Skip to content Skip to sidebar Skip to footer

Insekteschutz

fir Fënsteren an Dieren

Insekteschutz

Net nëmme bei eise Fënsteren an Diere schaffe mir op Mooss: och beim Insekteschutz! Well all Abausituation ass e bëssen anescht. Fir Iech passend Léisungen ubidden ze kënnen, huet eise Partner NEHER een ëmfangräiche Produktprogramm. Je nodeem wéi Dir Är Fënsteren an Dieren benotzt oder wéi eng Virléiften a Wënsch Dir hutt, kënne mir Iech déi perfekte Léisung ubidden. Mir beroden Iech ausféierlech iwwer d’Eegenschafte vun deenen eenzele Produiten.

Kontaktéiert eis fir eng personaliséiert Berodung sur place – iwwert eise Kontaktformular oder ruff eis un (+352) 71 90 91-1. Mir stinn Iech gären zur Verfügung.

instekteschutzmodeller

D’Spannrumm

Duerch déi grouss Variante-Villfalt ass d’Spaanrumm individuell asetzbar – egal ob bei Holz- oder Holz-Aluminium Fënsteren, ob bei Rolllueden, Raffstoren oder Klapplueden. An duerch déi zäitlos, onopfälleg Optik fügt sech d’Spaanrumm harmonesch an d’Gesamtbild vun Ärem Haus.

Dréi- a Pendelsystem

Bei heefegem Op- an Zoumaachen vun der Fënster sinn Dréi- a Pendelsystemer als Insekteschutz déi ideal Léisung. Si sinn schnell an einfach ze bedéngen an dobäi robust, stabil an onopfälleg.

Den Instekteschutz-Rollo

Mol op, mol zou – sou wéi Dir et grad braucht. Den Insekteschutz-Rollo ass flexibel an der Uwendung an innovativ an der Technik. Säitlech Biichteféierungen verhënneren een Ausfädele vum Filet bei Wand. Duerch déi astellbar Fiederkraaft bleiwt d’Zuchschinn op all gewënschter Plaz selwerhemmend stoen.

Och als Elektro-Rollo méiglech

Oder Insekteschutz per Knappdrock: mam Elektro-Rollo. Genausou wéi déi manuell Variant, verschwënnt den Elektro-Rollo, beim Net-Gebrauch uewen an d’Këscht. Dir kënnt de Rollo bequeem per Wandschalter oder Funk-Handsender steieren a gläichzäiteg un d’Haussteierungen uschléissen.

Dréidier

Insekteschutz-Dréirumm ass den zanter Joerzéngten bewäerte Klassiker beim Asaz u staark frequentéierten Dieren. Dréidier ass robust, stabil a benotzerfrëndlech.

Pendeldier

Pendeldier erméiglecht ee bequeemt Opmaachen a béid Richtungen, ouni datt een dobäi eng Hand muss fräi hunn. Si geet zudeem ganz lues a vum selwen zou.

D’Schiebedier

Déi elegant Schibedieren ginn haaptsächlech bei gréisseren Ëffnungs-Elementer benotzt. Zum Asaz kommen ee-fligele, awer och komplex, méi-fligele Systemer. Trotz der gerénger Abaudéift sinn d’Profiller äusserst robust an erméiglechen grouss, zesummenhänkend Gewebe-Fläschen fir eng fräi Siicht no baussen.

De Plissee

Den Insekteschutz-Plissé bestécht duerch seng aussergewéinlech Optik. Säin Numm verdankt en der Plisséierung (Falen) vum witterungsbestännege Filet. E brauch keen Schwenk-Beräich an ass plazspuerend asetzbar. De Plissé ass ganz robust, kannerliicht ze bedéngen a schwellefräi. Och fir gréisser Ëffnunge ginn et Léisungen: als zwee-fligeleg Elementer si Breete vun 3,40m bei enger Héicht vun 2,60 m ouni Problem méiglech.

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now