Fenster | Türen | Glasfassaden
facebook mail linkedin
mouse-icon

Firwat beschloe meng Fënstere vu baussen?

Wien kennt et net? Et gëtt ee moies waakreg a stellt fest: d'Fënstere si beschloen. Awer net vu bannen duerch eng schlecht Isoléierung, mee vu baussen.

Obwuel et ongewéinlech schéngt, kënne Fënsteren tatsächlech och vu baussen ulaafen. Dat ass allerdéngs kee Grond sech Suergen ze maachen! Ganz am Géigendeel: well d'Ulafe vun de Fënsteren op der Baussesäit ass ee gutt Zeechen. 

Dëse Phänomen trëtt just op wann Dir Fënstere mat Dräifach-Verglasung an exzellenten Dämmwäerter agebaut hutt. Well bei héich wäermedämmendem Glas kondenséiert déi fiicht Loft a kale Nuechte baussen. Grond dofir ass den Temperaturënnerscheed tëschent der Loft an der Fënster-Uewerfläch. Virun allem a Regioune mat héijer Loftfiichtegkeet, wou sech d'Loft méi schnell erwiermt wéi d'Fënsterscheiwen, beschléit d'Glas. Eng wierme-reflektéirend Schicht baussen geheit d'Wäermtstralung aus dem Zëmmer zeréck an de Raum - soumat bléift d'Wäermt am Raum.

Scheiwen déi vu bausse beschloe sinn also de Beweis fir gutt isoléierent Fënsteren a soumat ee natierleche, physikaleschen Effekt. 

Sonneschutz bausse verhënnert d'Ofkille vun der Fënsterscheif

Bildung vu Kondenswaasser trëtt an der Reegel just an de fréie Mueresstonnen op a verschwënnt erëm ganz vum selwen.

Wann Dir trotzdeem dovu genervt sidd, datt Är Siicht moies dréif ass, hëllefen Rolllueden, Raffstoren oder Textilscreens. Si schützen d'Scheif virum Ofkillen. Wann Dir Är Rolllueden, Raffstoren oder Textilscreens an der Nuecht erof loosst, bilt sech ee Loftpolster tëschent der Scheif an dem Sonneschutz. Déi gespäichert Wäermt verhënnert d'Beschloe vun der Fënsterscheif.

Dir hutt nach kee Sonneschutz baussen? Kee Problem! Mir rëschten Rolllueden, Raffstoren oder Textilscreens no: einfach hei ufroen. 

<