HOLZ-ALUMINIUM-FËNSTEREN
ACTUALU CLASSIC
Holz-Alu Fënster - klassesch profiléiert
Klassesch trëfft modern: eise klasseschen Holzfënster-Modell “Nostalgie Classic” elo och an der Holz-Aluminium Variant – Actualu Classic. Bannen d’Holz ewéi bausse den Aluminium klassesche Profilléierungen.

PREMIUM TRADITION
Holz-Alu Fënster - flächeversaat
Méi nobel geet net: Aluminium an all gewënschter RAL-Faarf baussen, waarmt Holz dobannen. A well d’Aluminiumschuel schützt, kënne mir hei och mat heemeschen Nolen- oder nobelen Miwwelhëlzer schaffen.

PREMIUM STYLE
Holz-Alu Fënster - flächebündeg
Fir eng ästhetesch Gesamtléisung an der moderner Architektur hu mir dës flächebündeg Holz-Aluminium-Fënster entwéckelt. Eng komplett gelonge Léisung.

PREMIUM ECONOMY
Holz-Alu Fënster - héichwärmeisoléierent
Wärmeisolatioun op héchstem Niveau. Den Premium Economy Fënstermodell bidd nieft der kloer Linneféierung eng Villzuel un technesche Virdeeler. Nieft der gudder statescher Drocapacitéit iwwerzeegt den Premium Economy duerch excellent Wärmeisolatioun.

ALLROUND
Holz-Alu Fënster - mat integréierter Jalousie
Bei dëser Holz-Aluminium Fënster hunn mir eng banneleient Jalousie zwëschen zwee separat opzemaachende Fligel integréiert. De Virdeel: eng Fënster mat besonnesch héijem Isolatiounswärt a Schallschutz duerch déi zousätzlech Baussescheif an engem knaschtfreien integréierte Sonneschutz. D’Jalousie déi elektresch per Funk gesteiert gëtt, kritt Dir a ville verschiddene Faarwen.





