Skip to content Skip to footer
Service

Eis zousätzlech Valeur

Gutt Produiten elleng ginn eis net duer. Op ee gudde Service leeë mir genau esou vill Wäert: ugefaangen domat bei der individueller Berodung bis hin zum Abau vun all de Fënsteren an Dieren duerch eis qualifizéiert Equipen. Mat der Montage sinn d’Aufgabe fir eis awer nach laang net erfëllt. Eisen exklusive Service Entretien, dee mir eise Clienten op Wonsch gären ubidden, féiert regelméisseg a fachmännesch Kontroll- a Fleegeaarbechten aus. A fir all Interventioun zwëschen-duerch hunn mir eisen hauseegene Konnendéngscht.

Hutt Dir Interessi un eise Produiten an eisem Service Entretien? Da kontaktéiert eis einfach – per Mail, Kontaktformulair oder ruft eis un!

EXKLUSIV FIR OST CLIENTEN

Service Entretien

Sécherlech wëllt Dir déi natierlech Schéinheet vun Äre Fënsteren an Dieren vun OST genéissen. Aus dësem Grond bidde mir Iech eise Service Entretien un. A reegelméissegen Ofstänn wäert eise Konnendéngscht eng fachmännesch Beschlags,- Dichtungs- an Uewerfläche-Kontroll duerchféieren. Dës Kontroll enthält eng fachgerecht Funktiounspréiwung, d’Uelegen an evtl. Reguléieren vu Beschléi, d’Iwwerpréiwe vun Dichtungen a Versigelen souwéi eng allgemeng Uewerfläche-Kontroll mat evtl. liichter Fleeg respektiv Retuschen.

  • soll ausser Fënsteren och eng Hausdier kontrolléiert ginn, zielt déi ewéi zwou zousätzlech Fënsteren
  • méi wéi 35 Fënsteren op Ufro
  • éischte Rendezvous aus dem Kontrakt muss spéitstens 1 Joer nom gratis Service Entretien oder no enger käschteflichteger Éischt-Kontroll vun den Elementer erfollege
  • Tarifupassungen ob Grond vun erhéichte Käschte si méiglech
  • eise Wartungsservice ass exklusiv nëmme fir OST-Produiten! 
UnzuelServicePauschalGesamt nettoGesamt brutto
1 Hausdier separat59,79 €12,00 €71,79 €84,00 €
1-5 Fënsteren59,79 €12,00 €71,79 €84,00 €
6-10 Fënsteren85,44 €12,00 €97,44 €114,00 €
11-15 Fënsteren105,09 €12,00 €117,09 €137,00 €
16-25 Fënsteren120,48 €12,00 €132,48 €155,00 €
26-35 Fënsteren146,12 €12,00 €158,12 €185,00 €

Den OST Newsletter

elo abonnéieren
This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now