Skip to content Skip to footer

Neies vun OST Fenster

Domaine_Claude_Bentz00006

Projet Domaine Claude Bentz

Virun e puer Wochen hu mir um Chantier Prefalux – Domaine Claude Bentz – zu Réimech mat der Montage ugefaangen. Dat Besonnescht un dësem Projet: een aussergewéinlech grousst Hebe-Schiebe-Element aus Holz.

Zum Bäitrag »

ee léift kompliment

D’Zefriddenheet vun eise Clienten ass fir eis mat dat Wichtegst. Ëmsou méi houffreg si mir, wa mir esou ee léift Kompliment vun eise Cliente kréien, wéi dat vum Här Patrick Schu a sengem E-mail un eis.

Zum Bäitrag »

Den OST Camion an Aktioun

Um Chantier Westbay zu Stroossen – Neibau vu 4 Residenzen – ginn ënnert anerem eng Partie grouss Hebe-Schiebe-Elementer aus Holz-Aluminium montéiert. A fir déi all direkt bei déi richteg Ëffnungen ze kréien, ass eise Camion mam Kran am Asaz. Mir hunn dat Ganzt gefilmt a si begeeschtert dovun! An Dir?

Zum Bäitrag »

Héichmodern Technologie – eis nei Lackéierstrooss

Während der Summervakanz ass eis nei super modern an innovativ Lackéierstrooss an eisem Atelier montéiert ginn: een héich technologeschen an vollautomateschen Lackéiersystem fir Fënsteren an Dieren. Déi zwee Sprëtz-Roboter an d’elektronescht System zur Formerfaassung erméiglecht et, all Dieren- a Fënstertyp mat eegene Lackéiervirschrëften an héchster Qualitéit ze lackéieren.

Zum Bäitrag »

Eng entrée mat charakter

“Fir den éischten Androck gëtt et keng zweet Chance”, seet een. Dat gëllt och beim Haus, an hei ganz besonnesch bei der Aganksdier. Charakter a Stil weisst, Wee seng Visiteure mat enger héichwäerteger Hausdier aus Holz oder Holz-Aluminium empfänkt. Well Dieren aus dëser natierlecher Matière Première loosse sech ganz individuell gestalten. Mat onverwiesselbarer Maserung sinn si ëmmer een Unikat. A net nëmmen dat: Holzhausdiere verbannen héchst ästhetesch Uspréch mat komfortabele Funktiounen, exzellent Isolatioun an héije Sécherheetsstandards.

Zum Bäitrag »
This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now