Skip to content Skip to footer

Richteg lëften

Richtegt Lëften heescht méi gesond ze wunnen a méi spuersam ze heizen! 

Fir d’Optauche vu Kondens bannen un de Fënsterscheiwen, fiichte Wunnraim, Stock- oder Schimmelflecken asw. ze verhënneren, beuecht w.e.g. folgend Tipps:

■ Moies all Raum ca. 20 bis 30 Minutten lëften

■ Je no Benotzem, och dagsiwwer d’Raim 3-4 mol jeweils fir ca. 15 Minutte lëften

■ Well eng Kipp-Positioun vun de Fënsteren net duer geet fir eng wirkungsvoll Lëftung, sollen d’Fënsteren w.e.g. grouss opgemaach ginn. Wärend dëser Zäit d’Heizou ausdréien

Ass bei Iech – aus Schallschutz- oder Sécherheetsgrënn – eng Stousslëftung net méiglech, kontaktéiert Äre Fachmann. Vun deem erhaalt Dir Informatiounen, mat wéienge Systemer och an dëse Fäll eng ausraichend Lëftung ëmzesetzen ass. 

Bei den haitegen Liewensgewunnechten ass eng Stousslëftung oft net méiglech. Genausou bei de modernen héich wärmegedämmten Haiser. An deene Fäll muss den Architekt oder ee Fachbetrib ugeschwat ginn, fir datt eng energiespuerend Léisung fir eng kontrolléiert Lëftungs-Ariichtung ausgeschafft gëtt. Déi suergt fir Wärmedämmung an ee gesond Wunnklima.

Bei Froen stinn Iech eis kompetent Berooder gären zur Verfügung.

 

schiebetuer-holz-weiss-lackiert-parallel-abstell-schiebe-element
This Pop-up Is Included in the Theme
Best Choice for Creatives
Purchase Now