Skip to content Skip to sidebar Skip to footer

Modern Glasfassaden

Glasfassaden

Made in Luxemburg

Eist handwierklecht Selbstverständnis an een héije qualitativen Usproch begleeden eise Familljebetrib elo schonn zanter ville Joerzéngten. Vir d’éischt sinn et héichwäerteg Fënsterléisungen, déi eise Produktschwéierpunkt bilden. Mat den dobäi erhalene Fäegkeeten war et fir eis just nach ee kléngen awer konsequente Schratt zu der Hierstellung individuell geplangte Glasfassaden. D’Produktioun erfollegt, wéi och bei OST Fënsteren an Dieren, komplett an eisem Haus. Mir benotzen ausschliisslech déi beschten Holzzorten an veraarbechten si mat modernster Technik, mam Resultat, datt OST Glasfassaden quasi wartungsfräi an an engem héije Mooss witterungsbestänneg sinn. 

Glasfassade fir all Projet

  • Eefamilljenhaiser
  • Residencen
  • ëffentlech Gebaier
  • Bürosgebaier
  • a villes méi
Méi Liicht

Doheem

Modern architektonesch Fassaden aus Glas an handwierklech perfekter Poste-Rigel-Konstruktioun. Mat Maueren an Diercher aus Glas: vum Rez-de-Chaussée bis zur Corniche, vum Giewel bis zur Fiischt – mat däitlechem Gewënn u Wunnwärt an Ästhetik. Mat hinnen loossen sech usprochsvoll Bauprojeten quasi grenzelos gestalten a sech zu hirer Ëmgéigend erschléissen. D’Poste-Rigel-Fassad erlaabt et mat fräie Formen aus Holz, Glas an Alu-Profiller nei architektonesch Fräiheeten ze ginn. 

D’Poste-Rigel-Fassad vun OST mécht der Architektur Liicht a Raum op – an dat op héich individueller Aart a Weis. Jiddwer dëser Léisungen ass d’Resultat vun engem suergfältege Plangen souwéi de perséinleche Wunnvirstellungen vun eise Clienten. De Gestaltungsméiglechkeete sinn, dank dem Asaz leeschtungsfäege Konstruktiounen aus Holz- an Aluminiumprofiller, kaum Grenze gesat.

Sou villfälteg déi formal Gestaltungsfräiheet ass, sou interessant sinn d’Asaz-méiglechkeete vun eise Poste-Rigel-Fassaden an dat net nëmme bei engem Neibau. Grad bei bestoender Bausubstanz erhéicht si de Wunnwäert duerch Raum-, Form-, Liicht- a Siichtgewënn. Attraktiv och d’Méiglechkeet si als Verbindung-Element tëschent zwee Gebaier anzesetzen. Een individuellt Plangen an zuelräich Gestaltungsméiglechkeete loossen der Villfalt fräie Laf. 

Fir weider Informatiounen zu eise Glasfassade stinn Iech eis kompetent Beroder jidderzäit gären zur Säit. 

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now