10 Grënn firwaat Holzfënsteren einfach déi beschte Wiel sinn
Wann Dir een Haus baut, ee Gebai renovéiert oder ee Projet plangt, musst Dir Iech als éischt fir déi richteg Baustoffer an Elementer entscheeden. OST liwwert Iech gutt Grënn, wisou Holz bei Fënsteren an Dieren déi beschte Wiel ass.
Modern Holzfënstere gesinn net nëmme besser aus a ginn Ärem Haus ee spezielle Flair, mee si sinn besonnesch ökologesch, technesch virbildlech souwéi op Dauer käschtegënschteg. An nach vill méi:
- Holz ass méi stabil a liwwert soumat eng perfekte Stabilitéit vun de Fënsteren. Bei aneren Materialien vum Kader muss d’Glas déi statesch Funktioun iwwerhuelen – wat mat der Zäit zu enger Iwwerbelaaschtung féiert an d’Profiller zesumme sacken.
- Holzfënstere sinn ëmweltfrëndlech: Holz ass eng natierlech Matière Première déi stänneg nowiisst a biologesch komplett ofgebaut ka ginn. Wärend hirem Wuesstem veraarbechte Beem klimaschiedlechen Co2. Plastik a Metall sinn dogéint Matièren, déi vun Ufank un Co2 produzéieren. An Dank geréngem Energieopwand an der Hierstellung a laanger Liewensdauer schounen Holzfënsteren zousätzlech Klima an Ëmwelt. Am Géigesaz zu all deenen anere Matière bei deenen den Energieopwand extrem héich ass bei der Hierstellung. Wien also nohalteg an ökologesch baue wëll, kënnt net laanscht d’Holzfënster.
- Holzfënstere si laangwiereg: mat der richteger Fleeg hält eng Holzfënster allen Uspréch Stand – iwwer Generatiounen. Hier Liewensdauer ass 3 mol méi héich wéi déi vu Plastiksfënsteren! An d’Entsuergung vu Plastik-Produiten ass jo bekanntlech méi wéi problematesch.
- Holzfënstere bidden am Brandfall méi Sécherheet: si kënnen dem Féier net nëmme méi laang Stand halen, mee entwéckelen och wesentlech manner Damp a setzen keen Dioxin fräi. Bei brennendem Plastik dogéint, entstinn Salzsaier, héich gëftegen Dioxin an aner geféierlech Gasen. Wärend Thermoplast scho bei 110 bis 130 Grad zerfléisst, kënnen Holzfënsteren Temperaturen vun iwwer 200 Grad ouni Weideres Stand halen. De Kader bei den Holzfënstere bleift also méi laang stabil.
- Holzfënstere schéngen vläicht, op den éischte Bléck, net déi gënschteg Variant ze sinn – si sinn et op Dauer allerdéngs schonn! A Saachen Dämmung an Isolatioun maachen Holzfënsteren sou schnell kengem eppes fir: schonn 1 cm Holz isoléiert esou vill wéi 10 cm Zillen. Dowéinst sinn Holzfënsteren fir Passiv- an Niddregenergiehaiser perfekt gëeegent. Déi gutt Isolatiounswäerter maachen sech zum Schluss bei de Niewekäschten bzw. Heizkäschte bezuelt. Mat Holzfënstere spuert Dir soumat Suen!
- Holz suergt fir een agreabelt Raumklima a reguléiert d’Loftfiichtegkeet andeems et d’Fiichtegkeet ophëlt a bei ze dréchener Loft erëm ofgëtt. Dat schount d’Otemweeër a senkt d’Gefor vu Schläimhautreizungen. Zousätzlech vermeit dës Eegenschaft vum Holz och de Schëmmel un de Wänn. Grad do wou d’Bausubstanz loftdicht isoléiert ass, schaaft eng héich Loftfiichtegkeet ideal Liewensbedingungen fir Schimmelpilz. Déi ausgläichend Wierkung vun Holz gëtt doduerch zum richtege Pluspunkt géigeniwwer vun anere Matièren.
- Holz ass flexibel: duerch déi breet Palette vun asetzbare Profiller an Holzarten, souwéi déi quasi onendlech Villfalt u Faarwen, Lasuren a Lack, léisst sech bal all Wonsch erfëllen. A nëmmen Holzfënsteren hunn de Virdeel, dass ee si faarflech verännere kann. Nei Ariichtung? Neie Goût? Kee Problem – en neien Ustrach geet duer an Är Holzfënsteren gesinn och no Joren ouni grousse Käschtenopwand erëm wéi nei aus. Ausserdeem kënnt Dir bannen eng aner Faarf wielen wéi baussen.
- Holzfënsteren sinn zäitlos an iwwerall asetzbar: si passen zu alle Bauarten an Architekturkonzepter – egal op moderne Neibau, klassescht Härenhaus oder denkmalgeschützte Gebai. Grad beim Denkmalschutz mussen déi benotzte Baustoffer den historesche Matièren entspriechen. PVC- oder Aluminiumsfënsteren kënnen d’Krittären vun enger historescher Holzfënster net erfëllen.
- Holzfënstere sinn esou fleegeliicht wéi nach ni: modern Holzfënsteren hunn sech extrem weiderentwéckelt an erfuerderen net méi Opwand ewéi aner Fënsteren. Si sinn zu fleegeliichten, wäertbestännege Miwwelstécker ginn, déi vill Joren funktionell a schéi bleiwen. An duerch d’Kombinatioun mat Aluminiumschuele baussen ass de Wartungs- a Fleegeopwand nach méi geréng.
- Holzfënstere sinn einfach méi schéin: Holz huet Charakter a Stil – egal op a klassescher Eleganz oder moderne Faarftéin. Holz vermëttelt Wäermt a Komfort an dréit zum Wuelbefannen bäi. Dat leit un der wonnerbarer Optik an u physikaleschen Eegenschaften, déi mir deels just onbewosst wouer huelen. Wichtege Krittär hei ass d’Wäermeleedung: Objeten mat enger kaler Uewerfläch ginn als onangeneem empfonnt am Géigesaz zu deenen, wou d’Temperatur vun der Uewerfläch déi vun engem Mënsch entsprécht. Fënsteren aus Holz erfëllen dës Uspréch däitlech besser wéi aner Matièren.
Hu mir Iech iwwerzeegt? Da frot nach haut Ären Devis fir Holz oder Holz-Aluminium Fënsteren un.