Skip to content Skip to footer
Service

Eis zousätzlech Valeur

Gutt Produiten elleng ginn eis net duer. Op ee gudde Service leeë mir Wäert: ugefaangen domat bei der individueller Berodung bis hin zum Abau vun all de Fënsteren an Dieren duerch eis qualifizéiert Equipen. Mat der Montage sinn d'Aufgabe fir eis awer nach laang net erfëllt. Eisen exklusive Service Entretien, dee mir eise Clienten op Wonsch gären ubidden, féiert regelméisseg a fachmännesch Kontroll- a Fleegeaarbechten aus. A fir all Interventioun zwëschen-duerch hunn mir eisen hauseegene Konnendéngscht.

Hutt Dir Interessi un eise Produiten, Service Entretien a wëllt Dir all d'aktuell News iwwer OST?

EXKLUSIV FIR OST CLIENTEN

Service Entretien

Sécherlech wëllt Dir déi natierlech Schéinheet vun Äre Fënsteren an Dieren genéissen. Aus dësem Grond bidde mir Iech eise Service Entretien un. A reegelméissegen Ofstänn wäert eise Konnendéngscht eng fachmännesch Beschlags,- Dichtungs- an Uewerfläche-Kontroll duerchféieren. Dës Kontroll enthält eng fachgerecht Funktiounspréiwung, d’Uelegen an evtl. Reguléieren vu Beschléi, d’Iwwerpréiwe vun Dichtungen a Versigelen souwéi eng allgemeng Uewerfläche-Kontroll mat evtl. liichter Fleeg respektiv Retuschen.

Ufro fir eise
Service Entretien

  • méi wéi 35 Fënsteren op Ufro
  • éischte Rendezvous aus dem Kontrakt muss spéitstens 1 Joer nom gratis Service Entretien oder no enger käschteflichteger Éischt-Kontroll vun den Elementer erfollegen
  • soll ausser Fënsteren och eng Hausdier kontrolléiert ginn, zielt déi ewéi zwou zousätzlech Fënsteren
UnzuelServicePauschalGesamt nettoGesamt brutto
1 Hausdier separat59,79 €12,00 €71,79 €84,00 €
1-5 Fënsteren59,79 €12,00 €71,79 €84,00 €
6-10 Fënsteren85,44 €12,00 €97,44 €114,00 €
11-15 Fënsteren105,09 €12,00 €117,09 €137,00 €
16-25 Fënsteren120,48 €12,00 €132,48 €155,00 €
26-35 Fënsteren146,12 €12,00 €158,12 €185,00 €

Den OST Newsletter

elo abonnéieren