#
Fenster | Türen | Glasfassaden
facebook mail linkedin
mouse-icon

GLASFASSADEN. FIR ALL PROJET.

  • Eefamilljenhaiser
  • Méifamilljenhaiser
  • ëffentlech Gebaier
  • Bürosgebaier
  • a villes méi

Glasfassade. Made in Luxembourg.

Eist handwierklecht Selbstverständnis an en héije qualitativen Usproch begleeden eise Familljebetrib elo schonns zanter ville Joerzéngten. Fir d'éischt sinn et héichwäerteg Fënsterléisungen, déi eise Produktschwéierpunkt bild. Mat den dovun erworbene Kompetenzen an Fäegkeeten war et fir eis ee klenge wéi och konsequente Schratt fir d'Hierstellen individuell geplangte Glasfassaden. D'Produktioun erfollegt, wéi och bei OST Fënsteren an Dieren, komplett bei eis am Haus. Mir verwennen ausschliisslech déi beschten Holzarten a veraarbechten se mat modernster Technik, mam Resultat, datt OST Glasfassaden quasi wartungsfräi an am héije Mooss witterungsbestänneg sinn.

méi Liicht. Doheem.

Modern architektonesch Fassaden aus Glas an handwierklech perfekter Poste-Rigel-Konstruktioun. Mat Fassaden an Diercher aus Glas: vum Rez-de-Chaussée bis zur Corniche, vum Giewel bis zur Fiischt – mat däitlechem Gewënn u Wunnwärt an Ästhetik. Mat hinne loossen sech usprochsvoll Projete quasi ouni Grenze gestalten a maache sech zur Ëmgéigend op. D'Poste-Rigel-Fassade erlaabt et och als Dachverglasung mat speziellem selbstrengegendem Glas an d'Dachfläch iwwerzegoen. Oder mat fräie Formen aus Holz, Glas an Alu-Profiler nei architektonesch Fräiheeten ze ginn.

Posten-Rigel-Fassade vun OST maachen der Architektur Liicht a Raum op – a si maachen dëst op héchst individueller Aart a Weis. Jiddwer dëser Léisungen ass d'Resultat vun engem suergfältege Plangen souwéi de perséinleche Wunnvirstellunge vun eise Clienten. De Gestaltungsméiglechkeete sinn, dank dem Asaz leeschtungsfäege Konstruktiounen aus Holz an Aluminiumprofiler, kaum Grenze gesat.

Sou villfälteg déi formal Gestaltungsfräiheet ass, sou interessant sinn d'Asazméiglechkeeten vun eise Poste-Rigel-Fassaden – an dat net nëmmen am Neibau. Grad bei bestoender Bausubstanz erhéijen si de Wunnwärt duerch Raum-, Form-, Liicht- a Siichtgewënn. Attraktiv ass och d'Méiglechkeet si als Verbindungsëlement zwëschent zwee Gebaier anzesetzen. Individuellt Plangen an zuelräich Gestaltungsméiglechkeete loossen der Villfalt fräie Laf.

Fir weider Informatiounen zu eise Glasfassade stinn Iech eis kompetent Beroder jidderzäit gären zur Säit.

Kontaktformular

<