Spezial Glas Priva-Lite

D’Spezial-Glas PRIVA-LITE vun der Firma Glassolutions Saint-Gobin:
1ee Verbondglas mat Flëssegkristallfilm wat sech mat engem elektresche Schaltvirgang – ewéi ee Liichtschalter – vun enger duerchsiichteger an eng hell matt onduerchsiichteger Scheif verännere léisst. Ouni Spannung ass d’Glas vu Natur aus Mëllech-wäiss. Et bidd esou Siichtschutz, bleift awer liichtduerchlässeg. Am ageschalten Zoustand, also wann eng elektresch Spannung zougefouert gëtt, riichte sech d’Kristaller aus an d’Glas gëtt op ee Coup transparent – Riddoen a Jalousie gi soumat iwwerflësseg. Zousätzlech zu sengen éischtklassege geräischisoléierenden Eegeschaften ka PRIVA-LITE och mat schalldämpfende Verglasunge kombinéiert ginn.
Fir méi Informatiounen oder eng ausféierlech Beroodung, stinn Iech eis Verkeefer gären zur Verfügung.
1Quell: Auszug vun der Internetsäite www.glassolutions.de/produkte/schaltbares-glas