Dat neit Bürosgebai vu Union Investment um Findel, mat enger super Vue direkt op de Flughafen.
Verbaut goufen: 279 Holz-Alu Fënsteren, 278 Asazfënstere fir Posten-Rigel-Konstruktiounen, 172 Posten-Rigel Fassaden an – dat extrem Besonnescht un dësem Projet – 32 ronn Posten-Rigel Fassaden, wat fir eis eng Première ass. Dat Ganzt ob insgesamt 3162 m². Dobäi kommen nach 267 Raffstore-Anlage souwéi 739m² Alu-Fassad.
Och bei dësem Projet koum eise Camion mat Kran an den Asaz fir déi eenzel Elementer ob déi richteg Plaz ze hiewen.
D’Montage ass a verschidden Etappen ausgefouert ginn an huet insgesamt iwwert ee Joer gedauert.
Mir fannen, datt dëse Projet méi wéi gelongen ass. Wat mengt Dir?
Weider Fotoen zu dësem Projet fannt dir hei.