Virun e puer Wochen hu mir um Chantier Prefalux – Domaine Claude Bentz – zu Réimech mat der Montage ugefaangen. Dat Besonnescht un dësem Projet: een aussergewéinlech grousst Hebe-Schiebe-Element aus Holz. Mat senge méi wéi 10m Breet a knapp 2,60m Héicht gehéiert dëst Element zu deene gréissten déi mir bis dato produzéiert a verbaut hunn.
Mat Hëllef vun eisem Camion mat Kran goufen déi verschidden Deeler vun der grousser Hebe-Schiebe-Dier op déi richteg Plaz gehuewen ier et mat der Montage lass gaangen ass. Innerhalb vun 2 Deeg stoung dat ganzt Element.
Nieft der extra grousser Hebe-Schiebe-Anlag sinn och nach speziell Fënsteren agebaut ginn: 12 dräieckeg Fënsteren a Rauteform komplett aus Holz – Modell Nostalgie Classic IV92 am Eechenholz.
Mir sinn elo scho ganz gespaant op d’Resultat vum komplett fäerdege Projet vum Domaine Claude Bentz.