

KARRIÄR BEI OST
Eis fräi Plazen
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe si mir stänneg op der Sich.
Mir sinn oppe fir all Initiativ Bewerbung.
Entdeckt eis fräi Plazen.
Bei Réckfroen went Iech w.e.g. vertrauensvoll un eis Uspriechpartnerin d’Mme Kraus.
Tel. (+352) 71 90 91-56
Mail: bewerbung@ost.lu
MATAARBECHTER FIR EIS AARBECHTSVIRBEREEDUNG
M/W/D
Du gesäis keng Fënster – du gesäis all Detail.
All Fënster fänkt mat enger Iddi un.
Een Architekt zeechent eng Linn.
Ee Bauhär huet een Dram.
Ee Client wënscht sech Liicht.
Ee Schräiner waart op den éischten Zouschnëtt
Zwëschent all deene Momenter ginn et eng Persoun, déi alles zesumme féiert.
Villäicht bass genau du dat!
Aus Iddie gi Fënsteren an aus denger Planung gëtt Qualitéit.
Bei OST-Fenster entsti keng Standard-Produiten. All Fënster, all Hausdier, all Schiebe-Element ass eng Mooss-Ufäerdegung.
Firwat OST?
Zanter iwwer 50 Joer produzéiere mir Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium.
Net a Serie – mee individuell.
Fir Mënschen, déi héchst Uspréch u Qualitéit, Design a Laangliewegkeet stellen. Eis Clienten investéieren net einfach a Fënsteren. Si investéieren an hiert Doheem. A genau dowéinst investéiere mir a Mënschen, déi hiert Handwierk verstinn.
Gëff Deel vun eisem Team!
- Beaarbechtung vun Opträg, Konstruktioun a Material-Bestellung
- Zeechnungen erstellen (CAD) a préiwen
- intern Klärung vun der technescher Ausféierung
- Erstellung vu Bestell- a Fäerdegungsënnerlagen
- Kontakt an Austausch mat Fournisseuren
- Ausbildung als Schräiner, Holztechniker, techneschen Zeechner oder vergläichbar Qualifikatioun
- Erfarung am Fënsterbau
- Technescht Verständnis
- Freet um Plangen an Organiséieren
- Selbststänneg Aarbechtsweis
- Teamgeescht
- du hues Präzisioun gären
- du schaffs strukturéiert an denks gäre viraus
- du verléiers och bei komplexe Projeten ni den Iwwerbléck
- ee moderne Familljebetrib an zweeter Generatioun
- een Team, wat zesummeschafft aplaz niewentenee schafft
- Héichwäerteg Projeten aplaz Masseproduktioun
- modern Software
- kuerz Entscheedungsweeër
- Weiderbildungs-Méiglechkeeten
- Sécher Aarbechtsplaz mat Zukunft
- Wäertschätzung fir deng Aarbecht
SCHRÄINER AM FËNSTERBAU
M/W/D
Bau net einfach Fënsteren. Erschaf een Doheem.
Zanter iwwer 50 Joer baue mir bei OST-Fenster qualitativ héichwäerteg Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium.
Net fir iergendeen Haus. Mee fir Plaze, wou Kanner grouss ginn. Fir Haiser, an deene Famille Chrëschtdag feieren.
Fir Fënsteren, bei deene moies den éischte Kaffi gedronk ginn. A fir Mënschen, déi all Dag Heem kommen a soen: “hei fillen ech mech wuel”.
Genau doru schaffs du mat! Net um Fléissband. Mee mat dengen Hänn. Mat dengem Kënnen. Mat denger Leidenschaft.
Well eng Fënster vun OST ass keen Industrie-Produit. Et ass richtegt Handwierk!
Gëff Deel vun eisem Team!
- du fäerdegs héichwäerteg Holz- an Holz-Aluminium Fënsteren an Dieren op Mooss
- Dobäi schaffs du mat innovativer Technik a modernste Maschinnen, genausou wéi mat klasseschem Schräiner-Handwierk
- du préifs all Detail, well mir baue keng Standard-Fënsteren. Mir baue Fënsteren, déi Joerzéngten halen.
- Ausbildung als Schräiner oder vergläichbar Qualifikatioun
- Freed um héichwäertegen Handwierk
- Léift zum Material Holz
- Genauegkeet
- Teamgeescht
- Loscht op aussergewéinlech Projeten
- sécher Aarbechtsplaz an engem erfollegräiche Familljebetrib
- modern equipéiert Produktioun
- héichwäerteg Maschinnen
- spannend Sonder-Ufäerdegungen
- familiär Klima
- faire Verdéngscht
- Weiderbildungsméiglechkeeten
- een Team, wat zesummen hält
- kee Grouss-Konzern, mee ee Familljebetrib – zanter iwwer 50 Joer,
- mat kuerzen Entscheedungs-Weeër,
- mat Mënschen, déi sech kennen,
- mat Kolleegen, déi fireneen do sinn,
- hei bass du keng Personalnummer, hei kennt een däin Numm.
RECEPTIONIST
M/W/D
Den éischten Androck bleift oft dee Wichtegsten
Gëff dat éischt Laache vun eisem Betrib.
Wien an eis Expo era kënnt oder zum Telefon gräift, begéint als éischt Dir.
Mat denger frëndlecher Aart, dengem Organisatiounstalent an dengem Gespier fir Mënsche suergs du dofir, datt sech Clienten, Geschäftspartner a Kolleege vun Ufank u wëllkomme fillen.
Als Familljebetrib sti fir eis net nëmmen héichwäerteg Fënsteren an Hausdieren am Mëttelpunkt, mee virun allem d’Mënschen, mat deene mir deeglech zesumme schaffen.
Dowéinst siche mir eng Perséinlechkeet, déi mat Häerz, Engagement a Freed d’Receptioun vun eisem Betrib bereechert.
Gëff Deel vun eisem Team!
- frëndlechen Empfang vun eise Clienten a Visiteuren
- Telefonszentral a Vermëttlung vu Gespréicher
- Beaarbechtung vum Post-Agang an -Ausgang
- Beaarbechtung a Weiderleedung vun den agaangene E-Mailen
- Erfaasse vun agaangenen Ufroen
- Organisatioun a Koordinatioun administrativen Aufgaben
- Ënnerstëtzung vu verschiddenen Abteilungen am Dagesgeschäft
- Fleeg vu Stammdaten an allgemeng Büro-Tätegkeeten
- Allgemeng Korrespondenz
- frëndlecht a gefleegten Optrieden
- Freed um Ëmgang mat Mënschen
- Organisatiounstalent a selbststänneg Aarbechtsweis
- Sécheren Ëmgang mat MS Office
- Ganz gutt Däitsch-, Englesch- a Franséisch-Kenntnisser, Lëtzebuergesch vu Virdeel
- Teamgeescht an Zouverlässegkeet
- sécher Aarbechtsplaz an engem erfollegräiche Familljebetrib
- modern equipéiert Produktioun
- héichwäerteg Maschinnen
- ee moderne Familljebetrib an zweeter Generatioun
- een Team, wat zesummeschafft aplaz niewentenee schafft
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- intensiivt Aschaffen a Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- flaach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
OPMOOSS-TECHNIKER
M/W/D
Präzisioun fänkt virun der Ufäerdegung un
All Fënster, all Hausdier an all Schiebe-Element fänkt mat engem Schratt un: dem genauen Opmooss.
Mat dengem Bléck fir Detailer schaafs du d’Basis dofir, datt aus héichwäertegem Handwierk opmooss geschneidert Léisungen entstinn. Du bass direkt bei eise Clienten op der Plaz, beréits kompetent a suergs mat präziser Aarbecht dofir, datt all Element herno perfekt passt.
Als Familljenentreprise mat iwwer 50 Joer Erfarung sti fir eis Qualitéit, Zouverlässegkeet an ee partnerschaftlechen Ëmgang mat eise Clienten am Mëttelpunkt. Genau dofir siche mir Mënschen, déi Verantwortung iwwerhuelen a mat Suergfalt schaffen.
Gëff Deel vun eisem Team!
- Beaarbechtung vun Opträg, Planung a Konstruktioun
- Zeechnungen erstellen (CAD)
- Klärung technesch Detailer mat Clienten an Architekten
- Terminplanung
- Erstellung vu Bestell- a Fäerdegungsënnerlagen souwéi Uschloss- a Montageënnerlagen
- Baustellebespriechungen
- Kontakt mam Endclient, Architekten an Entreprener
- ëmfangräich Kenntnisser am Fënsterbau
- Ausbildung als Techniker, Schräiner o.ä.
- CAD- an EDV-Kenntnisser
- héicht Mooss u Genauegkeet, Zouverlässegkeet a Qualitéits-Bewosstsinn
- clientsorientéierten Optrëtt
- strukturéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis
- Sproochekenntnisser: Däitsch, Franséisch an Englesch
- Leierbereetschaft a Freed un der Aarbecht an der Equipe
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- mëttelstänneg Familljenentreprise
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- flexibel Aarbechtszäiten
- intensiivt Uléieren an Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
KONNENDÉNGSCHT-TECHNIKER
M/W/D
Vertraue bleift
Eng héichwäerteg Fënster endegt net mat der Montage.
Si begleet een Doheem iwwert vill Joren – a genau dowéinst endegt eise Service net mam Abau.
Als Techniker vun eisem Service Après-Vente bass du Uspriechpartner fir eis Clienten, wann et em Maintenance, Reparaturen oder kléng Upassunge geet. Mat dengem handwierkleche Kënnen, denger Suergfalt an dengem frëndlechen Optriede suergs du dofir, datt eis Fënsteren an Dieren och no ville Joren zouverlässeg funktionéieren.
Well gudde Service bedeit fir eis net just Problemer ze léisen. Mee Vertraue laangfristeg z’erhalen.
Gëff Deel vun eisem Team!
Duerchféierung vu Maintenance- a Reparaturaarbechten u Fënsteren, Hausdieren a Sonneschutz-Systemer
Astellung a Nojustéierung vu Beschléi a Bauelementer
Analys a Behiewung vun technesche Reklamatiounen
Austausch vun eenzelne Baudeeler a Komponenten
Dokumentatioun vun der ausgefouerter Aarbecht
Frëndlech a kompetent Betreiung vun eise Clienten op der Plaz
Eng ofgeschlossen handwierklech Ausbildung (z.B. Schräiner, Ebenist, Fënsterbauer, Metallbauer oder vergläichbar)
Handwierklecht Geschéck an technescht Verständnis.
Selbststänneg, suergfälteg a léisungsorientéiert Aarbechtsweis
Frëndlechen a serviceorientéierten Optrëtt
Verantwortungsbewosst an Zouverlässegkeet
Fürerschäi Klass B
- Eng sécher Aarbechtsplaz an engem erfollegräiche Familljebetrib
- Ofwiesslungsräich Aufgabe mat vill Eegeverantwortung
- Modernt Aarbechtsmaterial an héichwäerteg Outilen
- Kollegiaalt Aarbechtsëmfeld mat kuerzen Entscheedungsweeër
- Strukturéiert Anaarbechtung
- Individuell Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- Een Team wat zesummenhält a Wäertschätzung lieft
Leeder fir eis Objektabteilung
M/W/D
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe siche mir schnellst méiglechst ee Leeder fir eis Objektabteilung mat Erfarung an der Baubranch.
■ käschtenoptiméiert Ofwécklung vun den Objekter
■ ëmfaassend Betreiung vun de Groussclienten, Architekten an Entreprener (vun der Virbespriechung bis zur Receptioun vun de Chantieren)
■ Planung an Organisatioun vun den Objekter
■ Teamféierung
■ ëmfaassend Betreiung vun de Monteuren
■ ëmfangräich Kenntnisser an der Baubranche
■ Kenntnisser am Fënsterbau vu Virdeel
■ Sproochekenntnisser: Franséisch, Däitsch an Englesch
■ héicht Mooss un Eegeverantwortung
■ clientsorientéierten Optrëtt
■ CAD- an EDV-Kenntnisser
■ Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
■ mëttelstänneg Familljenentreprise
■ ee Firmenauto och fir de private Notzen
■ vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
■ flexibel Aarbechtszäiten
■ intensiivt Uléieren an Betreiung
■ ofwiesslungsräich Aufgaben
■ Weiderbildungsméiglechkeeten
■ flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
Technesche Vertribs-Mataarbechter
M/W/D
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe siche mir schnellst méiglechst een technesche Vertribsmataarbechter mat Erfarung am Fënsterbau.
■ technesch Berodung a professionell Betreiung vun eise Privatclienten
■ Kalkulatioun an Erstelle vun Offeren
■ Kontakt mat Endclienten, Architekten an Entreprener
■ ëmfangräich Kenntnisser am Fënsterbau
■ Ausbildung als Techniker, Verkeefer, Schräiner o.ä.
■ Sproochekenntnisser: Däitsch, Franséisch an Englesch
■ EDV-Kenntnisser
■ héicht Mooss u Genauegkeet, Zouverlässegkeet a Qualitéits-Bewosstsinn
■ clientsorientéierten Optrëtt
■ strukturéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis
■ Leierbereetschaft a Freed un der Aarbecht an der Equipe
■ Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
■ mëttelstänneg Familljenentreprise
■ ee Firmenauto och fir de private Notzen
■ vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
■ flexibel Aarbechtszäiten
■ intensiivt Uléieren an Betreiung
■ ofwiesslungsräich Aufgaben
■ Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
■ flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
Usträicher
Zur Verstäerkung vun eisen Equipen siche mir schnellst méiglechst Usträicher.
Obermonteuren
Zur Verstäerkung vun eisen Equipen siche mir schnellst méiglechst Obermonteure mat Erfarung an der Fënster-Montage.
Marketing-Mataarbechter (temps partiel)
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe siche mir schnellst méiglechst een administrative Mataarbechter - temps partiel - fir eis Marketing-Abteilung.
- Verwaltung vun eiser digitaler Kommunikatioun
- Erstellung a Verëffentlechung vu Content op eiser Internetsäit a Soziale Netzwierker
- Erstellung a Verwaltung vun digitaler Werbung (Google, Facebook,…)
- Erstellung a Verwaltung vu Referenzen
- Allgemeng administrativ Aarbechten
- Kenntniss mam Emgang vu Social Media
- Kreativitéit, Textsécherheet & Talent sech gutt auszedrécken
- Kenntniss mam Emgang vun CMS,
- Kenntniss mam Emgang vu Photoshop an HTML vu Virdeel
- Sproochekenntnisser: Däitsch, Franséisch an Englesch; Lëtzebuergesch vu Virdeel
- EDV-Kenntnisser
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- mëttelstänneg Familljenentreprise
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- flexibel Aarbechtszäiten
- intensiivt Uléieren an Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
Disponent
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe siche mir schnellst méiglechst een Disponent mat Friemsproosche-Kenntnisser (FR/DE/EN) an Erfaarung am Beräich Logistik.
- Administratif Aarbechten
- divers Organisatiouns-Aarbechten
- Terminplanung
- allgemeng Korrespondez
- Aweisung vun de Monteuren
- Kontakt mat Endclienten, Architekten, Entreprener an eise Monteuren
- Erfaarung am Handwierksberäich
- technescht Verständnis
- Sproochekenntnisser: Däitsch, Franséisch an Englesch
- EDV-Kenntnisser
- héicht Mooss u Genauegkeet, Zouverlässegkeet a Qualitéits-Bewosstsinn
- clientsorientéierten Optrëtt
- strukturéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis
- Leierbereetschaft a Freed un der Aarbecht an der Equipe
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- mëttelstänneg Familljenentreprise
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- flexibel Aarbechtszäiten
- intensiivt Uléieren an Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
Employé commercial
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe siche mir schnellst méiglechst een Employé commercial mat Friemsproosche-Kenntnisser (FR/DE/EN) an Erfaarung an engem Handwierksbetrib.
- Administratif Aarbechten
- Kalkulatioun an Erstelle vun Offeren
- Beaarbechte vu Commanden
- Rechnungsstellung
- allgemeng Korrespondez
- Kontakt mat Endclienten, Architekten an Entreprener
- ofgeschlossen Ausbildung am Commerce
- Erfaarung am Handwierksberäich
- technescht Verständnis
- Sproochekenntnisser: Däitsch, Franséisch an Englesch
- EDV-Kenntnisser
- héicht Mooss u Genauegkeet, Zouverlässegkeet a Qualitéits-Bewosstsinn
- clientsorientéierten Optrëtt
- strukturéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis
- Leierbereetschaft a Freed un der Aarbecht an der Equipe
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- mëttelstänneg Familljenentreprise
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- flexibel Aarbechtszäiten
- intensiivt Uléieren an Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
Objekt-Planer
Zur Verstäerkung vun eiser Equipe siche mir schnellst méiglechst een Objekt-Planer mat Erfarung am Fënsterbau.
- Kalkulatioun, Präisufro an Erstelle vun Offeren
- Beaarbechtung vun Opträg, Planung a Konstruktioun
- Zeechnungen erstellen (CAD)
- Klärung technesch Detailer mat Clienten an Architekten
- Terminplanung vun den Objekter
- Erstellung vu Bestell- a Fäerdegungsënnerlagen souwéi Uschloss- a Montageënnerlagen
- Aweisung vun de Monteuren
- Baustellereuniounen
- Receptioun vun den Objekter mat Endclienten, Architekten an Entreprener
- ëmfangräich Kenntnisser am Fënsterbau
- Ausbildung als Techniker, Schräiner, Kaufmann o.ä.
- CAD- und EDV-Kenntnisser
- héicht Mooss u Genauegkeet, Zouverlässegkeet a Qualitéits-Bewosstsinn
- clientsorientéierten Optrëtt
- strukturéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis
- Sproochekenntnisser: Däitsch, Franséisch an Englesch
- Leierbereetschaft a Freed un der Aarbecht an der Equipe
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- mëttelstänneg Familljenentreprise
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- flexibel Aarbechtszäiten
- intensiivt Uléieren an Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër
Bauleeder
Zur Verstäerkung vun eisen Equipen, siche mir schnellst méiglechst ee Bauleeder fir eis Montag-Abteilung.
- Betreiung vun eise Montagekolonnen
- Organisatioun vu Baustellen
- Baustellebespriechungen
- Receptioun mat Clienten, Architekten an Entreprener
- Erfarung am Fënsterbau
- Sproochekenntniss: Däitsch, Franséisch an Englesch
- clientsorientéierten Optrëtt
- EDV Kenntnisser
- Léierbereetschaft a Freed um Schaffen an der Equipe
- Beschäftegung um attraktive Standuert Lëtzebuerg
- mëttelstänneg Familljenentreprise
- vill attraktiv Sozialleeschtungen a geldwäert Virdeeler
- flexibel Aarbechtszäiten
- intensiivt Uléieren an Betreiung
- ofwiesslungsräich Aufgaben
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
- flach Hierarchien a schnell Kommunikatiounsweeër

