Skip to content Skip to sidebar Skip to footer

Siicht- & Sonneschutz

Siicht- & Sonneschutz

Eise Siicht- a Sonneschutz-Programm ëmfaasst Klapp- oder Schiebelueden, Raffstoren, Rolllueden an Textilscreens. Bei all de Produite kann déi sougenannten Wand- a Sonneniwwerwaachung fir d’automatesch Reguléierung integréiert ginn.

Och hei kucke mir besonnesch op d’Funktioun an d’Qualitéit a schaffen mat kompetente Fachpartner zesummen – ROMA, SOMFYWAREMA an EHRET.

ROLLLUEDEN

Fir Schutz, Komfort a Wuelbefannen

Rolllueden kënne méi wéi dat üblecht Erop a Erof: Et sinn intelligent, op Wonsch souguer vollautomatiséiert Systemer déi viru Summerhëtzt, Kaméidi, onerwënschten Abléck, Abroch a Wäermeverloscht schützen. Si gestalte Fassaden a bidden effikasse Schutz viru Wierderspréng.

RAFFSTOREN

Dagesliicht kontinuéierlech lenken

Dir wëllt un Äre grousse Fënsterfläschen d’Intensitéit an d’Richtung vum Dagesliicht steieren? Mat Raffstoren schibe mir lästege Blécker ruckzuck eng Lamelle vir. Si kënne Liicht optimal eranlenken souwéi Abléck an d’eege véier Wänn verhënneren.

TEXTILSCREENS

D’Spill mat Siicht a Schied

Textilscreens suerge fir eng optimal Klimatisatioun vun Äre Raim, ouni dobäi d’Welt dobaussen bléckdicht auszeschléissen. Eng grouss Auswiel u Faarwen bidd vill Gestaltungsméiglechkeeten. All d’Textilscreens ginn aus héichwäertege Materialie gefäerdegt, déi duerch d’Montage och bei staarkem Wand ouni Problem duerhalen.

Referenzen
This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now