Beim Projet handelt et sech ëm de Chantier CASA FERRERO - grousst Bürosgebai - um Findel. Maître d'ouvrage ass d'Firma Felix Giorgetti S.à r.l. an BESIXRED S.A. Architekt vum Projet ass PERRY WEBER ET ASSOCIES S.A. Gefroot sinn 777 Holz-Aluminium Fënsteren, Modell Actualu Style Integral, mat Raffstoren als Sonneschutz an 45 Dieren. D'Ausféierungsaarbechte fänken am September 2017 an daueren bis Juli 2018.
D'Spezial-Glas PRIVA-LITE vun der Firma Glassolutions Saint-Gobin: 1ee Verbondglas mat Flëssegkristallfilm wat sech mat engem elektresche Schaltvirgang - ewéi ee Liichtschalter - vun enger duerchsiichteger an eng hell matt onduerchsiichteger Scheif verännere léisst.
Um Chantier Westbay zu Stroossen - Neibau vu 4 Residenzen - ginn ënnert anerem eng Partie grouss Hebe-Schiebe-Elementer aus Holz-Aluminium montéiert. A fir déi all direkt bei déi richteg Ëffnungen ze kréien, ass eise Camion mam Kran am Asaz. Mir hunn dat Ganzt gefilmt a si begeeschtert dovun! An Dir?
Mir bei OST sichen ëmmer no neie Léisunge fir eis Clienten an entwéckelen eis soumat permanent weider: dowéinst ass eise neien Holz-Aluminium Fënstermodell ACTUALU ALLROUND elo nach méi innovativ.
Fir méi Infoen oder eng ausféierlech Berodung, stinn Iech eis Verkeefer gären zur Verfügung.
Ee ganz interesaanten Artikel iwwer d'Nofolger vun OST am Magazin Paperjam. Liest selwer!
Den OST Camion mat Kran - elo zanter kanpp 4 Méint am Asaz: ee 4-Achser MAN, dee mat bis zu 8.000 kg beluede ka ginn - inklusiv Déiflueder-Unhänger souguer bis zu 16.980 kg. Den Hiab-Kran Typ HIPOR 638 huet eng Reechwäit vun 32 Meter, vertikal souguer bis zu 37 Meter a ka bis zu 10.400 kg hiewen.
Geschter war de läschten Dag vum Helmut Hoffmann - ee vun eise Konnendéngschtmataarbechter - deen elo seng wuel verdénge Pensioun untrëtt. Bei engem Glas Schampes a mat engem flotte Kado vun der ganzer OST Equipe, hu mir him Äddi gesoot. Bal 20 Joer war hien ee fläissegen a loyale Mataarbechter vun OST. Dovir soen mir him Merci a wënschen him alles Guddes fir d'Zukunft.
Direkt 37 nei "Zertifizéiert Passivhaushandwierker" gouffe mam Label "Energie fir d'Zukunft" am Kader vum 18. a 19. Weiderbildungszyklus ausgezeechent - dovun mam Alexander Ewen och ee Mataarbechter vun OST. Hien huet de 5. Juni 2015 zu Lëtzebuerg de Weiderbildungsprogramm zum Thema "Energiespuerend Bauen a Sanéieren" vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbeecht mat der Energieagence Luxembourg absolvéiert. Nom erfollegräichen Ofschlossexamen ass hien als "Zertifizéierten Passivhaushandwierker" vum Passivhaus Institut souwéi mam Label "Energie dir d'Zukunft" vun der Chambre des Métiers ausgezeechent ginn.
Weider Informatiounen zum Thema Weiderbildung fannt Dir ënnert www.cdm.lu souwéi ënner www.passivhaus-handwerk.de.
De Romain Hilger a seng Kanner erzielen, wisou si allen dréi am Betrib sinn a virwat ee Mëttelständsbetrib ewéi OST Fenster méi interessant ass ewéi ee Weltkonzern.
Zanter fënnef Joerzéngte produzéiere mir als lëtzebuergesche Familljebetrib, an eiser eegener Produktioun zu Gréiwemaacher, qualitativ héichwäerteg Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium. Wësst Dir wéi Fënsteren hiergestallt ginn? Fannt et eraus an erlieft et selwer mat engem perséinleche Rondgang duerch eis Produktioun an uschléissendem Apéro. Maacht Dir gären eng Visite mat Ärer Famill oder Veräin? Rufft eis un (+352) 71 90 91-1 oder schreift eis op info@ost.lu an deelt eis Äre gewënschte Rendez-vous mat.
Wat mécht eng Fënster zu enger OST Fënster? Wat ënnerscheet eise Betrib zu aneren? Wéi erliewen ons Clienten eis? Et si Froen, wéi déi, op déi eisen Imagefilm Äntwerte gëtt. Loosst Iech an d'Welt vun OST entféieren – an entdeckt eis an eis Philosophie a beweegte Biller. Film ab: