Skip to content Skip to sidebar Skip to footer

Héichwäerteg Fënsteren

Holz- an Holz-Aluminium Fënstere vun OST

Design a Funktioun a perfekter Harmonie

Fënstere präge ganz besonnesch d’Architektur vun engem Haus – vu bausse wéi vu bannen – a mussen déi verschidden Ufuerderunge vun haut erfëllen. Dobäi ass nieft dem passenden Design an dem héije Qualitéits-Usproch virun allem och de funktionellen Aspekt vu grousser Bedéitung: Excellent Dämmeegeschaften, héichwäerteg Schécherheetstechnik an – jee no Besoin – Wärme-, Sonnen- a Schallschutz sinn onverzichtbar Produkteegeschaften.

Perfekten Design fir all Projet

  • Eefamilljen- a Méifamilljenhaiser
  • Grouss Objekter
  • Neibau a Renovatioun
  • Sanéierung an Denkmalschutz
  • Niddregenergie, Passiv an doriwwer eraus
  • Modern an architektonesch
  • Klassesch-elegant

Héichwäerteg Léisungen fir all Usproch

Moos aplaz Mass: Fënstere si fir eis keng Masseprodukter, mee Produiten op Mooss –individuell geplangt, individuell gefäerdegt, no de Wënsch a Virstellunge vun eise Clienten. Scho bei der Selektioun vun de Materialien a Komponenten leeë mir ganz vill Wäert op bescht méiglechst Qualitéit.

D’Fënstergamme vun OST bidd verschidde Produktlinnen, déi jeeweils fir sëch zuelräich Varianten erméiglechen. De Spektrum geet vun der klassescher Holzfënster bis zu der moderner Holz-Aluminium-Fënster, natierlech op Moos gefäerdegt an a ville Sonderformen méiglech.

Ob Renovatioun oder Neibau: energetesch Ufuerderunge ginn haut de Kader vir. Eis ënnerschiddlech Fënster-Modeller decken dowéinst all energetesch Usprech of – ob fir Niddregenergiehaus, Passivhaus oder souguer doriwwer eraus. Mir sinn awer net nëmme bei Neibaute beschtens opgestallt. Och wann et gëllt Schwaachstelle vu Renovatiounsprojeten oder denkmalgeschützte Gebaier opzespieren an auszeschalte, schafe mir passgenau Eenzelléisungen.

OST_Fenster_Luxemburg_Holzfenster

D’Natur vun der Architektur – d’Holzfënster​

Fënsteren aus Holz, a beschter Traditioun an héichwäerteger Qualitéit: ee stilvoll an ästhetesche Choix – no Ärem Wonsch. Duerch déi breet Palette asetzbar Profiller an Holz-Zorten, souwéi déi bal onendlech Villfalt u Faarwen, Lasuren a Lacken – och mat ënnerschiddlech gestalte Bannen- a Baussesäit – sinn dem Design quasi keng Grenze gesat.

OST_Fenster_Holz_Aluminium_Fenster

Gutt kombinéiert – d’Holz-Aluminium-Fënster

D’Kombinatioun aus fleegeliichtem Aluminium baussen a waarmem Holz bannen begeeschtert. Nobel a funktionell zugläich: ausgewielten Holzarten ewéi Lärche, Meranti oder Eeche suerge fir ee stilvollt a virun allem agreabelt Wunnklima. D’Aluminiumschuele bausse suerge net nëmme fir héchst Witterungsbestännegkeet, mee erlaben och d’Benotze vu besonnesch nobelem Holz bannen. D’Aluminiumschuele sinn an all gewënschter RAL-Faarf disponibel.

Dat richtegt Glas mecht den Ënnerscheet

Bei der Auswiel vun de Fënstere spillt d’Verglasung mat eng wichteg Roll. Och hei deckt eise grousse Choix u Glaszorten déi verschiddenst Uspréch an Ufuerderungen of.

Eis Standard-Variant: Isoléierglas mat waarmer Kant, optional mat Edelgasfëllung fir d’Erreeche vun optimalen Ug-Wäerter – Ausféierung an 2-fach oder 3-fach Verglasung méiglech. Dëst kann ee kombinéiere jee no Besoin mat Sécherheets-, Schallschutz- oder Sonneschutzglas. 

Produktspektrum

Eis Produite sti net zulescht fir ganzheetleche Stil an iwwergräifend Ästhetik. Konsequenterweis huet sech eise Produktspektrum am Laf vun de Joeren ëm folgend Beräicher erweidert:

Duerch déi grouss Auswiel u Méiglechkeete vun Design a Funktioun schafe mir passgenau Léisungen. Ob fir Neibau, Renovatioun oder Denkmalschutz, ob fir Eefamilljenhaiser, Méifamilljenhaiser oder grouss Objekter – mir realiséieren all Projet no Ären individuelle Virstellungen. Fir eng ausféierlech Berodung, kontaktéiert eis einfach iwwert eise Kontaktformular oder rufft eis un um (+352) 71 90 91-1.

Mir freeën eis op Är Ufro!

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now