Skip to content Skip to sidebar Skip to footer

Abrochschutz

Abrochsécherheet vun Ost

Fir Fënsteren an Dieren

Ëmfangräich Sécherheetskonzepter a modern technesch Léisungen

Mam Start vun der donkeler Joreszäit fänkt och erëm d’Héichsaison vun den Abriecher un, woubäi déi d’ganz Joer iwwer Konjunktur huet. Déi Onéierlech notzen dobäi all Geleeënheet a friem Haiser anzedréngen. Ob bei längerfristeger Absence, während d’Bewunner ob der Aarbecht sinn oder nuets, wann am Gebai keng Luucht brennt. Nierft dem perséinlechen Oppassen a noperschaftlecher Hëllef, si virun allem déi technesch Méiglechkeeten effektiv Mëttel sech virun Abréch besser ze schützen.

Sécherheetsmoossname bei Fënstere vun OST

  • Mechanesch Sécherheetsbeschléi
  • Sécherheetsglas
  • Ofschléissbar Fënstergrëffer
  • Abrochhemmend Rolllueden
  • Elektronesch Moossnamen

Sécherheetsmoossname bei Diere vun OST

  • Sécherheetschlässer
  • Schutzrosette fir Dieren-Zylinder
  • Zousätzlech Sécherung vun de Bänner

Mir bidden Iech mat enger ausféierlecher Berodung an eise passgenaue Léisungen ee méi héicht Sécherheetsgefill a soumat méi Wunn- a Liewensqualitéit. Gäre kënnt Dir eis iwwert eise Kontaktformulair ee Rendez-vous fir Är Berodung ufroen.

Mir freeën eis op Är Ufro!

Effektiivt Konzept fir méi Sécherheet an den eegene véier Wänn

Beim Thema Abrochschutz gëtt et och méi erfreelech Neiegkeete: laut der Police scheiteren d’Täter ëmmer méi heefeg un de Sécherheetsvirkéierunge vun den Haus- a Wunnengsbesëtzer. Fir dat ze erreechen, soll ee beim Kaf vu Fënsteren an Diere besonnesch op héich Sécherheetsmoossnamen oppassen an hei net um falschen Enn spueren.

Ronn 80 % vun all den Abréch erfollegen iwwert eng Fënster oder Terrassendier. Bei engem Neibau soll ee Fënstere mat héije Sécherheetsstandarden direkt an d’Pläng mat abezéien. Steet eng Renovatioun bevir, empfielt et sech, d’Fënsteren an Diere duerch Produite mat moderne Sécherheetsequipementer auszetauschen.

Fënsteren an Diere vun OST – fir méi Sécherheet​

Fir eis ass d’Abrochsécherheet bei Fënsteren an Dieren een emmer präsent Thema. Zanter iwwer 50 Joer produzéiere mir individuell – no de Wënsch vun de Clienten – gefäerdegt Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium.

Och a punkto Sécherheet entwéckelt sech eise Familljebetrib kontinuéierlech weider. Mir si stänneg op der Sich no neie Léisungen a bezéien aktuell Erkenntnisser aus der Fuerschung beim Plangen an Hierstelle vun eise Produite mat an.

Ee prinzipielle Virdeel vun OST Produiten ass hir massiv Bauweis. Déi alleng geet allerdéngs net duer, fir sech genuch géint onerwënschte Besuch ze schützen.

Mechanesch Sécherheetsbeschléi a Sécherheetsglas​

Bei Fënsteren proposéiert OST mechanesch Sécherheetsbeschléi: duerch sougenannte champigon förmesch „i.S.“ -Sécherheetsrollzapfen gëtt d’Aushiewelen vum Fënsterfligel erschwéiert, a soumat d’Abrochzäit wesentlech erhéicht. Wéi eng Partie Etude beleeën, briechen déi meescht Onéierlech hire Versuch no e puer erfolleglose Minutten of.

Nieft dem Aushiewelen ass d’stéckweis Aschloe vun der Fënsterscheif fir de Grëff ze betätegen een dacks benotze Wee fir an d’Gebai eran ze kommen. Präventive Schutz um Glas ass dowéinst eng wichteg Basis fir d’Sécherheet. Verbondsécherheetsglas – bestoend aus méi Glasscheiwen an extrem stabillen Zwëschelagen – mat duerchworf- oder duerchbrochhemmenden Eegeschaften, maachen d’Andréngen duerch d’Glasscheif méi schwéier. A mat ofspärbare Fënstergrëffer gëtt de Risiko vum Andréngen zousätzlech verréngert.

Als sënnvoll Ergänzung zum mechaneschen Abrochschutz kënnen elektronesch Moossnamen hëllefen. OST bidd hei Magnéitkontakter – déi verdeckt leiend an de Fënsteren integréiert sinn – als Ëffnungsmelder un. Bei engem Abrochversuch leeden déi eng Meldung un d’Alarmanlag oder eng aner ugeschlosse Plaaz weider.

Sécherheetsmoossname bei Diere vun OST​

Ob Hausdier, Terrassendier oder Kellerdier – och hei ginn et verschidde Méiglechkeete, sech virun ongewollte Gäscht ze schützen. Ugefaange mam richtege Schlass duerch Sécherheetsprofilzylinder. Als weider Moossname ginn et Schutzrosette fir Dieren- Zylinder souwéi eng zousätzlech Sécherung vun de Bänner un der Hausdier oder Kellerdier, fir d’Aushiewelen ze verhënneren.

Norüste mat OST​

Nieft dem Abau vun neie Produite bidde mir eise Clienten och passend Léisunge fir d’Norüsten un – je no Wonsch a Besoin mat verschiddene Leeschtungen. Fir Är Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium souwéi Rolllueden effektiv géint Abroch ze schützen.

Mir beroden Iech gären dobäi!

Fir weider Informatiounen zum Thema Abrochhemmung, kontaktéiert eis einfach iwwert eise Kontaktformular oder rufft eis un. Eis Mataarbechter stinn Iech gären zur Verfügung.

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now