

MODERNE FAMILLJEBETRIB
Handwierk made
in Luxembourg
Zanter iwwer 50 Joer stelle mir als lëtzebuergesche Familljebetrib qualitativ héichwäerteg Fënsteren an Dieren aus Holz an Holz-Aluminium hir.
Ob Renovatioun oder Neibau: energetesch Ufuerderunge ginn haut de Kader vir. Eis ënnerschiddlech Produktlinnen decken dowéinst all energetesch Ufuerderungen of – ob fir Niddregenergie-, Passivhaus oder doriwwer eraus. Mir sinn awer net nëmme bei Neibaute beschtens opgestallt.
Och wann et gëllt, energetesch Schwaachstelle vu Renovatiounsobjeten oder denkmalgeschützte Gebaier opzespieren an auszeschalten, schafe mir passgenau Léisungen.
Héichwäerteg Fënsteren
Fënstere präge ganz besonnesch d’Architektur vun engem Haus – vu bausse wéi vu bannen – a mussen déi verschidden Ufuerderunge vun haut erfëllen.
Individuell Hausdieren
Den Usproch, Architektur zu engem Spigel vun der Perséinlechkeet ze maache, fënnt sech fir eis net zulescht an der Gestaltung vun der Hausdier erëm.
Modern Glasfassaden
Modern Fassaden aus Glas an handwierklech perfekter Poste-Rigel-Konstruktioun. Mat Maueren an Diercher aus Glas: vum Rez-de-Chaussée bis zur Corniche, vum Giewel bis zur Fiischt – mat däitlechem Gewënn u Wunnwärt an Ästhetik.
SERVICE
fir méi Qualitéit
Qualitéit steet nët nëmme fir gutt Produiten. Qualitéit steet virun allem fir ee gudde Service ze bidden. Ugefaange mat enger perséinlecher Beroodung, der Montag sur place bis hin zu eisem Service Aprés-Vente. Zousätzlech dozou bidde mir eise Clienten op Wonsch eisen exklusive Service Entretien. Dëse féiert regelméisseg a fachmännesch Kontroll- a Fleegeaarbechten aus.
NEWS
vun OST-Fenster
Mir informéieren Iech iwwer Aktuelles zum Thema Fënsteren, Dieren a Glasfassaden. Souwéi iwwert all aaner Neiegkeet iwwert eise Betrib.

