An der aktueller Zäit, an der d’Energiepräisser duerch Decke ginn, ass et esou wichteg wéi ni Energie a soumat Käschten ze spueren.
Dir wëllt Ärt Haus oder Är Wunneng renovéieren an domat Ären Energieverbrauch senken? Oder Dir plangt ee Sanéierungs-Projet? Da sidd Dir bei OST genau richteg!
Well nieft dem Austauschen vun Ärer Heizung géint ee méi effiziente Modell, der Daach- a Fassadendämmung, gehéiert och d’Ersetze vun de Fënsteren a Fënsterdieren zu de Moossnamen vun der energetescher Renovatioun.
Mee wat ass iwwerhaapt eng energetescher Renovatioun a wat sinn d’Virdeeler dovun? Äntwerten ob dës Froen a weider Informatiounen zu deem Thema fannt Dir hei: