Eise Siicht- a Sonneschutz-Programm ëmfaasst Klapp- oder Schiebelueden, Raffstoren, Rolllueden an Textilscreens. Bei all de Produite kann déi sougenannten Wand- a Sonneniwwerwaachung fir d'automatesch Reguléierung integréiert ginn.
Och hei kucke mir besonnesch op d'Funktioun an d'Qualitéit a schaffen mat kompetente Fachpartner zesummen - ROMA, SOMFY und WAREMA.
Rolllueden kënne méi wéi dat üblecht Erop a Rof: Et sinn intelligent, op Wonsch souguer vollautomatiséiert Systemer déi viru Summerhëtzt, Kaméidi, onerwënschten Abléck, Abroch a Wärmeverloscht schützen. Si gestalte Fassaden a bidden effikasse Schutz viru Wierderspréng.
Textilscreens suerge fir eng optimal Klimatisatioun vun Äre Raim, ouni dobäi d'Welt dobaussen bléckdicht auszeschléissen. Eng grouss Auswiel u Faarwen bidd vill Gestaltungsméiglechkeeten. All d'Textilscreens ginn aus héichwäertege Materialie gefäerdegt, déi duerch d'Montage och bei staarkem Wand ouni Problem duerhalen.