De Projet « Union Investment » – ee neit Bürosgebai um Findel, dee mir fir eise Client Félix Giorgetti Sàrl realiséiert hunn, ass fir eis ee ganz Besonneschen.
Digitaliséierung gëtt bei OST säit e puer Joer konsequent ëmgesat.
Vun der Demande vum Client bis hin zu der Produktioun, praktesch alles funktionéiert digital an ouni Pabeier.
Ee weidere flotte Projet dee mir fir eise Client Sopi Concept realiséiert hunn: Renovatioun vun der “Maison Pundel” an dem Paschtoueschhaus zu Wuermer.
Ee ganz interessanten Artikel am Journal doriwwer wéi OST d’Situation vum Lockdown materliewt huet. Liest selwer!
Eng belsch-lëtzebuergesch Partnerschaft tëscht den zwee Fënsterhiersteller Châssis Hanin an OST-Fenster S.A. an hiren éischte gemeinsame Projet.
Eng grouss Flexibilitéit an een ëmweltfrëndlecht Produktiounsverfueren sinn d’Kennzeeche vun der neier Lackéieranlag vun OST. Déi d’läscht Joer vun der Firma Range und Heine installéiert ginn ass. De kompletten Artikel dozou gëtt et hei. Liest selwer!
Um Chantier Westbay zu Stroossen – Neibau vu 4 Residenzen – ginn ënnert anerem eng Partie grouss Hebe-Schiebe-Elementer aus Holz-Aluminium montéiert. A fir déi all direkt bei déi richteg Ëffnungen ze kréien, ass eise Camion mam Kran am Asaz. Mir hunn dat Ganzt gefilmt a si begeeschtert dovun! An Dir?