Am Juni 2021 hu mir déi éischte Kéier iwwert de Projet « Domaine Claude Bentz » zu Réimech bericht. Ee Projet deen an Zesummenaarbecht mat der Firma Prefalux an dem Architektebüro Studio Jil Bentz realiséiert gouff.
Elo baal ee Joer méi spéit ass dee flotte Projet fäerdeg an den 1. Juni 2022 gouff dat neit modernt an architektonescht Gebai vum Domaine Claude Bentz agewéit.
All Informatiounen iwwert den Domaine Claude Bentz an dat neit Gebai fannt Dir op hirem Site: www.bentz.lu.
Wat dëse Projet fir eis esou besonnesch mecht?
Déi aussergewéinlech grouss Hebe-Schiebe-Dier aus Holz: Mat senge méi wéi 10 Meter Breet a knapp 2,60 Meter Héicht, gehéiert dëst Element zu deene gréissten déi mir bis elo produzéiert a montéiert hunn.
Zousätzlech zu dëser extra grousser Hebe-Schiebe-Dier hu mir och nach ganz speziell Fënsteren agebaut. Insgesamt 12 dräieckeg Fënsteren a Rauteform komplett aus Holz – Modell Nostalgie Classic IV92 am Eechenholz.
Weider Fotoen zu dësem besonnesche Projet fannt Dir hei.