Skip to content Skip to footer

Natierlech nohalteg

Fënsteren déi d'Klima schützen

Wa mir aus der Fënster kucken, gesi mir net nëmmen d’Welt – mir gesinn och eis Verantwortung. 

 

Verantwortung dofir, wéi mir bauen, wéi mir wunnen a wéi mir liewen.

 

Eis Fënsteren aus Holz an Holz-Aluminium droen dozou bäi, d’Welt ee Stéck besser ze maachen. Si sinn net nëmmen ee Stéck Handwierk, Design a Gebuergenheet. Si sinn och ee Beitrag zum Klimaschutz.

 

Holz ass ee Geschenk vun der Natur – an ee vun eise stärksten Alliéierten am Kampf géint de Klimawandel!

 

Wärend sengem Wuesstum späichert Holz CO² a konservéiert dëse Schatz fir Joerzéngten. Gëtt et zur Fënster verschafft, bleift dësen Effekt erhaalen: all Holzfënster ass ee klénge Kuelestoff-Senker an domat een aktive Beitrag zum Klimaschutz.

 

Mee dat ass just den Ufank! Holz an Holz-Alu Fënsteren iwwerzeegen och mat exzellenten Dämmeegeschaften. Si reduzéieren den Energieverbrauch fir Heizung a Klima a spueren sou Dag fir Dag Emissiounen.

 

Hier Liewensdauer? Beandrockend lang! Reparéierbar, erneierbar, langlieweg.

 

Am direkte Verglaich weisen d’Zuelen:

■ 80 % manner CO² Potenzial wéi Aluminiums Fënsteren

■ 50 % manner wéi PVC-Fënsteren

 

Nohaltegkeet ass fir eis keen Trend, mee gelieften Haltung. Eis Fënsteren sti fir Qualitéit, Eleganz a Verantwortung.

 

Gastallt Ärt Doheem mat Fënsteren, déi d’Zukunft erhaalen! Kontaktéiert eis fir Ärt perséinlechst Beroodungsgespréich

This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now