
Héichmodern Technologie – eis nei Lackéierstrooss
Während der Summervakanz ass eis nei super modern an innovativ Lackéierstrooss an eisem Atelier montéiert ginn: een héich technologeschen an vollautomateschen Lackéiersystem fir Fënsteren an Dieren. Déi zwee Sprëtz-Roboter an d’elektronescht System zur Formerfaassung erméiglecht et, all Dieren- a Fënstertyp mat eegene Lackéiervirschrëften an héchster Qualitéit ze lackéieren.